Musée national Picasso (Paräis)

De Musée national Picasso zu Paräis gehéiert zu de bedeitendste Muséeë vu Paräis.

De Musée Picasso zu Paräis

Am Musée sinn zirka 250 Wierker vum Kënschtler Pablo Picasso aus alle Periode vu sengem Liewen, virun allem Biller a Skulpturen, ausgestallt. Zu de Muséesbestänn gehéiert och déi fréier privat Konschtsammlung vum Picasso mat Biller vun ënner anerem dem Georges Braque, dem Paul Cézanne, dem Henri Matisse, dem Joan Miró an dem Amedeo Modigliani.

De Musée ass am Palais Hôtel Salé. Dëse Palais gouf an de Joren 1656-1659 fir de Pierre Aubert gebaut, deen d'Salzsteier agezunn huet. Vun do kënnt och den Numm Salé ("salzeg").

Um Spaweck änneren

Commons: Musée Picasso, Paris – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.