Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst
De Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst (an Originalschreifweis: Renert oder de Fuuß am Frack an a Ma'nsgrëßt) ass eng Fabel vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Michel Rodange.
Si koum 1872 fir d'éischt eraus an ass eng Adaptatioun vum Goethe sengem Reineke Fuchs op Lëtzebuergesch, woubäi déi eenzel Personnagë déi Dialekter schwätze vun där Géigend, wou se hier sinn. De Rodange huet aus där Matière e Lidd vun am Ganze 14 Gesäng a 6052 Verse gemaach, en Hommage un d'Lëtzebuerger Landschaften a Géigenden, mä gläichzäiteg och e Spottgedicht op d'Lëtzebuerger Gesellschaft vun der Zäit vum jonken Nationalstaat mat ongewësser Zukunft an der industrieller Revolutioun.
Well vill Bierger an och d'Kierch sech getrëppelt gefillt hunn, blouf d'Gedicht laang verkannt a gouf souguer zenséiert. Haut awer gëtt de Renert als dat gréisst Stéck Literatur a Lëtzebuerger Sprooch vum 19. Joerhonnert ugesinn.
Inhalt vum Buch
ännerenDe Renert ass eng Déierefabel, déi um Johann Wolfgang von Goethe sengem Reinecke Fuchs baséiert. Virdergrënneg geet et ëm d'Geschicht vum Fuuss Renert, deen déi aner Déiere veruuzt (och alt der doutmécht), dofir e puermol viru Geriicht gestallt gëtt, zum Schluss awer vum Kinnek, dee sech och vum Fuuss ëmgaachele léisst, geadelt gëtt. Mä d'Geschicht ass just de "Virwand", fir d'gesellschaftlech a politesch Zoustänn satiresch ze beschreiwen oder ze parodéieren: wéi Lëtzebuerg, am Kader vun der Lëtzebuerg-Kris, bal vun engem vu sengen Nopere geschléckt gouf an d'Industriebesëtzer (déi bal all och gläichzäiteg Politiker waren), jee nodeem, wou se sech méi Virdeeler erhofft hunn, zerstridden hunn, wou s'am beschten ewechkéimen; d'Hypokrisie vun der deemools nach allmächteger kathoulescher Kierch, z. B. an der Affär vum Paschtouer vu Maarnech, engem sou gutt et goung vertuschte Pedophilieskandal, a wéi déi einfach Leit (duergestallt duerch kleng Déieren - Mais, Vigel, och alt Schof) ëmmer nees déi Domm dobäi waren.
Resümmee vun der Handlung
ännerenDe Kinnek Léiw rifft all Déieren zesummen. De Fuuss Renert ass net komm; hien hat grad en Hong doutgemaach. Noenee ginn de Bier, de Kueder an den Dachs bei e geschéckt fir e bei de Kinnek ze bréngen; eréischt den Dachs huet domat Succès. De Fuuss gëtt zum Doud verurteelt, mä ënner dem Gaalgen erzielt en dem Kinnek vun engem Schatz, deen hien zegutt hätt, a vun engem Komplott géint hien. Déi Beschëllegt ginn agespaart, an de Fuuss kënnt fräi. Kuerz drop mécht en den Hues dout.
De Kinnek rifft eng zweet Kéier d'Déiere beieneen. No de Kloe vum Kueb an der Kanéngchen decidéiert de Léiw, dem Fuuss seng Buerg ze stiermen. Den Dachs geet de Fuuss warnen. Hien erzielt em, wéi d'europäesch Herrscher iwwer de Leit hire Käpp ewech Staaten opriichten. Um Wee bei de Kinnek beicht de Fuuss dem Dacks eng ganz Rëtsch Mëssdoten. E beschwéiert sech, datt iwwerall d'Wollefsgesetzer gëlle géifen, a seet, datt hie sech dofir och sou behuele géif. Virum Kinnek fuerdert de Fuuss seng Géigner eraus. Hie gëtt nees geriicht, an alt nees erzielt en dem Kinnek vun engem Schatz. Duerno duelléiert e sech mam Wollef, gewënnt, a gëtt vum Kinnek zum Baron gemaach. All déi, déi géint hie waren, sinn op eemol nees gutt mat him. Se mierken net, datt de Renert elo vun hinne profitéiert.
Ausschnëtt
ännerenOriginal Schreifweis | Schreifweis 2019 |
---|---|
Ëschte Gesank. Et war esô emm d'Peïschten, |
Éischte Gesank. Et war esou ëm d'Päischten, |
Editiounsgeschicht
ännerenDe Renert ass 1872 an däitscher Fraktur-Schrëft am Format 16° an enger Oplo vun 1 000 Stéck beim Editeur[1] Jean Joris erauskomm. En Deel vun dëser Oplo war anonym; um banneschten Titel steet: "Renert / oder / de Fuuß am Frack an a Ma'nsgrëßt. / Op en Neis fotografëert / vun / Engem Letzebreger". An engem aneren Deel ass de "M. Rodange" als Auteur genannt, an datt een et beim L. Schamburger ze kafe kréich. Vun dëser éischter Oplo ware bannent 3 Joerzéngte just 313 Exemplare verkaf ginn.
