Haaptsäit/WDS-Archiv 365

Dëst sinn d'Wësst Der schonn ...?-Teaseren, déi a Schablounen agebonne sinn, sou datt all Dag uewen en neie stoe kënnt.

Hei sinn all d'Teasere beieneen. Fir s'esou ze gesinn, wéi s'op der Haaptsäit gewise ginn, kuckt hei a sicht Iech den Dag eraus.

Gerued Joren änneren

Januar änneren

 
One Penny Black
  • ... d'Erfindung vum Timber et mat sech bruecht huet, datt net méi deen, deen e Bréif kritt, mä deen, deen e fortschéckt, de Porto huet misse bezuelen?
 
Mathias Hardt
  • ... de Mathias Hardt (1809-1877) mat sengem Vocalismus der Sauermundart (1834) déi éischt wëssenschaftlech Beschreiwung vum Lëtzebuergesche gemaach huet?
 
 
Questionnaire Personenstandsaufnahme
 
  • ... de Mill Ends Park mat 0,292 m2 dee klengste Park vun der Welt ass?
 
Minoesch Fresk zu Knossos
 
 
Krispines
 
  • ... op de Fënstere vun der Kierch Zowaasch verschidde Memberen aus der Grofefamill Saintignon an aner Stëfter vun der Kierch als Helleger duergestallt sinn?
 
  • ... d'Kar keng klassesch Fruuchtzort ass, déi et schonn an der Antiquitéit gouf, mä villméi eréischt virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessefelder vu Klengasien opkoum, wou et da mat rekoltéiert gouf?
  • ... den Tevita Momoedonu aus Fidschi alt the Five Minute Prime Minister genannt gëtt, well en 2000 zweemol (wärend e puer Minutten) an 2001 (wärend zwéin Deeg) Premierminister war?
 
 
  • ... de Krater vun Derweze an Turkmenistan zanter 1971 am Gaang ass ze brennen, an dowéinst vun de Leit vun do den Numm Paart vun der Häll krut?
 
  • ... d'Luxemburger Wort déi eelst lëtzebuergesch Dageszeitung ass, déi ouni Ënnerbriechung bis haut existéiert?
 
 
 
 
  • … et iwwer 30 Joer no Wien a München och an der lëtzebuergescher Konschtszeen zu enger Sezessioun koum, déi der moderner Molerei zum Duerchbroch verhollef huet?
 
Cap Vert
  • ... d'Land Cap Vert säin Numm vun engem Kap 500 km wäit ewech zu Dakar am Senegal huet, dat den Inselen hiren Numm ginn huet?
 
  • ... et bei der Lëtzebuerg-Kris 1867 drëms goung, datt Lëtzebuerg u Frankräich verkaf sollt ginn?
 
 
Wope vu Lëtzebuerg
  • ... dem Wope vu Lëtzebuerg seng Originnen an de Wope vum mëttelalterlechen Haus Lëtzebuerg huet, an op den Henri V. (1136-1196) zeréckgeet?
  • ... de lëtzebuergesche Journalist an Dokumentarfilmmécher Gordian Troeller (1917-2003) 1992 den Adolf-Grimme-Präis fir säi Liewenswierk krut?
 
 
Telstar
  • ... wéinst der Technikbegeeschterung an den 1960er Joren e lëtzebuergsche Basketballveräin, de BBC Telstar Hesper, nom Kommunikatiounssatellit Telstar genannt gi war?
 
Pingoen
  • ... e Pingo eng Knupp oder en Hiwwel ass, deen am Permafraschtbuedem ze fannen ass, an aus engem Kär vun Äis besteet, iwwer deem sech de Buedem wëlleft?
 
  • ... bei der Renovéierung vum Goteschen Haus zu Iechternach de Giewel nëmmen do stoe gelooss gouf, wou z'erkenne war, wéi d'Haus uersprénglech war?
 
Buerg Malbrouck

Februar änneren

 
  • ... den Thomas Chippendale (1718-1779) en englesche Konscht- a Miwwelschräiner war, no dem den Chippendale-Stil benannt ass?
 
Codex Mariendalensis
 
Soyuz-Rakéit zu Baikonur
  • ... d'Sowjetunioun, fir de Westen an d'Ier ze féieren, hire Kosmodrom bei Tjuratam no der Uertschaft Baikonur genannt huet, déi iwwer 300 km vun do ewechlouch?
 
 
 
 
  • ... de Lëtzebuerger René Arend d'Chicken McNuggets an de McRib, zwéi McDonald's Produiten, kreéiert huet?
 
 
  • ... de 50-Eurobilljee deen am meeschte gebrauchte Geldschäin an der Eurozon ass? Den 1. Januar 2018 waren 9.826.239.828 Exemplairen dovun am Ëmlaf. Duerno kommen dee vun 20 an dee vun 10 Euro.
 
Adler Duelem
 
Fändel vu Moresnet
  • ... Neutral-Moresnet tëscht 1815 an 1919 en neutralen Territoire war, eng 65 km nërdlech vu Lëtzebuerg, well Preisen op der enger Säit, Holland an duerno d'Belsch op der anerer, sech net eens goufe wien e kréich?
  • ... de Vincent Wiesenbach (1880-1911), den éischte Lëtzebuerger mat engem Piloteschäin, 1911 mat sengem selwer gebaute Fliger déidlech verongléckt ass?
 
  • ... de Groussherzogleche Palais an der Mëtt vum 19. Joerhonnert eng Zort administrativen Allzweckbau war, wou nieft dem Kinnek-Groussherzog oder sengem Statthalter, déi do periodesch residéiert hunn, d'Regierung, d'Parlament, a vun 1858 un, de Staatsrot hire Sëtz haten, an och nach eng archeologesch Sammlung dran ënnerbruecht war?
  • ... et beim lëtzebuergesche Schoulgesetz vun 1912 zu engem gudden Deel drëm goung, d'Muecht vun der Kathoulescher Kierch an de Primärschoulen anzeschränken, wat déi Jore virdrun zu heftegen Ausernanersetzungen tëscht Lénks- a Rietsparteie gefouert hat?
 
 
  • ... ee Konschtstéck vum lëtzebuergesche Kraaftmënsch John Grün (1868-1912) dora bestoung, 2 Päerd mat 2 erwuessene Reider drop an d'Luucht ze hiewen?
 
