Alfred Hitchcock
De Sir Alfred Joseph Hitchcock, gebuer den 13. August 1899 zu London an England a gestuerwen den 29. Abrëll 1980 zu Los Angeles, war en englesch-US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.
Alfred Hitchcock | |
---|---|
Gebuertsnumm | Alfred Joseph Hitchcock |
Pseudonym | Hitchcock |
Gebuer | 13. August 1899 |
Gestuerwen | 29. Abrëll 1980 |
Doudesursaach | Niereversoen |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, USA, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Universitéit vu London |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmediteur, Televisiounsproduzent, Filmschauspiller, Televisiounsregisseur, Kameramann, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Alma Reville |
Kanner | Pat Hitchcock |
Fréiliewen
ännerenDen Alfred Hitchcock war dat jéngst vun dräi Kanner vum William Hitchcock, vu Beruff Epicier a Geméishändler, an der Emma Jane Whelan. De jonken Alfred ass kathoulesch erzu ginn an ass zu London de Saint Ignatius College gaangen, eng Schoul déi vu Jesuitte gefouert gouf. Wéi hie 14 Joer hat, ass säi Papp gestuerwen.
Den Alfred Hitchcock an den englesche Film
ännerenAm Joer 1920 hat den Alfred Hitchcock säin éischte Kontakt mam Film. Fir d'Famous Players Film Company-Lasky huet hie Filtëschentitele fir Stommfilmer gemaach. Am Joer 1922 krut hien d'Chance Regie an dem Film mam Titel No 13 ze féieren. De Film ass awer ni fäerdeg ginn.
1925 huet hien zu München ugefaangen de Film The Pleasure Garden ze dréinen, déi dann 1927 an d'Kinoe koum. 1926 huet den Alfred Hitchcock sech mat senger Filmassistentin Alma Reville bestuet. Si gouf seng enkst Mataarbechterin an all senge Filmer.
Den éischten echten Hitchcockfilm, wéi hie selwer zum François Truffaut sot, war dann 1927 The Lodger: A Story of the London Fog.
Mat Blackmail huet den Hitchcock am Joer 1929 säin éischten Tounfilm gedréint. Seng interessant Filmer an den 1930er Jore waren The Man who Knew too much an The 39 Steps.
Den Alfred Hitchcock an Amerika
ännerenFir de Film Rebecca huet den David O. Selznick den Alfred Hitchcock 1940 op Hollywood geholl. Hei huet hien 1943 ee vu senge beschte Filmer aus den 1940er Joren, Shadow of a Doubt gedréint. Dat ass eng ganz schwaarz Geschicht ëm e jonkt Meedchen dat säi Monni verdächtegt, e Mäerder ze sinn.
Mat dem Film Rope, no engem Theaterstéck vum Patrick Hamilton, huet den Hitchcock am Joer 1948 säin éischte Faarffilm gedréint.
Besonnesch bekannt si seng dräi Filmer mat der Grace Kelly an der Haaptroll, et sinn dat Dial M for Murder (an der 3D Technik gedréint), Rear Window an To Catch a Thief. A wonnerschéine Faarwe presentéiert sech dann The Trouble with Harry, e Film voll mat schwaarzem Humor.
Vill Filmkritiker gesinn dem Hitchcock säi Film Vertigo als säi perséinlechsten un. Hei geet et ëm e Polizeibeamten deen ënner Héichtenangscht, ënner Akrophobie leit. Déi Angscht spillt am Film d'Haaptroll.
North by Northwest ass e flotte Verfollgungs-Thriller. Bekannt ass besonnesch déi Zeen an där den Held (Cary Grant) op oppenem Feld vun engem Fliger ugegraff gëtt an d'Zeenen déi sech op de stenge Käpp vun den amerikanesche Presidenten um Mount Rushmore ofspillen.
Psycho, e Grujelfilm a schwaarz-wäiss gedréint mat engem ganz klenge Budget, gouf ee vum Hitchcock senge groussen Erfolleger, besonnesch bekannt ass déi Zeen an där d'Marion Crane (Janet Leigh) an der Dusch erstach gëtt.