"Entdeckt" gouf de Renert eréischt uganks vum 20. Joerhonnert, wéi de Sträit ëm dat spéidert Schoulgesetz vun 1912 héich Welle geschloen huet. Besonnesch d'Grënner vun der Sozial-demokratescher Partei, de Michel Welter, den C. M. Spoo an hire Sympathisant, den Nicolas Welter, hunn op Konferenzen uechtert d'Land Reklamm fir de Renert gemaach.
1909 ass eng 2. Oplo vun 2 000 Stéck beim Ch. Praum erauskomm, als 22. Band vu senger Bibliothek Luxemburger Theaterstücke etc. E war an enger adaptéierter Orthographie an 72 Verse waren zensuréiert. Eng 3. Oplo ass 1921 beim Verlag Linden & Hansen an enger Héicht vun 2 100 Exemplairen an den Drock gaangen. Dës Editioun war mat 21 Biller vum Auguste Trémont a 4 vum Franz Seimetz illustréiert; och hei gouf d'Rechtschreiwung geännert, a 40 Verse gestrach. 1927 huet de Joseph Tockert eng Michel Rodange Jubiläumsausgabe erausginn, mam vollstännege Renert-Text, alt nees an enger anerer Schreifweis, mat enger Biographie an och Explikatiounen. 1932 gouf et eng Luxus-Editioun vun 200 Stéck, an 1939 eng Neioplo vum Tockert senger Versioun, mat Vignettë vum Raymon Mehlen, wouvun et och nach 1940 eng Neue Volksausgabe gouf.
Eng Neue Ausgabe mit Kommentar und Glossar koum 1941 eraus, 56 Verse sinn doran der Zensur zum Affer gefall. Bis 1974 sinn nach 6 Editioune publizéiert ginn. 1974 huet de Cornel Meder d'Michel Rodange Gesamtwierk erausginn, mam vum Rodange korrigéierten Text (deen et als handschrëftlech Korrektur gëtt, deen awer bis dohin net publizéiert gi war) an a moderner Schreifweis. Dovu gouf dat Joer drop eng Schoulausgab gemaach. 1982 - 1984 ass eng uerg zesummegestrachen Editioun vum Marcel Ditsch erauskomm, illustréiert mat Fotoe vu Plastilinsmännercher, an där déi meescht politesch an zäithistoresch Bezich erausgehäit gi waren, a just nach d'Déieregeschicht reschtgelooss gouf.
1987 huet de Romain Hilgert seng komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatiounen an der Editioun Guy Binsfeld publizéiert, mat engem ausféierleche Virwuert (E Buch a Maansgréisst) an deem en dem Rodange säi Liewen, de sozialen a politesche Kontext vun der Zäit, d'Entstéiungs- an d'Receptiounsgeschicht vum Renert beschreift. Virun alem ass den Text selwer sou erëmginn, datt een an enger Kolonn niewendrun all déi Uspillungen op zäitgenëssesch Persounen an Virfäll, an och emol e vereelzten Ausdrock, explizéiert fënnt, soudatt een den Text a senger voller Déift appreciéiere kann. Dëst Buch ass 1995 an 2008 am selwechte Verlag nei opgeluecht ginn.
2003 ass de Renert als Lauschterbuch, op 3 CDen a vum Steve Karier virgelies, vum Nationale Literaturzentrum erausgi ginn.[2]
2022 hunn de SCRIPT an den ZLS fir den 150. Anniversaire vun der éischter Publikatioun eng Schouleditioun vum 'Reenert' verëffentlecht. Si baséiert um Originaltext vun 1872, deen an déi haiteg Orthografie gesat gouf. Niewent zwéi groussen Essayen iwwer d'Biografie vum Auteur an d'Déierefabel als literarescht Instrument fir Gesellschaftskritik sinn déi 14 Gesäng allkéiers mat engem Commentaire ergänzt ginn, deen den historeschen a politesche Kontext vun der Zäit beliicht. Doriwwer eraus ginn eng 900 Wierder, déi haut net méi jiddwerengem geleefeg sinn, erkläert. D'Kënschtlerin Mia Kinsch huet all Gesank illustréiert.
Et gouf och eng englesch Versioun mam Titel Reenert – The Fox in a Sunday Suit and in Human Shape realiséiert. Déi bilingual Versioun ass online gratis disponibel.
Renert am Theater
ännerenAm Kader vu Lëtzebuerg Europäesch Kulturhaaptstad 1995 gouf de Renert als Theaterstéck opgefouert.
