Südafrika
Republic of South Africa (Engl.) Republiek van Suid-Afrika (Afrikaans) Republik Südafrika | |||||
| |||||
National Devise: "N'kosi Sikeleli Africa" (Gott soll Afrika protégéieren) | |||||
Offiziell Sprooch: | Afrikaans - Englesch - Süd-Ndebele Xhosa - Zulu - Nord-Sotho Sesotho - Setswana - Siswati , Tshivenda - Xitsonga | ||||
Haaptstad: | Pretoria (administrativ) Kapstad (legislativ) Bloemfontein (geriichtlech) | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | Cyril Ramaphosa | ||||
Fläch: | 1.221.037 km² (25..) | ||||
Bevëlkerung: | 54.002.000 (2014) (25.) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 42,4/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 31. Mee 1910 (vu Groussbritannien) | ||||
Nationalhymn: | Südafrikanesch Nationalhymn | ||||
Wärung: | Rand (ZAR) | ||||
Zäitzon: | UTC +2 | ||||
Internet TLD: | .za | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+27 | ||||
Südafrika ass e Staat a Form vun enger Republik am Süde vun Afrika. D'Haaptstad ass gespléckt. De Sëtz vun der Regierung ass zu Pretoria, dee vum Parlament zu Kapstad an d'iewescht Geriicht ass zu Bloemfontein etabléiert.
GeographieÄnneren
Südafrika bedeckt eng Fläch vu 1.219.912 km² (abegraff d'Marion Island an d'Prince Edward Islands).
Südafrika huet 44.344.136 Awunner (Juli 2005). Et ass e Land mat enger jonker Bevëlkerung: 30,3 % vun der Populatioun hu manner wéi 14 Joer. D'Liewenserwaardung ass déif. Déi geschat Awunnerzuelen a Südafrika droen der héijer Kannerstierflechkeet an der staarker Stierflechkeet wéinst AIDS Rechnung.
VerwaltungsbezierkerÄnneren
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Provënzen a Südafrika.
Südafrika ass an 9 Provënzen ënnerdeelt, an zwar:
Gréisser StiedÄnneren
Wichteg Plazen, déi vun Touriste gär besicht ginnÄnneren
- Boschendal
- Durban
- Franschhoek
- Goldreef City
- Houtbay
- Kapstad
- Kap vun der Gudder Hoffnung
- Krügerpark
- Robben Island
- Stellenbosch
- Zululand
Klima a VegetatiounÄnneren
GeschichtÄnneren
Nodeem d'Englänner sech am Joer 1806 um Kap vun der Gudder Hoffnung néiergelooss haten, hu vill fréier hollännesch Siidler, d'Buren, sech no Norden ofgesat, fir do hir Eegestännegkeet kënnen ze behalen. D'Entdeckung vu räichen Äerdschätz, Diamanten (1867) a Gold (1886), huet zu enger Verschäerfung vun de Spannungen tëscht den zwou Communautéite gefouert. D'Buren hu sech den Englänner widdersat an et koum zum Burekrich (1899-1902), e Krich deen d'Buren trotz hartnäckegem Widderstand verluer hunn. D'Unioun vu Südafrika, déi dunn entstanen ass, war bis zu hirer Ofschafung duerch e Regime vu Rassentrennung (Apartheid) gekennzeechent.
FotogallerieÄnneren
BoschendalÄnneren
Cape TownÄnneren
DurbanÄnneren
Kap vun der gudder HoffnungÄnneren
Goldreef CityÄnneren
HoutbayÄnneren
JohannesburgÄnneren
Krüger ParkÄnneren
StellenboschÄnneren
Groot ConstantiaÄnneren
ZuluduerfÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Südafrika – Biller, Videoen oder Audiodateien |