Assemblée parlementaire de la Francophonie

D'Assemblée parlementaire de la Francophonie (APF) ass eng interparlamentaresch Organisatioun mat 83 Sektiounen, déi sech alleguer aus franséischsproochege Regierungen oder interparlamentareschen Organisatiounen zesummesetzt. Se ass d'berodend Versammlung vun der Organisation internationale de la Francophonie (OIF).

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Organisation internationale de la francophonie.

D'APF setzt sech aktiv fir d'Promotioun vun der Demokratie, dem Rechtsstaat an de Rechter vun den Eenzelen am franséischsproochege Raum an. Se ënnerstëtzt och d'Entwécklung vum Franséischen an d'Promotioun vun der Diversitéit vun der kultureller Ausdrocksweis. Se ass eng Plattform fir Diskussiounen, fir Virschléi a fir en Informatiounsaustausch iwwer all Sujeten déi hir Memberen interesséieren. Se realiséiert doriwwer eraus Aktiounen am Beräich vun der interparlamentarescher Zesummenaarbecht tëscht de Parlamenter am francophone Raum.

Geschicht änneren

Vun 1967 bis 1989: Association internationale des parlementaires de langue française änneren

 
De Chamberpresident Victor Bodson, éischte President vun der AIPLF, zesumme mam President vun der Assemblée nationale vum Senegal Lamine Gueye, bei der éischter internationaler Reunioun vun de franséischsproochege Parlamenter, am Mee 1967 zu Lëtzebuerg.

D'Association internationale des parlementaires de langue française (AIPLF) gouf am Mee 1967 op Propositioun vum  Léopold Sédar Senghor gegrënnt, dëst mat der Ënnerstëtzung vum  Charles Helou, Habib Bourguiba, Norodom Sihanouk an dem Hamani Diori.

Op Initiativ vum franséischen Deputéierten Xavier Deniau, gouf d'Grënnungsversammlung -  déi Delegéiert aus 23 Parlamenter aus Europa, Afrika, Amerika an Asien regruppéiert huet - am Mee 1967 zu Lëtzebuerg organiséiert. De Chamberpresident Victor Bodson gouf de President vun der AIPLF, iwwerdeems de Xavier Deniau parlamentaresche Generalsekretär gouf.

Iwwerdeems hiert éischt Zil d'Entwécklung vum Franséischen ass, setzt d'AIPLF sech awer och fir e Kulturpluralismus am Kader vun der Francophonie an.

Vun Ufank un huet d'AIPLF sech dofir agesat fir eng tëschestaatlech Institutioun vun der Francophonie op d'Been ze stellen a se huet zu engem groussen Deel dozou bäigedroen, datt 1970 d'Agence de coopération culturelle et technique (ACCT) gegrënnt gouf, aus där mëttlerweil d'Organisation internationale de la Francophonie (OIF) ginn ass.

Vun 1989 bis 1998: Assemblée internationale des parlementaires de langue française änneren

Am Kader vun der 17. Versammlung zu Paräis ass am Juli 1989 aus der AIPLF d'Assemblée internationale des parlementaires de langue française ginn a se gouf doduerch beruff fir eng interparlamentaresch Organisatioun vun de franséischsproochege Länner ze ginn.

Vun 1998 bis haut: Assemblée parlementaire de la Francophonie änneren

Op der Versammlung am Juli 1998 zu Abidjan ass decidéiert ginn, datt aus der AIPLF d'Assemblée parlementaire de la Francophonie (APF) sollt ginn, en Numm dee bis haut bäibehale gouf.

Unerkennung änneren

Am Kader vum fofzegjärege Bestoe vun der APF war 2017 am Kongresszentrum um Kierchbierg eng Ausstellung organiséiert ginn an zu Gaasperech gouf eng Strooss no der Francophonie genannt (rue de la Francophonie)[1].

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 43e Session de l'Assemblée parlementaire de la Francophonie à Luxembourg - Dossier de presse op apf.francophonie.org, Säit 4 (gekuckt de 25. August 2017)