Am Dezember 2012 gouf de Renert op d'Affiche vum Kapuzinertheater gesat ënner der Regie vum Anne Simon, woubäi de Steve Karier eleng op der Bün all d'Rollen interpretéiert huet.[3]
De Jean-Paul Maes huet der Renert 2014 an 2017 och eleng interpretéiert. Musikalesch gouf hien dobäi vum André Mergenthaler um Cello encadréiert. Regie hat 2017 d'Eva Paulin am Kaleidoskop-Theater op der Bün vum Beetebuerger Schlass[4].
Nom Renert genannt
änneren- Stroossen zu Nidderaanwen, zu Bäreldeng an an der Stad Lëtzebuerg;
- e Rodange-Renert-Kulturwee zu Wolz;
- e Renert-Pad zu Schlënnermanescht;
- e Rugbys-Veräin: Walferdange Rugby "De Renert";
- e Cabarets-Ensembel: CabaRenert;
- e Schoul- a Sportzenter zu Berbuerg: École fondamentale Renert (Gemeng Manternach);
- Horesca-Betriber: Café Renert zu Wolz, Restaurant De Renert zu Bettborn an de Restaurant Beim Renert an der Stad Lëtzebuerg;
- den Terrain vun engem Naturiste-Veräin um Camping Fussekaul (De Renert) zu Heischent;
- d'Hämoglobin-Moleküll [β133(H¹¹)Val→Ala];[5]
- eng Zort Pavé-Steng: Rénert.[6]
Literatur
änneren- Feitler, Frank, 2012. Renert. De Fuuss am Frack an a Maansgréist / Michel Rodange. Programmheft, Atelier reprographique Ville de Luxembourg. 8 S. [Soloopféierunge vum Steve Karier am Kapuzinertheater am Dezember 2012. Reprisen am Februar 2013.]
- Goetzinger, Germaine, Gast Mannes & Roger Muller, 2002. De Michel Rodange - Op en Neis fotografëert: Ausstellung [Centre national de littérature, 20. November 2002 - 18. April 2003] und Katalog. Centre national de littérature, Miersch. Impr. Saint-Paul. 227 S. ISBN 2-919903-05-5.
- Goetzinger, Germaine, 2008. De Renert. S. 273-278 in: Kmec, Sonja, Benoît Majerus, Michel Margue & Pit Peporté (Ed), 2008. Lieux de mémoire au Luxembourg: usages du passé et construction nationale = Erinnerungsorte in Luxembourg: Umgang mit der Vergangenheit und Konstruktion der Nation. 2. Oplo. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. Bd. 1 ISBN 978-2-87963-705-1, Bd. 2 ISBN 978-2-87963-830-0. [1. Oplo 2007: Bd. 1 ISBN 978-2-87963-669-6, Bd. 2 ISBN 978-2-87963-830-0]
- Hoffmann, Fernand, 1972. Uralte Bauernschläue und überhebliche Bescheidenheit. Der 'Renert' als Spiegel der luxemburgischen Volksseele. Die Warte 25 (1972).
- Rodange, Michel, 2002. Michel Rodange - Renert oder de Fuuß am Frack an a Ma'nsgrëßt: Op en Neis fotografëert vun Engem Letzebreger. 1872. Tounausgab vum integralen Text an 3 CDen (199 Min.) + 1 Bichelchen. Centre national de littérature, Miersch, a Centre national de l'audiovisuel, Diddeleng. Spriecher: Steve Karier; Toun: Jean-Marie Spartz.
- Rodange, Michel, 1987. Renert. De Fuuss am Frack an a Maansgréisst. Komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert. Editioun Guy Binsfeld 1987. ISBN 978-2-87954-036-8. [Neioplo am selwechte Verlag 1995 an 2008]
Kuckt och
änneren- De Renert op Wikisource
- Reynke de Vos
Um Spaweck
änneren- Wikisource Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst
- Index:Renert oder de Fuuss am Frack an a Ma'nsgrësst.djvu
- Romain Hilgert, d'Lëtzebuerger Land, De ganzen Text vum Rodange sengem Renert
- Bilingual (lëtzebuergesch-englesch) Versioun op www.heydoo.lu
- Déi original 1. Oplo (gescannt vu Google) vun 1872 um Site vun der Actioun Lëtzebuergesch
Referenzen
änneren- ↑ Cf. S. 298 in Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- ↑ Cf. Rodange 2002 an der Literatur.
- ↑ Cf. Feitler 2012 an der Literatur.
- ↑ "De Renert" am Beetebuerger Schlass
- ↑ Déi Moleküll gouf 2001 vun der L'équipe luxembourgeoise de recherches sur l'hémoglobine vum Dr. Paul Groff am Laboratoire national de santé entdeckt. Cf. Goetzinger, 2008: 278 an der Literatur.
- ↑ Cf. d'Säit iwwer den éco-pavé Rénert op chaux-de-contern.lu