Beim Film The Birds lafen dem Spectateur d'Schudderen de Réck erof, wann op eng Kéier brav Villercher ufänken d'Mënschen unzegräifen.
No Marnie huet den Hitchcock nach e puer Filmer gedréint, déi awer net méi u seng vireg Filmer erukoumen.
Filmographie
ännerenKino
ännerenStommfilmer
änneren- No. 13 (net zu Enn gedréint) (1922)
- Always Tell Your Wife (net genannt) (1923)
- The Pleasure Garden (1927)
- The Mountain Eagle (1927)
- The Lodger: A Story of the London Fog (1927)
- Downhill (1927)
- Easy Virtue (1927)
- The Ring (1927)
- The Farmer's Wife (1928)
- Champagne (1928)
- The Manxman (1928)
Tounfilmer
ännerenvun 1929 bis 1939
änneren- Blackmail (1929), Acteuren: Anny Ondra a Sara Allgood
- Juno and the Paycock (1930), Acteuren: Barry Fitzgerald a Maire O'Neill
- Murder! (1930), Acteuren: Herbert Marshall a Norah Baring
- Mary (1931), Acteuren: Alfred Abel an Olga Tschechowa
- Elstree Calling (1930), Regie zesumme mam André Charlot, Jack Hulbert a Paul Murray; Acteuren: Teddy Brown an Helen Burnell
- The Skin Game (1931), Acteuren: Edmund Gwenn an Helen Haye
- Number Seventeen (1932), Acteuren: Leon M. Lion an Anne Grey
- Rich and Strange (1932), Acteuren: Henry Kendall an Joan Barry
- Waltzes from Vienna (1933), Acteuren: Esmond Knight an Edmund Gwenn
- The Man Who Knew Too Much (1934), Acteuren: Leslie Banks, Peter Lorre an Edna Best
- The 39 Steps (1935), Acteuren: Robert Donat, Madeleine Carroll a Lucie Mannheim
- Secret Agent (1936), Acteuren: John Gielgud, Peter Lorre a Madeleine Carroll
- Sabotage (1936), Acteuren: Sylvia Sidney, Oskar Homolka an John Loder
- Young and Innocent (1938), Acteuren: Nova Pilbeam an Derrick de Marney
- The Lady Vanishes (1938), Acteuren: Margaret Lockwood, Michael Redgrave a Paul Lukas
- Jamaica Inn (1939), Acteuren: Charles Laughton
vun 1940 bis 1949
änneren- Rebecca (1940), Acteuren: Laurence Olivier, Joan Fontaine an George Sanders
- Foreign Correspondent (1940), Acteuren: Joel McCrea, Laraine Day an Herbert Marshall
- Mr. & Mrs. Smith (1941), Acteuren: Carole Lombard, Robert Montgomery an Gene Raymond
- Suspicion (1941), Acteuren: Joan Fontaine, Cary Grant a Cedric Hardwicke
- Saboteur (1942), Acteuren: Priscilla Lane, Robert Cummings an Otto Kruger
- Shadow of a Doubt (1943), Acteuren: Teresa Wright, Joseph Cotten a Wallace Ford
- Lifeboat (1944), Acteuren: Tallulah Bankhead, William Bendix a Walter Slezak
- Aventure Malgache (1944) (Kuerzfilm)
- Bon Voyage (1944) (Kuerzfilm)
- Spellbound (1945), Acteuren: Ingrid Bergman, Gregory Peck a Rhonda Fleming
- Notorious (1946), Acteuren: Cary Grant, Ingrid Bergman a Claude Rains
- The Paradine Case (1947), Acteuren: Gregory Peck, Ann Todd a Charles Laughton
- Rope (1948), Acteuren: James Stewart, John Dall a Farley Granger
- Under Capricorn (1949), Acteuren: Ingrid Bergman, Joseph Cotten a Michael Wilding
vun 1950 bis 1959
änneren- Stage Fright (1950), Acteuren: Jane Wyman, Marlene Dietrich a Michael Wilding
- Strangers on a Train (1951), Acteuren: Farley Granger, Ruth Roman a Robert Walker