Luxemburgerli
 
 
 
  • ... den Ieselsfouss, eng Fréijoersplanz, och Fils avant le père genannt gëtt, well d'Bléi virun de Blieder erauskënnt?
 
  • … et vum fréiere Gauleiter Gustav Simon sengem Doud eng "offiziell" an eng "inoffiziell" Versioun gëtt?
 
 
Lexicon der Luxemburger Umgangsspraache
 
 
Schweedesche Kalenner vum Februar 1712

Mäerz änneren

Abrëll änneren

  • ... d'Drëttel-Reegel an der Fotografie dora besteet, datt de 'Bléckfank' vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?
  • … am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?
  • ... de Péiterséileginselkonflikt e Grenzkonflikt tëscht Spuenien a Marokko war, deen ausgebrach ass, wéi am Juli 2002 marokkanesch Truppen op der Péiterséileginsel u Land gaange sinn?
  • ... déi zwéin Detektiven an Dem Tintin senge Geschichten, am Original Dupont et Dupond, an de lëtzebuergeschen Iwersetzunge Biwer a Biver heeschen?
  • ... den Amazonas seng Quell 190 km vum Pazifik ewech huet, mä da méi wéi 6000 km queesch duerch Südamerika leeft, fir dann an den Atlantik ze lafen?
  • ... d'Doudesstrof zu Lëtzebuerg fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert gouf, 1979 per Gesetz ofgeschaaft gouf an 1999 an der Verfassung festgehale gouf, datt se net méi agefouert kéint ginn?
  • Baarle-Hertog, eng belsch Gemeng, ë. a. aus 20 Exklave besteet, déi an Holland leien, an deenen hirersäits 7 hollännesch Enklave sinn?
  • ... d'Loschbur-Fra eng 1000 Joer méi al ass wéi de Loschbur-Mann?
  • ... den Émile Servais (1847-1928) den 9. Januar 1919 zum President vun der Republik Lëtzebuerg designéiert gi war, ier den Dag drop franséisch Truppen dem republikaneschen Opstand en Enn gemaach hunn?
  • ... de Jarosław Kaczyński 2006-2007 polnesche Premierminister ënner dem Staatspresident Lech Kaczyński, sengem eeneeëgen Zwillingsbrudder, war?

Mee änneren

  • ... dat eelst Spidol zu Esch-Uelzecht d'Metze Spidol war, dat 1878 vun de Bedreiwer vun der Metze Schmelz als e Spidol fir hir Aarbechter gebaut gouf?
  • ... d'Plakeg Maulefsraten (Heterocephalus glaber) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert?
  • ... "Ketty Maus" den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche Päss gebraucht gëtt?
  • ... dat gréisst Knabberdéier, d'Capybara, bis zu 1,20 m grouss ka ginn?
  • … am Karni-Mata-Tempel zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt?
  • ... d'Bisamrat keng Rat ass, mä villméi zu de Wullmais (Arvicolinae) gehéiert, vun deene se de gréisste Vertrieder ass?
  • ... D'Ro'd Wullmaus eng lëtzebuergesch Schülerzeitung aus de Joren 1969-1973 war, déi wéinst hiren antiautoritären Texter a Karikaturen och alt de Prozess gemaach krut?
  • ... d'Zuel vun de Supermarchéën zu Lëtzebuerg tëscht 1996 an 2016 vun 42 op 106 eropgaangen ass?
  • ...Rio de Janeiro iertemlech no engem "Januar-Floss" genannt gouf, deen et awer net gëtt?
  • ... den 18. Mee 1975 ronn 12.000 jonk Leit zu Lëtzebuerg op ee Coup groussjäreg goufen, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf?
  • ... dem belsche Kënschtler Paul Van Hoeydonck säi Fallen Astronaut dat eenzegt Konschtwierk ass, dat bis ewell um Äerdmound installéiert gouf?
  • ... Bréissel a Paräis hiren Urspronk un de Meandere vun zwéin homophone Flëss hunn?
  • ... Lëtzebuerg (via RTL) tëscht 1956 an 1993 am Ganze siwenandrëssegmol beim Eurovision Song Contest matgemaach huet an dëse fënnefmol gewonnen huet?
  • … de Meuse-Musel-Kanal e Projet aus den 1820er Jore war, deen, queesch duerch d'Ardennen, Léck hätt solle mat Waasserbëlleg verbannen, an deen zwar ugefaangen, awer ni fäerdeg gemaach gouf?
  • ... d'Bäerbelekierch zu Crusnes déi eenzeg Kierch a Frankräich ass, déi ganz aus Eise gebaut ass?
  • … de Prix Grand-Duc Adolphe e Konschtpräis ass, deen zu Lëtzebuerg zanter 1902 all zwee Joer (virun 1995: meeschtens all Joer) un een oder méi Kënschtler vergi gëtt, déi um Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) ausgestallt hunn?
  • ...de Félix Thyes (1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?
  • ... d'Lidd Bella Ciao ursprénglech iwwer dat schwéiert Liewe vu Räis-Baierinnen am Piemont erzielt, déi ënner hirem strenge Patron ze leiden haten, méi spéit awer an en antifaschistescht Partisane-Lidd ëmgedicht gouf?
  • … d'Helen Buchholtz (1877-1953), eng lëtzebuergesch Komponistin, bei hirem Doud iwwer 200 Noutemanuskripter vu Kompositiounen hannerlooss huet?
  • ... d'Staatlech Pressehëllef, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, sech am Joer 2018 op eng 8,16 Milliounen Euro belaf huet?
  • ... zu San Marino d'Amt vum Staatschef vun zwou Persounen ausgeübt gëtt, déi all 6 Méint änneren?

