Kuer

Floss mat Quell zu Lëtzebuerg

D'Kuer (och Kar, Kor oder Korn, Chiers op Franséisch; Korn op Däitsch) ass e Floss zu Lëtzebuerg, laanscht der Belsch an a Frankräich. Si ass en Niewefloss vun der Meuse.

Kuer
D'Kuer zu Charency-Vezin
An anere Sproochen fr: Chiers
de: Korn
Längt 112 km
Debit 30,6 m³/s
Hydrographesche
Baseng
Meuse-Baseng
Fläch vum Baseng 2.222 km²
Originn
Originn Quell
Héicht 340 m
Koordinaten 49° 30’ 14.2’’ N
      05° 53’ 51.7’’ E
Konfluenz
Leeft an Meuse
Plaz Bazeilles
Remilly-Aillicourt
Héicht 151 m
Koordinaten 49° 39’ 31.0’’ N
      4° 59’ 39.8’’ E
Geographie
Land Lëtzebuerg
Belsch
Frankräich
Regioun Minettsgéigend
Gaume

D'Kuer entspréngt an der Gemeng Déifferdeng südlech vun Uewerkuer op enger Héicht vun 318 m, um Fouss vum Ronnebierg um Flouer Korspronk, a leeft dann a Richtung Norde bis op d'Biff tëscht Nidderkäerjeng a Péiteng. Do béit se of no Westen, fir da weider laanscht Lénger a Péiteng bis op Rodange ze lafen. Zu Rodange leeft s'eriwwer a Frankräich, duerch Lonkech a Longuyon (Departement Meurthe-et-Moselle) a mécht bei Torgny (Gemeng Rouvroy) op e puer Kilometer d'Grenz mat der Belsch. Se leeft virun duerch Frankräich, laanscht Montmédy, (Departement Meuse) a Carignan (Departement Ardennes).

Op der Gemengegrenz vu Bazeilles mat Remilly-Aillicourt, no bei Sedan, leeft d'Kuer, no 112 km an d'Meuse.

Si ass ee vun de lëtzebuergesche Waasserleef, deen net zum Baseng vun der Musel gehéiert.

Nieweflëss änneren

    • Brühl mat dem Ruisseau des Chmettes bei Mont-Saint-Martin
    • La Moulaine
    • Crusnes
    • Ruisseau de Poncel
    • Dorlon zu Charency-Vezin
    • Ruisseau d'Épiez zu Épiez-sur-Chiers
    • Ruisseau de la Naue
    • Ruisseau de Fresnois
    • Othain
    • Le Chabot
    • Ruisseau des onze Fontaines
    • Thonne
    • Loison
    • Ruisseau de la Charpenterie
    • Ruisseau du Bouillon
    • Ruisseau de Baâlon
    • Ruisseau de Bièvres
    • Ruisseau du Moulin
    • Marche
    • Fossé des Dors
    • Ruisseau du Woyen
    • Ruisseau de Prêle
    • Ruisseau du Fond de Naive
    • Ruisseau de Nonne
    • Aunois
    • Ruisseau de la Fabrique
    • Ruisseau de Lombut
    • Ruisseau de Vaudimé
    • Ruisseau rouge
    • Ruz de Londres
    • Ruisseau de Magne
    • Ruisseau de Boulacourt
    • Ruisseau de Rubecourt

Debit änneren

Mëttleren Debit vun der Kuer (a m³/Sekonn), gemooss an der hydrologescher Statioun vu Carignan
Gerechent iwwer 43 Joer [1].

Pollutioun am August 2019 änneren

Den 1. August 2019 ass um Terrain vun der Firma Kronospan zu Suessem e groussen Holzbrand ausgebrach. Wéi d'Réckhaltebecken d'Läschwaasser net méi all faasse konnten, ass et vun do aus an d'Kuer gelaf. An engem Pressecommuniqué hunn den Ëmweltministère an de CGDIS (Corps grand-ducal d'incendie et de secours) matgedeelt, datt Kuer duerch d'Läschwaasser staark belaascht gouf : d'Konzentratioun vun Ammonium (NH4+) hat staark zougeholl an et war kee geléiste Sauerstoff méi am Waasser, wat fatal fir d'Liewewiesen an der Baach war[2].

Kuckt och änneren



Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse

Um Spaweck änneren

Commons: Chiers – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Banque Hydro - station B4631010 - La Chiers à Carignan (d'Haischen « Station en service » net uklicken)
  2. Luxemburger Wort vum 3./4. August 2019, S. 28.