Eng nei Zäit (och Demain, après la Guerre) ass e Spillfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Christophe Wagner, deen op engem Dréibuch baséiert, dat d'Viviane Thill an hien zesumme geschriwwen hunn. En hat seng Avant-première de 7. Oktober 2015 um Festival International du Film Francophone zu Namouer[1] an den 9. Oktober am Utopolis, a koum de 14. Oktober 2015 an d'Kinoen.[2]

Eng nei Zäit
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Produktiounsjoer 2015
Première 2015
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Christophe Wagner
Dréibuch Christophe Wagner
Viviane Thill
Fotografie Jako Raybaut
Musek André Dziezuk
Schnëtt Jean-Luc Simon
Produzent Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Artémis Productions
Schauspiller
Luc Schiltz als Jules
Eugénie Anselin als Mathilde
Fabienne Hollwege als Marie
André Jung als Hubertus
Jules Werner als Armand
Christian Kmiotek als Theis
Raoul Schlechter als Claude
Elsa Rauchs als Léonie
Jean-Paul Raths als Hary
Frédéric Frenay als Krier
Jean-Paul Maes als Papp
Luc Feit als Glesener
Max Gindorff als Dollinɡ
Philippe Thelen als Mett
Pierre Bodry als Koener
Michel Tereba als Sûretésagent
Brigitte Urhausen als Infirmière
Pascal Granicz als Metzler Angel
Marcel Heintz als Paschtouer Lommel
Al Ginter als Josef Raus
Raoul Albonetti als Emile Krieps
Marc Limpach als Untersuchungsriichter
Claude Fritz als Michel Schmitz
Vincent Peiffer als Norbert
Raiko Küster als Obersturmbannführer
Valentine Fagny als Nelly
Thierry Mousset als Georges Kaufmann
Marc Beideler als Gendarmerie-Offizéier
Konstantin Rommelfangen als Gendarme
Germain Wagner als Avocat général
Dan Schmit als Offizéier bei der Exécutioun
Clod Thommes als Giichtchen
Roland Gelhausen als Riichter
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Gedréint gouf e vum 4. August bis Mëtt September 2014, sou wéi vum 12. bis den 20. Januar 2015.[3]

De franséischen Titel vum Film ass Demain, après la guerre an deen engleschen Tomorrow After the War.

Ëm wat geet et am Film? änneren

Februar 1945: De Jules Ternes kënnt aus dem franséische Maquis, wuer e virun der Zwangsrekrutéierung geflücht war, nees heem a säin Éisleker Duerf a wëll säin onbeschwéiert Liewe vu virdrun nees weiderféieren. Mee d'Duerf ass duerch d'Ardennenoffensiv uerg zerstéiert, säi Papp nach net aus der Ëmsiidlung zeréck, säi fréiere Patron gouf deportéiert, seng Schwëster Mathilde ass ewell mam Armand, engem lokale Resistenz-Chef, zesummen, an d'Léonie, seng Frëndin, freit zanter kuerzem mat engem aneren, nämlech dem Jong vum Piechter vum Wandhaff...

Soss änneren

De Film huet déi sozial a politesch Spannungen an der direkter Nokrichszäit zu Lëtzebuerg als Hannergrond, an thematiséiert, an enger fiktionaliséierter Form, de fënneffache Muerd um Wandhaff (am Film "Waldhaff" genannt), deen am Juli 1945 geschitt ass. Weider historesch Evenementer, déi agefloss sinn, sinn déi zu Munneref agespaart Nazi-Cheffen an däitsch héich Militär, de Gommand-Prozess, d'Epuratiouns-Prozesser, déi montéiert Virwërf vun engem Offizéiesch-Putsch, an allgemeng de Muechtkampf tëscht de Virkrichs-Parteien a -Politiker op där enger an de Resistenzler op där anerer.

D'(Hanner-)Grondthema vum Film ass, wat no engem kollektiven traumateschen Erliefnes, wéi dem Zweete Weltkrich, méi wichteg ass: d'Wouerecht opzedecken oder d'Gewiicht op de gesellschaftlechen Zesummenhalt ze setzen, quitt datt bewosst Saachen, déi geschitt sinn, "ënnert den Teppech gekiert ginn". Dëst kënnt am Film senger Tagline zum Ausdrock: "Kann e Land seng Zukunft op Ligen opbauen?".

De Budget louch bei 3,8 Milliounen Euro,[4] an de Film gouf, eng Première fir e Film op Lëtzebuergesch, vun enger belscher Firma koproduzéiert. De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vum Film mat 2.608.660 Euro ënnerstëtzt.[5]

Et gëtt eng op franséisch synchroniséiert Versioun vum Film, fir datt en a frankophone Länner ka gewise ginn.[6]

Wéi de Film erauskoum, goufe verschidden Evenementer am Zesummenhang dermat organiséiert: An der Abtei Neimënster war am November 2015 eng Ausstellung iwwer d'Kulissen an d'technesch Effekter vum Film ze gesinn[7] an am CNA gouf et den 23.-24. Oktober, an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, eng Table-ronde a Konferenzen zum Theema "Continuités et ruptures" iwwer d'1940er Joren a verschiddenen europäesche Länner[8].

Am Dezember 2016 koum d'DVD eraus; de Film ass och online op Streaming-Platforme wéi vod.lu oder iTunes ze lounen, resp. ze kafen.

Accueil a Filmpräisser änneren

De Film gouf vu 15.228 Leit zu Lëtzebuerg am Kino gesinn.[9]

2016 gouf Eng nei Zäit mam Lëtzebuerger Filmpräis fir dee beschte Fiktiounsfilm ausgezeechent. Och de Kameramann Jako Raybaut an den Haaptacteur Luc Schiltz kruten dee Präis fir hir Aarbecht an dësem Film.

Am Dezember 2016 huet de Christophe Wagner fir de Film de Regiepräis (Trophée francophone de la réalisation) bei de 4èmes Trophées francophones du cinéma gewonnen. Donieft war de Luc Schiltz och fir de selwechte Präis an der Kategorie "Beschte Schauspiller an enger Haaptroll" (Trophée Francophone de l'interprétation masculine) nominéiert.[10]

Dréiplazen änneren

De Film gouf bal nëmmen an natierlechen Decore gedréint, dorënner:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Radiosemissioune mat laangen Interviewe mam Regisseur Chr. Wagner iwwer de Film:

Referenzen änneren

  1. "Demain après la guerre" op fiff.be.
  2. engneizait.lu, de Site vum Film.
  3. Facebook-Säit vum Film
  4. Pressedossier op engneitzait.lu
  5. filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 5 février 2014
  6. " 'Eng nei Zäit': Mir ware beim Tournage vum Lëtzebuerger Long-Metrage derbäi." rtl.lu, 08.09.2014, 11:56:39.
  7. An de Kulisse vun 'Eng Nei Zäit' op neimenster.lu
  8. "1940-1950: continuités et ruptures" op uni.lu.
  9. "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.
  10. trophees-francophones.org: Nominatiounen a Gewënner 2016