Juni änneren

  • … um Mosaik vu Viichten, dat 1994 entdeckt gouf, an dat géint d'Joer 240 geluecht gouf, den Homer mat den Néng Musen ze gesinn ass?
  • ... de Johannes Mylius vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?
  • ... op der Nordsäit vun der Pyramid vum Kukulcán, wärend der Equinoxe, de Schiet esou op d'Säitemauer vun der Trap fält, datt et ausgesäit wéi wann do eng riseg Schlaang erofkrauche géif?
  • … d'Regierung Mongenast zu Lëtzebuerg just 25 Deeg, vum 12. Oktober bis de 6. November 1915 am Amt war?
  • ... Kraków (Krakau) vun 1038 bis 1609 d'Haapt- a Kinneksstad vu Polen war?
  • …den Étienne Lenoir (1822-1900) 1860 deen éischte brauchbare Gasmotor an 1863 dat éischt Stroossegefier, dat domat ugedriwwe gouf, gebaut huet?
  • ... "Luxemburg" gläich dräi Uertschaften an de Vereenegte Staaten heeschen?
  • ... d'Tranchée de Caster an der Belsch e 65 Meter déiwen Aschnëtt an d'Montagne Saint-Pierre ass, déi tëscht 1930 an 1933 fir den Albertkanal ugeluecht gouf?
  • ... d'Kierchtierm vun der 1858 gebauter Kierch St. Alphonse ("Paterekierch") an der Stad Lëtzebuerg, sou niddreg sinn, well se no bei der Festungsmauer stoungen a soss eng giedeleg Zilscheif gi wieren, wa se méi héich gewiescht wieren?
  • ... den Asteroid (255019) Fleurmaxwell no der Lëtzebuerger Äiskonschtleeferin Fleur Maxwell benannt gouf?

Juli änneren

  • ... déi kasachesch Haaptstad bannent manner wéi 7 Joerzéngte sechsmol den Numm gewiesselt huet?
  • ... de lëtzebuergesche Metallurg William J. Kroll (1889 - 1973) ë. a. deen no him genannte "Kroll-Prozess" entdeckt huet, deen et erméiglecht, Titan industriell ze produzéieren?
  • ... d'Husumer Protestschwäin eng rout-wäiss-rout gesträift Schwéngsrass ass, déi uganks vum 20. Jh. vun den Dänen an Nordfriesland geziicht gouf, fir dergéint ze protestéieren, datt se net den dänesche Fändel hunn däerfen eraushänken?
  • ... deen éischte Long métrage op Lëtzebuergesch Wat huet e gesot? geheescht huet, an 1981 doruechter gewise gouf?
  • ... d'Uertschaft 'Gréiwels fréier Nei-Brasilien housch, well sech do am Joer 1828, op den deemolege Gemengegrenze vu Groussbus, Heischent a Wal, Leit néiergelooss hunn, déi alles verkaaft haten, fir a Brasilien auszewanderen, do awer ni ukomm sinn a veraarmt op Lëtzebuerg zeréckkoumen?
  • ... de Victor Tedesco (1821-1897) aus der Stad Lëtzebuerg an der Belsch wéinst Opruff zur Revolutioun zum Doud verurteelt gouf, spéider awer Affekot, Gemengerot a Provënzialrot zu Arel war?
  • ... de Lake Luxembourg a Pennsylvania säin Numm krut, well d'Groussherzogin Charlotte an hirem Exil wärend dem Zweete Weltkrich do en Terrain kaf hat?
  • ... den Zolwerknapp en Zeiebierg ass; d. h. en Hiwwel, deen op senger Kopp Reschter vun enger méi haarder Gestengsschicht huet, wéi déi ronderëm, déi erodéiert ass?
  • ... d'Gemeng Wëntger 2019 déi lescht Gemeng zu Lëtzebuerg war, déi Stroossennimm agefouert huet?
  • … de lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungsreesende Guillaume Capus (1857-1939) annerhallwe Mount am Norde vum Afghanistan vun engem Stamm festgehale gi war, an eréischt op Interventioun vum Vizekinnek vun Indie fräikomm ass?
  • ... den Zoo vun Antwerpen schonn 1843 gegrënnt gouf, an haut iwwer 5.000 Déieren huet, déi sech op 900 Aarte verdeelen?
  • ... de Charles Metz (1799-1853) Deputéierten souwuel an der Belscher wéi och an der Lëtzebuerger Chamber war?
  • ... zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnëss e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?
  • … de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
  • ... op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?
  • … d'Fro vum Sëtz vun den Europäeschen Institutioune bal 40 Joer laang ëmmer nees diskutéiert gouf, bis eng Kompromëssléisung fonnt gouf?
  • … zu Keel op der Léiffrächen Enn 1947 dräi Kanner mysteriéis Marienerscheinunge solle gehat hunn, wat deemools Dausende vu Virwëtzegen ugelackelt huet?
  • ... dat eelst Dokument am Besëtz vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik en handgeschriwwent Stéck aus engem Gebietsbuch aus dem 8 Joerhonnert ass, dat de Willibrord vum Poopst geschenkt krut?
  • ... et 1982 am Simbabwe e Gesetz gouf, dat et verbueden huet, de Geck mam President Canaan Banana sengem Familljennumm ze maachen?
  • … de Codex Aureus Epternacensis, d'Gëllen Evangeliebuch vun Iechternach (entstanen 1030-1050), 1955 zu Verkaf stoung, mä de Lëtzebuerger Staat en deemools net kafe wollt oder konnt, an en sou an de Germanische Nationalmuseum zu Nürnberg koum, wou en haut nach ass?
  • ... nom Groussherzog Henri senger Mamm schonn zu Liefzäiten eng Bréisseler Metrosstatioun genannt gouf?
  • ... d'Brubbel zu Wallenborn deen eenzege Kalwaassergeysir an Däitschland ass, an all déck hallef Stonn Schwiefelgaser ausstéisst?
  • ... de Jacques Leurs bekannt dofir ass, deen éischte Lëtzebuerger mat schwaarzer Hautfaarf gewiescht ze sinn?
  • ... de Bäitrëttstraité vu Rumänien a Bulgarien zu der EU 2005 an der Abtei Neimënster ënnerschriwwe gouf?
  • … de Paul Lauterbur (1929-2007), Nobelpräisdréier fir Medezin 2003, lëtzebuergesch Urgrousselteren hat?
  • ... en Dag op der Venus méi laang dauert wéi e Venus-Joer? Se brauch knapps 225 Äerd-Deeg fir en Ëmlaf ëm d'Sonn, mä hirer 243 fir eng Rotatioun ëm hir eegen Achs.
  • ... de Bernard Molitor (1755-1833) e lëtzebuergesche Konschtschräiner war, dee sech zu Paräis en Numm gemaach hat, an zäitweileg Fournisseur de la Cour impériale war?
  • ... Luxembourgit e Mineral ass, dat zu Lëtzebuerg entdeckt gouf?
  • ... mat "Mutz vum Monomach", engem russesche Kascht a Form vun der traditioneller Kroun vun de Groussfürsten an den éischten Zaren, souwuel eng Fleesch-Mayonnaise-Zalot wéi och e Friichtekuch gemengt ka sinn?
  • ... de Magnum bullarium romanum, eng vun de véier grousse Kollektioune vun de Peepst hire Bullen (Ordenanzen) an der Kierchegeschicht, déi vu 1727 u beim Stater Libraire an Editeur André Chevalier erauskoum, dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht war?
  • ... Ashcan (d. h. Dreckskëscht) de Codenumm fir en alliéiert Gefaangelager zu Bad Munneref am Palace-Hôtel war, an deem am Summer 1945 all déi bis dohi gefaangen héichrangeg Nazien an däitsch Militär souzen, fir verhéiert ze ginn?