- I Confess (1953), Acteuren: Montgomery Clift, Anne Baxter a Karl Malden
- Dial M for Murder (1954), Acteuren: Ray Milland a Grace Kelly
- Rear Window (1954), Acteuren: James Stewart, Grace Kelly a Raymond Burr
- To Catch a Thief (1955), Acteuren: Cary Grant, Grace Kelly a Charles Vanel
- The Trouble with Harry (1955), Acteuren: Edmund Gwenn, a Shirley MacLaine
- The Man Who Knew Too Much (1956), Acteuren: James Stewart an Doris Day
- The Wrong Man (1956), Acteuren: Henry Fonda, Vera Miles an Anthony Quayle
- Vertigo (1958), Acteuren: James Stewart, Kim Novak a Barbara Bel Geddes
- North by Northwest (1959), Acteuren: Cary Grant, Eva Marie Saint an James Mason
vun 1960 bis 1976
änneren- Psycho (1960), Acteuren: Anthony Perkins an Janet Leigh
- The Birds (1963), Acteuren: Rod Taylor an Tippi Hedren
- Marnie (1964), Acteuren: Tippi Hedren a Sean Connery
- Torn Curtain (1966), Acteuren: Paul Newman, Julie Andrews an Hansjörg Felmy
- Topaz (1969), Acteuren: Frederick Stafford, Claude Jade a Karin Dor
- Frenzy (1972), Acteuren: Jon Finch a Barry Foster
- Family Plot (1976), Acteuren: Karen Black, Bruce Dern a William Devane
Televisiounsfilmer
ännerenAlfred Hitchcock presents
änneren- Revenge, (Episod 1), (1955), Acteuren: Ralph Meeker a Vera Miles
- Breakdown, (Episod 7), (1955), Acteuren: Joseph Cotten a Raymond Bailey
- The Case of Mr. Pelham, (Episod 10),(1955), Acteuren: Tom Ewell a Raymond Bailey
- Back for Christmas, (Episod 23), (1956), Acteuren: John Williams an Isonel Elsom
- Wet Saturday, (Episod 40), (1956), Acteuren: Cedrid Hardwicke an John Williams
- Mr. Blanchard's Secret, (Episod 52), (1956), Acteuren:Mary Scott a Robert Horton
- One More Mile to Go, (Episod 67), (1957), Acteuren: David Wayne a Steve Brodie
- The Perfect Crime, (Episod 81), (1957), Acteuren: Vincent Price an James Gregory
- Lamb to the Slaughter, (Episod 106), (1958), Acteuren: Barbara Bel Geddes an Harald J. Stone
- A Dip in the Pool, (Episod 113), (1958), Acteuren: Keenan Wynn a Fay Wray
- Poison, (Episod 118), (1958), Acteuren: Wendell Corey an James Donald
- Banquo's Chair, (Episod 146), (1959), Acteuren: John Williams a Reginald Gardiner
- Arthur, (Episod 154), (1959), Acteuren:Laurence Harvey an Hazel Court
- The Crystal Trench, (Episod 155),(1959), Acteuren: James Donald a Patricia Owens
- Mr. Bixby and the Colonel's Coat, (Episod 191), (1960), Acteuren: Audrey Meadows a Les Tremaine
- The Horse Player, (Episod 212), (1961), Acteuren: Claude Rains an Ed Gardner
- Bang! You're Dead, (Episod 230), (1961), Acteuren: Biff Elliott a Lucy Prentiss
Suspicion
änneren- Four O'Clock, (Episod 1),(1957), Acteuren: E.G. Marshall an Nancy Kelly
Ford Startime
änneren- Incident at a Corner, (Episod 27), (1960), Acteuren: Vera Miles an George Peppard
The Alfred Hitchcock Hour
änneren- I Saw the Whole Thing, (Episod 4), (1962), Acteuren: John Forsythe an John Fiedler
Um Spaweck
ännerenCommons: Alfred Hitchcock – Biller, Videoen oder Audiodateien |