En Homophon (vum Algriicheschen ὁμόφωνος (-ον) homóphōnos (-on) "wat zesummen téint, wat d'selwecht kléngt") ass e Wuert, dat d'selwecht ausgeschwat gëtt wéi en anert mat enger anerer Bedeitung oder anerer Schreifweis.

Beispiller am Lëtzebuergesche sinn:

  • aarm (Adjektiv) – Aarm (Kierperdeel)
  • bal (geschwënn, net ganz) – Bal (Fest)
  • ech ginn (fr: donner) – ech ginn (fr: devenir) – ech ginn (fr: aller)
  • hei (Prepositioun) – Hai (Déieregattung)
  • fir (fr.: pour) - vir (fr.: devant)
  • hunn (Hëllefsverb) – Hunn (Vull)
  • Koll (Pech) – Koll (um Hiem) - Koll (Steebroch)
  • mol (Prepositioun) – mol! (Verb) - Mol (widderholl Eenzelaktioun)
  • Mier (Gewässer) – Mier (weiblecht Päerd)
  • Bier (Déier) – Bier (Uebst/Fruucht)
  • Rand (Véi) – Rand (Bord)
  • wee[n] – Wee (Streckendeel)

Literatur änneren

  • Fischer, Walter: Englische Homophone. 3. Aufl. München: Hueber, 1970.
  • Raab, Alfred: Homophone der deutschen Sprache, Nürnberg: rab-Verlag, 1971.
  • Riehme, Joachim: Gleich gesprochen - verschieden geschrieben: zum Verwechseln ähnliche Wörter und ihre richtige Schreibung. 2. Aufl. Leipzig: Bibliographisches Institut, 1990. ISBN 3-323-00172-9