August änneren

  • ... dem United States Copyright Office no Afeselfien net dem Auteursrecht ënnerleien?
  • ... vun der 1. Oplo vum Michel Rodange sengem Renert no 30 Joer just 313 Exemplairë verkaaft gi waren?
  • … 1946 an der franséischer Regierung vum Georges Bidault gläich zwéi Regierungsmembere waren, déi zu Lëtzebuerg gebuer waren, nämlech d'Andrée Viénot an de Robert Schuman?
  • … d'Musel viru laanger Zäit an d'Meuse gelaf ass, an an deem Bett wou se haut leeft d'Meurthe gelaf ass?
  • ... den Dollar säin Numm vun der Uertschaft Sankt Joachimsthal hier huet, déi haut Jáchymov heescht?
  • ... de Lëtzebuerger Nationalfeierdag 1840 zweemol gefeiert gouf?
  • ... d'Traditioun, d'Bierger an d'Krateren um Mound no bekannten Astronomen a Wëssenschaftler ze nennen, vum Francesco Maria Grimaldi (1618-1663) agefouert gouf?
  • … de Barrage Esch-Sauer, deen tëscht 1955 an 1957 gebaut gouf, um Fouss 4,5 m déck ass an 1,5 un der Kroun, an datt d'Staumauer 168 m laang ass?
  • … am Joer 1811 zu Lëtzebuerg 66 Gierwereie bestanen hunn, an datt d'Haaptclienten dovu laang d'Arméie waren, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren?
  • ... den Tour de France zanter 1947 bis ewell néngmol duerch Lëtzebuerg goung?

September änneren

  • … den Henri Tudor (1859-1928), deen deen éischte brauchbare Bläiakkumulator erfonnt huet, u Bläivergëftung gestuerwen ass?
  • … d'Dreckswiss en Naturschutzgebitt an de Gemenge Käerjeng a Suessem ass, dat 71 ha Fiichtgebitt ëm d'Kuer ëmfaasst?
  • ... dem Alfred Hitchcock säi Film Rope esou opgeholl gouf, wéi wann en aus enger eenzeger Astellung bestoe géif?
  • ... vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm vun der Iechternacher Stadmauer der 5 erhale sinn an a Wunnengen ëmgebaut goufen?
  • ... den Ötzi iwwer 5000 Joer no sengem Doud e klengen diplomatesche Sträit tëscht Éisträich an Italien ausgeléist huet?
  • Ronnschwanzséikéi (Trichechidae, och "Manati" genannt) dacks ronderëm Elektrizitéitswierker ze fanne sinn, well do d'Waasser méi waarm ass, a se mëttlerweil ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt gi sinn, an opgehalen hunn, a méi waarm Gewässer ze wanderen?
  • ... de belsche Kinnek Baudouin am Abrëll 1990 fir 36 Stonnen als net am Stand, ze regéieren erkläert gouf?
  • ... nodeem dem Minettstram säi Betrib den 22. September 1956 agestallt gi war, ee Bäiwon vum Tram eng Zäit duerno nach als Büro fir déi theoreetesch Führerschäiprüfung benotzt ginn ass?
  • … d'Draperies de Luxembourg am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn, an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?
  • ... d'Désirée Nosbusch scho mat 12 Joer Radiosemissiounen a mat 15 Joer Tëleesemissiounen an däitscher Sprooch moderéiert huet?
  • ... d'Luxemburger Zeitung tëscht 1902 an 1940 zweemol am Dag eng nei Editioun erausbruecht huet?
  • ... de lëtzebuergesche Moler Jean Jacoby (1891-1936) zweemol, 1924 an 1928, d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen huet?
  • ... Halloween op e Karschnatz- an Neijoerschfest vun de Kelten zeréckgeet?
  • ... de Ras-Täfäri de 25. Mee 1924 op offizieller Visite zu Lëtzebuerg war?
  • ... d'Kuer mat hiren Niewebaachen an d'Fooschtbaach am Éislek déi eenzeg Waasserleef zu Lëtzebuerg sinn, déi net zum Baseng vum Rhäin gehéieren, mä zu deem vun der Meuse?
  • ... 1895, an de Pionéierjore vum Telefon zu Lëtzebuerg, e Mikro um Musekskiosk op der Plëss d'Arem un de Reseau ugeschloss war, fir datt d'Postbeamten de Sonndesconcert an der Telefonszentral nolauschtere konnten?
  • ... Paraskavedekatriaphobie d'Angscht virum Freideg den Dräizéngten ass?
  • ... de Rubicon an der Belsch bei Remouchamps de längste schëffbaren ënnerierdesche Floss op der Welt ass?
  • ... "Kueb" an de spéiden 1970er Jore wéinst sengem Glach mat engem Villchen de Spëtznumm vun engem Bauprojet fir d'Europaparlament um Kierchbierg war, dee schlussendlech duerch e manner ambiziéisen ersat gouf, deen dann, trotz enger anerer Form, bis haut "Klenge Kueb" genannt gëtt?
  • ... d'N 3A mat nëmme knapps 50 m déi kierzt

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg ass?

