Biwer a Biver

fiktiv Koppel aus Dem Tintin seng Geschichten

Biwer a Biver (fr: Dupond et Dupont) sinn zwéi Personnagen aus dem Hergé senger Comic-Serie Dem Tintin seng Geschichten.

Biwer a Biver
D'Biwer a Biver op enger Wandmolerei am Bréisseler Metro
Createur Hergé
Ass en(g) fiktiv Koppel
Besteet aus Biwer, Biver
Universum
Aus Dem Tintin séng Geschichten
Present am Dem Tintin seng Geschichten

Si sinn zwéin Inspektere vun der Sûreté, déi sech, bis op d'Form vun hirem Schnurres, gläiche wéi een Ee deem aneren. Allerdéngs sinn et keng eeneeëg Zwillingen, wéi sech aus der ënnerschiddlecher Schreifweis vun hiren Nimm, an och der Tatsaach, datt se sech als "Kolleegen" urieden, ofleede léisst.

Si sinn allebéid net grad déi hellst, a suergen zu engem groussen Deel fir de Slapstick-Humor an den Tintins-Episoden. Trotzdeem gi s'ëmmer nees fir kriddeleg Missiounen agesat, wéi z. B. d'Bewaache vun der Moundrakéit am Band Objectif Lune. An den éischten Episode, wou s'optrieden, hu si d'Missioun, den Tintin festzehuelen, deen (natierlech zu Onrecht) verdächtegt gëtt, wat hinnen awer net geléngt. A spéideren Episode gëtt hir Roll méi sympathesch.

Cameo änneren

Am Astérix bei de Belsch hu si eng Zort Gaaschtoptrëtt; si annoncéieren, datt de Julius Cäsar an der Belsch ukomm wier.

Kuckt och änneren