D'Rackés Millen zu Äischer an der Gemeng Kiischpelt am Dall vun der Klierf ass déi eenzeg Waassermillen zu Lëtzebuerg, déi nach voll funktionéiert.

D'Rackés Millen zu Äischer

Geschicht änneren

D'Waassermillen, déi och nach Äischer Millen genannt gëtt, gouf 1334 fir d'éischt Kéier an Dokumenter ernimmt.

Dat haitegt dräistäckegt Millegebai gouf 1824 gebaut. Zanter 1919 war si am Besëtz vun der Famill Racké.

No zwou Renovatiounen, 1902 an 1932, gouf op hir bis 1954 Broutmiel hiergestallt a bis 1967 nëmmen nach mat Fuddermëttel do gehandelt.

Nom Zoumaache vun der Millen, huet den Här Willy Racké sech drëms bekëmmert, datt d'Mille funktiounsfäeg bliwwen ass.

2001 ass d'Mille schliisslech mat Hëllef vum Tourismusministère vum Syndicat d'initiative Munzen opkaf ginn. D'Millen ass restauréiert ginn an an de Programm vum Domaine touristique du cheval de trait ardennais Munshausen integréiert ginn.

Haut gëtt an der Millen nees gemuelen. Déi fréier Wunneng vum Mëller gouf an eng Vakanzewunneng transforméiert.

2019 gouf entscheet eng Komplettrenovéierung z'ënnerhuelen, déi 2022 fäerdeg war. Déi al Molkerei niewendrun gouf an de Projet agebonnen. An der Brasserie-Auberge kënne bis zu 16 Leit iwwernuechten. Och d'Mille gouf renovéiert. D'Miel, dat hie gemuele gëtt, gëtt un de Cornelyshaff an an d'Robbesscheier geliwwert.

Niewent der Mille steet eng kleng Fielsbün. Et gëtt iwwerluecht, fir dës an de Projet mat anzebannen, op där dann an Zukunft Theater gespillt ka ginn.

Technik änneren

D'Waasserrad vun der Mille gëtt mat Waasserzoulaf vun ënnen ugedriwwen. Dobäi leeft d'Waasser an enger spezieller Féierung, déi dem Rad ugepasst ass a verhënnert, datt Waasser ënner a säitlech vun de Schauten offléisse kann, ouni d'Rad unzedreiwen.

Millefest änneren

Zanter 2004 gëtt all Joer am August rondrëm d'Millen d'Millefest organiséiert.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Billergalerie änneren