Oktober änneren

November änneren

  • ...de Rapport iwwer e Leefer, deen d'Victoire an der Schluecht vu Marathon mat sengem leschten Otemzuch zu Athen soll verkënnegt hunn, eng Erfindung aus dem 4. Jh v. Chr. war?
  • ... den Habschter Tunnel, beim Ofschloss vun den Aarbechten 1879, dee längsten am Land war?
  • ... de Schwaarze Spiecht, dee virum Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
  • … de Jean-Baptiste Nothomb (1805-1881) ee vun de "Pappe" vun der Belscher Verfassung war?
  • ... de Puck 1877 vum William Fleet Robertson erfonnt gouf, andeems en einfach zwou Tranchë vun engem Vollgummisball uewen an ënnen ewechgeschnidden hat?
  • ... de Staatsarchitekt Charles Arendt 1900 proposéiert hat, um Glacis eng neigotesch Kathedral mat Plaz fir bis zu 3.000 Leit ze bauen?
  • ... een, fir ee Kilo Safran-Stempelen ze gewannen, 80.000 bis 150.000 Bléie brauch?
  • ... nach 100 Joer nom Doud vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau, him zu Éieren eng Eech am Gréngewald geplanzt gouf?
  • ... all Joers vun der Asbl natur&ëmwelt e "Vull vum Joer" ausgeruff gëtt, fir op eng bedreet Vullenaart zu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen?
  • ... de Spëtznumm "Chareli" vun der Vizinalbunn vun der Stad op Iechternach op de Virnumm vum Minister Charles Rischard zeréckgeet?

Dezember änneren

  • ... dem Geoffrey Chaucer säin allegorescht Gedicht The Parliament of Fowls dacks als Geleeënheetsgedicht fir d'Hochzäit vum Kinnek Richard II. mat der Anne vu Béimen gedeit gëtt?
  • ... bis 1952 den Napoleonsgaart, dono bis 1997 d'Buergplaz zu Huldang, an zanterhier Op Kneiff als déi héchste Plaz zu Lëtzebuerg gëllt?
  • ... d'Gemeng Ierpeldeng op der Sauer aus dräi Sektioune besteet, wouvun eng am Éislek, eng am Guttland an déi drëtt op der Grenz vun den zwou Regioune läit?
  • ... den Zockerbäcker Nicolas Namur, ier e säi Betrib an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt huet, 1854 bis 1861 Pâtissier a Kalifornien war?
  • ... den 1900 gebaute Liichttuerm Rubjerg Knude Fyr an Dänemark 2019 eng 70 Meter an d'Hannerland geréckelt gouf, fir datt en net an d'Mier soll falen?
  • ... de lëtzebuergeschen Entreprener Théodore Pescatore (1871-1931) schonn 1904 eng Firma (L'Auto mixte) gegrënnt huet, fir Hybrid-Gefierer ze bauen?
  • ... Klierf, den Houwald, Esch-Sauer an d'Kautebaach déi éischt Uertschaften zu Lëtzebuerg waren, déi eng Gemeinschaftsantenn haten an dat, nach ier et 1967 e Gesetz dofir gouf?
  • ... den Olympus Mons um Mars mat iwwer 22 km Héicht iwwer dem mëttlere Planéitenniveau a 26 km iwwer der Plateausdéift an engem Duerchmiesser vu bal 600 km deen héchsten a gréisste bekannte Bierg am Sonnesystem ass?
  • ... d'Haus Höcklin von Steinach um Krautmaart warscheinlech dat eelst Wunnhaus an der Stad Lëtzebuerg ass, dat nach erhalen ass?
  • … d'Zuel vun de Gemengen zu Lëtzebuerg tëscht de Joren 1830 an 1891 vun 120 op 130 eropgoung, fir dann nees, duerch Fusiounen, op déi aktuell 100 erofzefalen?
  • ... de Julien Lefèvre Lëtzebuerg 1936 op den olympesche Summerspiller als Sculpteur an op de Wanterspiller als (Ersatz-)Bobfuerer vertrueden huet?

Ongerued Joren änneren

Januar änneren

Februar änneren

Mäerz änneren

Abrëll änneren

Mee änneren

  • ... 2021 déi lescht 20 Telefonskabinnen zu Lëtzebuerg ewechgeholl goufen?
  • ... de Kierfecht Malakoff a Clausen deen eelste jiddesche Kierfecht zu Lëtzebuerg ass?
  • ... Uhuen a Gefaangenschaft bis zu 60 Joer al kënne ginn?
  • ... d'Lokomotiv CFL 5519 déi eenzeg Dampmaschinn vun den CFL ass, déi nach besteet?
  • ... d'Stroossbuerger Eeden déi eelst Charte ass, déi d'Trennung vum haitege frankophonen a germanophone Sproochraum bezeit?
  • ... obwuel an der Koffergrouf vu Stolzebuerg an der Zäit alt bis zu 5000 Tonne Kofferäerz am Joer ofgebaut goufen, dës ni richteg rentabel war, an dofir ëmmer nees de Proprietär gewiesselt huet?
  • ... de Batman, anescht wéi aner Superhelden, keng iwwernatierlech Kräften huet?
  • ... de Stadion um Thillebierg tëscht 1921 an 1922 vun de Memberen, Supporteren a Spiller vun de Red Boys gebaut gouf?
  • ... de Bierg Ararat, deen d'Nationalsymbol vun den Armeenier ass an um Wope vun Armenien drop ass, haut an der Tierkei läit?
  • ... am Sëtzungssall vum Hôtel des Terres Rouges (haut de Sëtz vum Kulturministère) véier Medaillone mat Zeenen aus der Stolindustrie an de Boiserien integréiert sinn?
  • ... d'Reichenbach-Waasserfäll am Kanton Bern, duerch den Arthur Conan Doyle international bekannt goufen, well do deem seng Romanfigur Sherlock Holmes an The Adventure of the Final Problem zesumme mat sengem Feind, dem Professer Moriarty, erofgefall ass?
  • ... am August 1792, wärend dem éischte Koalitiounskrich d'Haaptarméi vun den Alliéierten mat enger 40.000 Mann, zu Mutfert hiren Haaptquartéier opgeschloen huet?
  • ... de Sänger a Schauspiller Freddy Quinn, jee no Quellelag, an dräi verschiddenen Uertschafte gebuer ka sinn?
  • ... d'Gare Kautebaach vun 1888 zwéi verschidden Architekturstiler vereent - Schwäizer Chalet an italieenescht Landhaus - wat den éischte Bauhären no e Symbol fir d'Frëndschaft an d'Begéinung vun de Vëlker duerstelle soll?
  • ... Het Zinneke zu Bréissel als eng Zort kanine Pendant zum Jeanneke a Manneken Pis betruecht ka ginn?
  • ... Lëtzebuerg 1997 fir d'éischt Kéier mat Elles e Kandidat fir eng Nominéierung fir den Oscar agereecht huet?
  • ... de Geriichtshaff vun der CECA an den 1950er Jore säi Sëtz an der Stater Villa Vauban hat?
  • ... d'Fabréck vum Faarfpigment Falunrout, dat a Schweede wäitleefeg fir den Ustrach vu ländleche Gebaier gebraucht gëtt, 2001 vun der UNESCO op d'Weltierwelëscht gesat gouf?
  • ... deen éischte Gol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an engem offizielle Lännermatch den 29. Oktober 1911 vum Albert Elter geschoss gouf?
  • ... den Chile vun Norden no Süde 4.200 km laang ass, ma op der schmuelster Plaz just 90 km breet?
  • ... den Internationale Fraendag zu Lëtzebuerg eng éischt Kéier den 23. Mäerz 1929 gefeiert gouf?
  • ... de Fairchild K-20 Loftbildfotoapparat dee wichtegste Fotoapparat vun der US Air Force am Zweete Weltkrich war?
  • ... am Traité vun Iechternach Lëtzebuerg an d'Bundesland Rheinland-Pflaz 1974 d'Bewirtschaftung vum Waasser am Grenzgebitt vun deenen zwee Länner festgeluecht hunn?
  • ... den Zwergen- oder Zwakemythos op bronzezäitlech Biergleit zeréckgeet, déi sief et duerch hir Originnen, sief et duerch hir Aarbecht, méi kleng waren?
  • ... den Zwerg bei der Blummenauer am Parc de Gerlache d'Klack eng éischt Kéier beim Begriefnes vum Déifferdenger Buergermeeschter Mark gelaut huet?
  • ... d'Sonn e Gielen Zwerg ass?
  • ... den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwen Aart aus der Famill vun den Elefanten, seng Kierpergréisst am Laf vun de Jore reduzéiert huet, well op der Insel wou e gelieft huet, de Kascht limitéiert war?
  • ... Zwergstaaten an der Reegel eng Landfläch vun ënner 1.000 km² hunn?
  • ... vum Zwergplanéit Pluto ugeholl gouf, et wier e fréiere Mount vum Neptun, ier 1978 entdeckt gouf, datt de Pluto selwer 5 Mounden huet?
  • ... Li Tore, eng Skulptur vun 1880, nach haut am Folklor vun de Lécker Studenten eng wichteg Roll spill?
  • ... déi 1949 gegrënnte Goodyear S.A. zu Colmer-Bierg dat éischt Goodyear Wierk am kontinentalen Europa war an 1951 mat 300 Mataarbechter ugefaangen huet?

