Mathilde d'Udekem d'Acoz

D'Mathilde Marie Christine Ghislaine d'Udekem d'Acoz, gebuer zu Uccle den 20. Januar 1973, ass zanter dem 4. Dezember 1999 d'Fra vum belsche Prënz Philippe, Herzog vu Brabant, deen den 21. Juli 2013 Kinnek vun de Belsch gouf.

Mathilde d'Udekem d'Acoz
Gebuertsnumm Jonkvrouw Mathilde Marie Christine Ghislaine d'Udekem d’Acoz
Gebuer 20. Januar 1973
Uccle/Ukkel
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vu Léiwen
Famill
Bestuet mat Philippe vun der Belsch
Papp Patrick d'Udekem d'Acoz
Mamm Anna Komorowska
Kanner Élisabeth de Belgique, Gabriel de Belgique, Emmanuel de Belgique, Éléonore de Belgique

Si ass d'Duechter vum Grof Patrick d'Udekem d'Acoz an der Gräfin Anne Komorowski, déi aus Polen kënnt.

D'Mathilde an de Philippe hu 4 Kanner:

  • Elisabeth Thérèse Marie Hélène (* 25. Oktober 2001 zu Anderlecht). D'Elisabeth ass d'Trounierwin.
  • Gabriel Baudouin Charles Marie/Gabriël Boudewijn Karel Maria (* 20. August 2003 zu Anderlecht);
  • Emmanuel Leopold Guillaume François Marie (* 4. Oktober 2005 zu Anderlecht);
  • Eléonore Fabiola Victoria Anne Marie (* 16. Abrëll 2008 zu Anderlecht).

Trivial änneren

D'Mathilde ass zanter 1831, wéi d'Belsch no der Revolutioun en eegene Kinnek haten, déi éischt belsch Kinnigin déi op belschem Territoire op d'Welt koum.

 
Wope vun der Mathilde d'Udekem d'Acoz.

Um Spaweck änneren

Commons: Mathilde d'Udekem d'Acoz – Biller, Videoen oder Audiodateien