Deisermillen

Lieu-dit an der Gemeng Wuermer

Deisermillen ass e Lieu-dit an der Gemeng Wuermer.

Deisermillen
Op der Deisermillen, a Richtung Norde gekuckt
Aussprooch
An anere Sproochen de: Deisermühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Wuermer
Buergermeeschter Max Hengel (CSV)
Koordinaten 49° 36’ 47’’ N
      06° 25’ 27’’ O

Geographie änneren

Deisermille läit laanscht d'Wäistrooss, un der N10, tëscht Maacher a Meechtem, op enger Héicht vun 139 m (NG-L). De Lieu-dit läit südëstlech vun der fréierer Millen, déi den Numm ginn huet. Nobäi ass d'Naturschutzgebitt Kelsbaach.

D'Millen änneren

D'Deisermillen (op der Ferrariskaart vu 1777 als Dieser Muhl vermierkt, spéider och "Deysermühle" geschriwwen)[1], war eng fréier Millen, déi duerch d'Waasserkraaft ugedriwwe gouf. Méi genee war et e ganze System vu Millen, deen d'Waasserkraaft bis op déi lescht Drëps ausgenotzt huet. Aus aacht Quelle si bis zu véier Millen ugedriwwe ginn. Am ieweschten Deel ass d'Millerad vun der d'Kallek- an Uelegmillen a Beweegung gesat ginn. Vun do aus huet d'Waasser d'Loumillen, wou Gierfstoff fir Lieder hiergestallt ginn ass, a schliisslech d'Karmillen op der Muselstrooss, ugedriwwen.

Am Dezember 1964 gouf d'Deisermille vun engem Äerdrutsch zerstéiert.[1]

Haut dréit nach en Horeca-Betrib den Numm virun.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Deisermillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 "Deisermühle" op industrie.lu.