Juni änneren

Juli änneren

  • ... de Lëtzebuerg-Effekt, deen dora besteet, datt de Radiosprogramm vun engem Laang- oder Mëttelwellesender schwaach am Hannergrond vun engem anere Sender ze héieren ass, eng éischt Kéier uganks den 1930er Jore bei Radio Lëtzebuerg observéiert gouf?
  • ... d'Pragmatesch Sanktioun vum Keeser Karl VI. opgesat gouf, fir d'Ierffolleg no sengem Doud festzeleeën?
  • ... d'Serie Capitani op Netflix an alle Sproochen esou heescht, bis op Portugisesch, wou den Titel Os Segredos de Manscheid ass, an op Ongresch, wou e mat Gyilkosság Manscheidben iwwersat ass?
  • ... d'Kanaliséierung vun der Musel schonns 1794 eng éischt Kéier proposéiert gouf, et awer bis 1956 gedauert huet, bis et zu engem Staatsvertrag tëscht Frankräich, Lëtzebeurg an Däitschland koum, deen den Ausbau vu Koblenz bis op Diddenuewen festgehalen huet?
  • ... de Grégoire Schouppe, Abt vun der Abtei Iechternach, fir déi sëllege Bauaarbechte bekannt ass, déi e fir d'Abtei maache gelooss huet?
  • ... den "Éischten Europäesche Stol" am Fong kee Stol, mee Goss war?
  • ... vun deene véier Molchaarten, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, den nërdleche Kammmolch (Triturus cristatus déi seelenst ass?
  • ... Bouillon 1794 fir e puer Méint eng Republik war?
  • ... den Héichuewen C vun Esch-Belval 1996 ënner der Opsiicht vu chineeseschen Ingenieuren demontéiert, a Këschte verpaakt, a China bruecht an do nees opgeriicht gouf?
  • ... d'Haaptstad vu Malta no engem Groussmeeschter vum Souveräne Malteeseruerde genannt ass?
  • ...déi lëtzebuergesch Electropopband Hal Flavin et am Summer 2013 mam Lidd Trigger bis op d'Plaz 61 an de spuenesche Singlecharts gepackt huet?
  • ... d'Tulpen hir Wuerzele sproochlech an enger Kappbedeckung hunn?
  • ... den Déifferdenger Creative Hub 1535° no der Schmëlztemperatur vum Eise genannt gouf?
  • ... d'Rotswiesselkantat dat éischt Wierk vum Bach ass, dat gedréckt gouf?
  • ... d'Schrëftesteller-Bridder Nico a Guy Helminger allebéid schonns zweemol de Servais-Präis kruten?
  • ... een zu Paräis Wierker vum Picasso an egem "salzegen Hotel" bewonnere kann?
  • ... am Ettelbrécker Stadhaus op Glasmolereien Zeenen aus der Geschicht vun der Stad ze gesi sinn, wéi d'Feierkatastroph vu 1778, d'Ernennug zu enger Stad 1907, oder déi éischt Opféierung vun der Lëtzebuerger Nationalhymn Ons Heemecht?
  • ... eng Tajine souwuel e Kichegeschier wéi och, duerch Metonymie, d'Iesse selwer, wat dra gebrutscht gëtt, ass?
  • ... den Numm vum Roude Pëtz op e klengen Tiermchen aus rouden Zillen zeréckgeet, deen zu Festungszäite ronderëm de Pëtz stoung?
  • ... et am Musée vun der Buerg Guttenberg eng Holzbibliothéik aus dem Joer 1790 gëtt, an där ronn 100 Bam- an Trauschzorte versuergt ginn?
  • ... eng Klemm L25 am Joer 1946 deen éischte Flijer war, deen zu Lëtzebuerg offiziell immatrikuléiert gouf?
  • ... de Ganymed, dee Gréisste vun de Jupitermounden, méi grouss ass wéi de Planéit Merkur?
  • ... déi karminrout Faarf vun der Rouder Bréck erausgesicht gouf, fir déi harmonesch Linne vun der Bréck ervirzesträichen, absënns och bei schlechtem Wieder?
  • ... et am georgeschen Nationalepos Vep'his Tqaosani vum Šot'a Rust'aveli net kloer ass, ob de Wepchi-Pelz vun engem Tiger oder engem Panther ass?
  • ... de Sculpteur vum Hämmelsmarsch-Buer sech selwer an enger vun de Figure portraitéiert huet?
  • ... de geographeschen Zentrum vun der Belsch um Nil läit?
  • ... L'Arlequin, 1848 vum Charles Munchen gegrënnt, déi éischt satiresch Zäitschrëft zu Lëtzebuerg war?
  • ... de Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski (Сергей Михайлович Прокудин-Горский) en aussergewéinlech wichtege Pionéier vun der Faarffotografie war?
  • ... Sawah vum Adolf El Assal deen éischte Lëtzebuerger Film war, deen op Netflix ze gesi war?
  • ... ee bei Konter a Matt bekennen oder trompe muss?
  • ... d'Mauere vun der Kierch Saint-Julien vun Auderghem mat Hasteng aus der Wäisser Kaul vu Rëmeleng gebaut goufen?

