Shoemaker-Levy 9
D/1993 F2 (Shoemaker-Levy) | |
---|---|
Orbittyp | kuerzperiodesch |
Grouss Hallefachs | 5,162 |
Perihel | 4,822 AE |
Aphel | 5,503 AE |
Numeresch Exzentrizitéit | 0.066 |
Perihelduerchgank | keen |
Ëmlafdauer | 11 Joer 266 Deeg |
Ëmlafvitess | 14,003 km/s |
Physikalesch Eegenschafte vum Kär | |
Duerchmiesser | ≈ 4 km |
Entdecker C. S. Shoemaker, | |
Entdeckungsdatum | 24. Mäerz 1993 |
Aner Bezeechnungen | 1993 e |
De Shoemaker-Levy 9 (kuerz och SL9) krut säin Numm, well et den néngte kuerzperiodesche Koméit war, dee vun der Carolyn an dem Eugene Shoemaker zesumme mam David H. Levy entdeckt gouf. Seng offiziell Bezeechnung ass D/1993 F2 (Shoemaker-Levy). Den „D“ a senger Bezeechnung steet fir d'Englesch „disappeared“ („verschwonnen“) a weist un, datt de Koméit net méi existéiert. Seng Brochstécker sinn am Summer 1994 op de Planéit Jupiter opgeschloen.
Entdeckung
ännerenDe Koméit gouf fir d'éischt op enger Foto nogewisen, déi de 24. Mäerz 1993 mat engem 46-cm-Schmidt-Teleskop um Palomar-Observatoire a Kalifornien opgeholl gouf. De Japaner Syuichi Nakano hat deen erwaarten Zesummestouss als Éischte virausgesot. D'Observatioun gouf an der Folleg vun aneren Astronome bestätegt. Et gouf séier kloer, datt et sech ëm en ongewéinleche Koméit handele géif: Hie war zimmlech no bei de Planéit Jupiter komm a war an ettlech Fragmenter zerbrach.[1]
Ëmlafbunn
ännerenWarscheinlech war de Koméit scho wärend der 1960er Joren ënner staark déi Gravitatiounskraaft vum Jupiter komm, a gouf sou als Quasisatellit an eng staark elliptesch Bunn ëm de Planéit Jupiter gezwongen.[2] An der Folleg passéiert hien am Juli 1992 de Jupiter bannent der Roche-Grenz. Opgrond vun der Gezäitekraaft ass de Koméit, deen ufanks en Duerchmiesser vu ronn 4 km hat, zerbrach,[3], an 21 Fragmenter tëscht 50 an 1000 m Gréisst, déi sech op enger e puer Millioune Kilometer laanger Ketten opreiten. Fir d'Ënnersich goufen d'Fragmenter mat de Buschtawen „A“ bis „W“ bezeechent. (D'Buschtawen „I“ an „O“ goufe wéinst hirem Glach mat den Zifferen „1“ an „0“ net gebraucht.)
Duerch de Rendez-vous mam Jupiter krut d'Bunn vum Koméit grouss Stéierungen. Déi an der Tabell opgelëschte Bunnelementer beschreiwen d'Ëmlafbunn vum Koméit am Mee 1993 aus heliozentrescher Siicht: Mat enger grousser Hallefachs vu 5,16 AE, enger Exzentrizitéit vun 0,07 an enger Bunnschréi vun 1,4° huet d'Bunn där vum Jupiter (grouss Hallefachs 5,20; Exzentrizitéit 0,05; Bunnschréi 1,3°) opfälleg geglach. Aus Siicht vum Jupiter hat sech de Koméit op enger staark elliptescher Bunn (Exzentrizitéit > 0,99) am Ofstand vu bis zu 0,33 AE ëm de Planéit beweegt.
Nëmmen zwéi Méint no senger Entdeckung hat d'Bunnbestëmmung den Astronome gewisen, datt d'Koméitestécker am Juli 1994 op de Planéit treffe géifen.[4]
Aschléi um Jupiter
ännerenTëscht dem 16. Juli an dem 22. Juli 1994 waren d'Brochstécker vum Koméit Shoemaker-Levy 9 an d'südlech Hemisphär vum Jupiter mat enger Vitess vu 60 km/s opgeschloen an haten dobäi d'Energie vu 50 Milliounen Hiroshima-Bommen (déi eng Sprengkraaft vu zirka 13 kT TNT hat) fräigesat. Dat war déi éischt Kéier, datt eng Kollisioun vun zwéi Kierper vum Sonnesystem an d'Auswierkunge vu sou engem Impakt direkt observéiert konnte ginn.
Obschonn d'Aschlagplazen aus Siicht vun der Äerd knapps hanner dem Jupiter-„Rand“ louchen a sou net direkt ze gesi waren, konnten d'Astronome sougenannt Plumen, waarm Gasblose bal wéi en Atompilz iwwer dem Rand vum Jupiter gesinn. Duerch déi séier Rotatioun vum Jupiter goufen d'Aschlagplazen nëmmen e puer Minutte no den Impakter vun der Äerd aus gesinn. Et hat sech gewisen, datt se donkel Flecke mat Duerchmiesser bis zu 12.000 km an der Atmosphär vum Jupiter hannerlooss haten, déi iwwer Méint ewech ze gesi waren.
Eenzeg d'Raumsond Galileo konnt aus enger Distanz vun 1,6 AE d'Impakter direkt observéieren. Duerch eng futtis Parabolantenn waren d'Kapazitéite vun der Raumsond fir d'Dateniwwerdroung leider limitéiert, an et konnten net all Moosswäerter op d'Äerd iwwermëttelt ginn.
An de Spektre vun de Plumë goufe grouss Deeler vu molekularem Schwiefel (S2) a Kuelestoffdisulfid (CS2) fonnt, méi wéi duerch d'Explosioun vun engem vergläichswäis klenge Koméitekär hätte fräigesat kënne ginn. Den Urspronk gëtt an de Déifte vun den Atmosphärschichte vum Jupiter ugeholl. Weider nogewise Molekülle si Kuelestoffmonoxid (CO), Ammoniak (NH3) a Schwiefelwaasserstoff (H2S). Och Emissiounslinne vun Eisen, Magnesium an Silizium goufen observéiert. D'Hëtzt vun den Explosioune muss also duergaange sinn, fir d'Metaller ze verdämpen. Waasser gouf a klenge Moossen observéiert.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- D. Fischer, H. Heuseler: Der Jupiter Crash. Birkhäuser, Basel 1994. ISBN 3-7643-5116-0
Um Spaweck
ännerenCommons: Komet Shoemaker-Levy 9 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ B. G. Marsden: IAU Circular 5725.
- ↑ R. R.Landis: Comet P/Shoemaker-Levy's Collision with Jupiter: Covering HST's Planned Observations from Your Planetarium. in: Proceedings of the International Planetarium Society Conference held at the Astronaut Memorial Planetarium & Observatory, Cocoa, Florida. Cocoa 1994, S.10ff
- ↑ M. D. Zamarashkina, Y. D. Medvedev: Estimation of the Nucleus Size of Comet Shoemaker-Levy 9 under the Assumption of Its Step-by-Step Disintegration. in: Solar System Research. Bd 38.2004,3, S.219ff
- ↑ B. G. Marsden: IAU Circular 5800.