(98494) Marsupilami

Asteroid


Den (98494) Marsupilami ass en Asteroid vun der bannenzeger Haaptceinture. Hie gouf vum franséischen Informatiker an Amateurastronom Jean-Claude Merlin de 27. Oktober 2000 am Observatoire zu Le Creusot, Departement Saône-et-Loire, entdeckt.

(98494) Marsupilami
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,3702 A.E.
Exzentrizitéit 0,1554
Sideresch Ëmlafzäit 3,65 a
Mëttel Bunnvitess 19,35 km/s
Inklinatioun 3,5681 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser zirka 3 km
Absolut Hellegkeet 15,932 (± 0,50206)M
Entdeckung
Entdecker Jean-Claude Merlin
Entdeckungsdatum 27. Oktober 2000
Plaz Le Creusot
Aner Bezeechnungen 2000 UN111

Den Duerchmiesser vum Asteroid huet an der Moyenne ronn dräi Kilometer[1].

Den (98494) Maruspilami gehéiert zu der Nysa-Grupp, eng nom (44) Nysa genannte Grupp vun Asteroide (och Hertha-Famill genannt, nom (135) Hertha).

Den (98494) Marsupilami gouf den 19. September 2005 op Virschlag vum Jean-Claude Merlin nom Marsupilami genannt, enger vum André Franquin erduechter a gezeechneter Comicfigur.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. (fr) Une planète nommée Marsupilami