August änneren

September änneren

Oktober änneren

  • ... op der Venus, anescht wéi bei den anere Planéite vu eisem Sonnesystem, d'Sonn am Westen opgeet an am Osten ënner?
  • ... zu Wolz eng Plack un deen US-Zaldot erënnert, deen am Wanter 1944 als Kleesche verkleet, de Kanner kleng Kaddoe gemaach huet?
  • ... de Bradypus variegatus aus der Familll vun den Dräifanger-Lidderhanessen (Bradypodidae), 15 bis 18 Stonnen am Dag mat schlofe verbréngt, a just all 8 Deeg vun de Beem erofklëmmt, dat, fir säin Daarm eidel ze maachen?
  • ... de Charel de Kéngen, Herzog vu Burgund, sech 1475 eng zwou Woche laang an der Buerg Zolwer opgehalen huet?
  • ... de Fluchhafe Kansai op enger kënschtlecher Insel an der Bucht vun Osaka gebaut gouf?
  • ... d'Aansebuerger Schlass op d'Wunnhaus vum Schmelzenhär Thomas Bidart zeréckgeet, deen an de 1620er Joren ë. a. zu Simmer en Héichuewe bedriwwen huet, fir Waffen ze produzéieren?
  • ... de Sënn an Zweck vun den Nazca-Linnen am Peru, honnerte vu schnouerriichte Linnen am Wüstebuedem, awer och Representatioune vun Déieren a Planzen, bis ewell net eendeiteg bestëmmt konnt ginn?
  • ... de Gallo-réimeschen Tempel zu Steesel fir eng Gottheet mam Numm Cerunincus opgeriicht gi war, iwwer déi soss näischt gewosst ass?
  • ... de Finneschen Nationaltheater (Suomen Kansallisteatteri) deen eelsten Theater a Finnland ass, an deem Stécker op Finnesch gespillt ginn?
  • ... deen éischte Geldautomat zu Lëtzebuerg am Mee 1982 op der Post, op der Stater Gare, a Betrib geholl gouf?
  • ... de Roque Cinchado, e 27 Meter héije Basalt-Monolith um Bierg Teide, op Teneriffa, a Spuenie wäit bekannt ass, well en ë. a. um fréieren 1000-Pesete-Schäin ze gesi war?
  • ... "Klengt Haus, Grouss Rou" de Sëtz vun der Dikrecher Gemengekeess ass?
  • ... Monaco, mat bal 16.000 Awunner pro km², deen dichtbesidelste Staat op der Welt ass?
  • ... de Kinnek Wëllem III. vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg de Spëtznumm Koning Gorilla kritt hat?
  • ... de Guggenheim-Effekt nom Guggenheim-Musée vu Bilbao genannt ass, an ausdréckt, wéi en ikonescht Gebai d'Zuel vu Visiteuren an enger Stad signifikant vergréissert?
  • ... de Maagbitter Buff op Basis vun engem Rezept aus dem 18. Joerhonnert vum Herman Boerhaave fabrizéiert gëtt?
  • ... den Dettifoss am Norde vun Island, der Waasserquantitéit no, dee gréisste Waasserfall an Europa ass?
  • ... d'Verkéiersluuchte fir de Stater Tram déi selwecht sinn, wéi déi fir d'Busser, mat zousätzleche Signaler, déi fir däitsch Trammen entwéckelt goufen?
  • ... bei den Nanduen ee Männchen d'Eeër vu bis zu 12 Weibercher mateneen ausbréit an sech dann ëm d'Opzuucht vun deene Jonke këmmert?
  • ... an der Fassad vum fréiere Kino Capitole an der Stad Wellen a Blëtzer mat de Wierder Vox a Lux ze gesi sinn, déi drop higewisen hunn, datt am Kino Tounfilmer gewise goufen?
  • ... d'Dreckskëschten a Frankräich nach haut nom Eugène Poubelle genannt ginn, deen se 1884 zu Paräis agefouert hat?
  • ... deen éischte Catenairespotto, deen den 18 Abrëll 1988 am Kader vun der Elektrifizéirung vun der Nordstreck opgeriicht gouf, an der Gare vu Luerenzweiler steet?
  • ... an engem Pavillon vum Nationalmusée vum Niger den originalen Arbre du Ténéré ausgestallt gëtt?
  • ... d'Donau an hirem Uewerlaf plazeweis an Buedem verschwënnt, fir 12 km méi wäit nees opzedauchen?
  • ... deen éischte Fluchhafen zu Lëtzebuerg zu Esch-Ulzecht um Flouer "Lankelz" war, an et do ë. a. eng Direktverbindung Esch-London gouf?
  • ... d'Mauer ronderëm den Domän vum Schlass vu Chambord mat 32 km Längt déi längst a Frankräich ass?
  • ... den Edward Hopper sech selwer als Modell fir déi dräi männlech Personagen op sengem Tableau Nighthawks geholl huet?
  • ... Kollumerpompsters an Hoogelandsters zwou vun den aacht Variante vum Gronengesch sinn?
  • ... d'Marie vu Lëtzebuerg Kinnigin vu Frankräich war?
  • ... um Widdebierg vun ufanks vum 19. Joerhonnert bis an d'1960er Jore souwuel Bau- a Paweesteng wéi och Sand ofgebaut gouf?
  • ... Japan dat eenzegt Land op der Welt ass, dat nach e Keeser als Staatschef huet?

November änneren

Dezember änneren

  • ... d'Papageien déi eenzeg Vullen-Uerdnung ass, déi hiert Friesse mat de Féiss festhalen?
  • ... RTL4 zwar en Televisiounssender op Hollännesch, awer keen hollännesche Sender ass?
  • ... als Seriemäerder gewéinlech eng Persoun bezeechent gëtt, déi mat zäitlechem Ofstand vu méi wéi 30 Deeg dräi oder méi Mënschen ëmbréngt?
  • ... den Héichpunkt vun de Louhecken zu Lëtzebuerg an der Mëtt vum 19. Joerhonnert louch, wéi wéinst der grousser Nofro no Eecheschuelen fir d'Gierwereien vill Bichebëscher mat Louhecken ersat goufen?
  • ... Lanzarote déi éischt Insel war, déi 1993 vun der UNESCO ganz als Biosphärereservat erkläert gouf?
  • ... den Tuerm um Napoleonsgaart, Belvédère genannt, 1928 vum Kadaster fir Triangulatiounsberechnungen opgeriicht gouf?
  • ... ee Panneau vum Genter Altor, deen 1934 gestuel gouf a bis haut net nees opgedaucht ass, an engem Roman vum Albert Camus eng net onwichteg Roll spillt?
  • ... Ausléiser vum Streik op der Déifferdenger Schmelz 1912 d'Aféierung vun enger obligatorescher Kotisatioun an d'Renten- an Invalidekeess war, déi vum Loun ofgehale gouf?
  • ... eng 100 Millioune Joer laang bal dat ganzt Festland vun der Äerd an enger eenzeger Landmass vereent war, déi Pangea genannt gëtt?
  • ... Pantone 032C an 299C zwéin Drëttel vum Lëtzebuerger Fändel ausmaachen?
  • ... een am Spueneschen Duerf (Poble Espanyol) zu Barcelona, dat 1929 fir d'Weltausstellung um Montjuïc gebaut gouf, déi charakteristesch Bauforme vun deenen eenzele spuenesche Regiounen am Detail nogestallt fënnt?
  • ... d'Garë vu Belval-Université a Pafendall-Kierchbierg Suedelgarë sinn?
  • ... de Laacher-Séi-Ausbroch viru ronn 13.000 Joer an der Äifel, e Vulkanausbroch mat an enger 40 Kilometer héijer Eruptiounssail, dee jéngsten Ausbroch vun der Äerdgeschicht a Mëtteleuropa war?
  • ... déi 7 Mann Besatzung, déi ëm d'Liewe koumen, wéi hiren ugeschossene Fliger am Abrëll 1943 bei Käerch erofgefall ass, an un déi e Monument erënnert, eréischt 10 Joer méi spéit un Hand vun enger Kap identifizéiert konnte ginn?
  • ... den Jack Lemmon, de Sean Penn, d'Juliette Binoche an d'Julianne Moore déi eenzeg Schauspiller sinn, déi de Präis fir dee beschte Schauspiller op den dräi Filmfestivalle vu Cannes, Venedeg a Berlin gewonnen hunn?
  • ... d'Figure ronderëm de Sockel vum John-Cockerill Monument op der Place du Luxembourg zu Ixelles - Elsene mat déi éischt realistesch Skulpture vun Aarbechter aus der Eisenindustrie an der Belsch sinn?
  • ... Ljuksemburg, Ljuksemburg den Titel vun engem Spillfilm vum ukrainesche Regsseur Antonio Lukich ass?
  • ... d'Monument Valley tëscht Utah an Arizona keen Nationalpark ass, ma Deel vun der Navajo Nation Reservation?
  • ... engem Spréchwuert no zu Bigelbaach d'Mëtt vun der Welt wier?
  • ... d'Gare du Nord zu Paräis déi Gare an Europa ass mat de meeschte Passagéier pro Dag?
  • ... d'Deisermillen aus engem System vu véier Mille bestanen huet, déi 1964 duerch en Äerdrutsch zerstéiert goufen?
  • ... wärend der Berliner Blockad 1948 iwwer eng Loftbréck deeglech eng 5.000 Tonne Liewensmëttel ageflu goufen?
  • ... et an de Kasematte vun der Redoute Marie en (zougespaarten) Zougank an d'Fondation Pescatore gëtt?
  • ...Titanic vum James Cameron deen éischte Film war, dee méi wéi eng Milliard Dollar an de Kinoen abruecht huet?
  • ... de Stroossennumm Leschte Steiwer op den Numm vun enger Wiertschaft zeréckgeet, wou d'Baueren aus den Nopeschgemengen um Heemwee hire leschte Su (Steiwer) fir e Patt ausginn hunn?
  • ... Échel an Äisbier bekannt Symboler vun Dijon sinn?
  • ... wéi de Wilwerdanger Tunnel 1889 a Betrib geholl gouf, eng Persoun agestallt gouf, där hir Aufgab et war, déi ronn 90 Kenkien Dag an Nuecht um liichten ze halen?
  • ... d'Sudoku-Spill schonns am 18. Joerhonnert ënner dem Numm Carré latin vum Mathematiker Leonhard Euler erfonnt gouf, ma eréischt am 21. Joerhonnert ënnert senger japanescher Bezeechnung weltwäit Succès krut?
  • ... d'Lëtzebuerger Ofkommes vun 1952 deen éischten internationale Vertrag ass, mat deem d'Bundesrepublik Däitschland d'Verantwortung fir de Vëlkermuerd un den europäesche Judden duerch dat nationalsozialistescht Däitschtland iwwerholl huet?
  • ... am Saarland zweeanenhalleft Joer nom Bäitrëtt zu der Bundesrepublik weider mat Franséische Frange bezuelt gouf?
  • ... et 1949 eng Herrenberg-Lift-Gesellschaft gouf, fir zu Dikrech eng Seelbunn op den Härebierg ze bauen, mee schonn 1950 decidéiert gouf, amplaz vun engem Ausfluchszil duer eng Kasär hin ze bauen?