Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

lëtzebuergesch Foussballekipp
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lëtzebuerg
Logo
Spëtznumm: D'Rout Léiwen
(Les Lions Rouges,
Die Roten Löwen)
Federatioun: FLF
Trainer: Luc Holtz
Meescht Matcher: Mario Mutsch (102)
Meescht Goler: Léon Mart (16)
Stadion: Stadion vu Lëtzebuerg
(Stad Lëtzebuerg)
Historesch Matcher
Éischte Match: Lëtzebuerg – Frankräich: 1–4
29. Oktober 1911, Stad Lëtzebuerg
Héchst Victoire: Lëtzebuerg – Afghanistan: 6–0
26. Juli 1948, London
Héchst Nidderlag: Däitscht Räich – Lëtzebuerg: 0–9
4. August 1936, Berlin
Lëtzebuerg – England: 0–9
19. Oktober 1960, Stad Lëtzebuerg
England – Lëtzebuerg: 9–0
15. Dezember 1982, London
Portugal – Lëtzebuerg: 9–0
11. September 2023, Loulé[1]
Olympesch Summerspiller
Participatioun: 6 × (fir d'éischt 1920)
Bescht Resultat: Véierelsfinall 1948
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform

D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, A-Kader (offiziell: Équipe nationale du Luxembourg de football / Équipe nationale A) ass eng Selektioun vun de beschte Lëtzebuerger Foussballspiller, déi vun der Fédération luxembourgeoise de football (FLF) ausgewielt ginn. Si representéiert d'FLF op internationalem Niveau, zum Beispill bei Frëndschaftsmatcher géint Ekippe vun aneren nationale Verbänn, awer och bei de Qualifikatioune fir d'Europameeschterschaft (UEFA) an d'Weltmeeschterschaft (FIFA).

Foussball ass eng vun de beléiftste Sportaarten zu Lëtzebuerg. An der FIFA-Weltranglëscht läit d'Lëtzebuerger Nationalekipp op Plaz 85 vun 211 (Stand: September 2023).


D'Lëtzebuerger Foussballnationalekipp hat ni grousse Succès, an huet sech nach keng Kéier fir UEFA- oder FIFA-Meeschterschafte qualifizéiert. Lëtzebuerg huet souguer den Antirekord als d'Land mat der gréisster Zuel vu feelgeschloene Qualifikatioune fir d'Weltmeeschterschaft a fir eng regional Meeschterschaft. En Déifpunkt an der Geschicht waren d'Joren 1980 bis 1995 wou d'Selektioun 35 Néierlagen hannereneen huet missen astiechen. Am Oktober 1995 dogéint huet d'Lëtzebuerger Selektioun sech an der FIFA-Weltranglëscht fir d'éischt ënner déi 100 éischt Nationalekippe vun der Welt klasséiert, an dat fir zwéi Méint op der 98. Plaz.

Zanter 2010 ass de Luc Holtz Haapttrainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp. Ënner senger Leedung huet d'Ekipp weesentlech am meeschte Succès. D'Nationalekipp huet deemno géint d'Slowakei, Griicheland, Albanien, Ungarn, Nordirland asw. gewonnen, an huet mat en ettlechen zolidden Ekippen, ënner anerem mat Italien, Frankräich oder mam Senegal gläichgespillt.

Den éischte Match

änneren

Den 29. Oktober 1911 stoung fir d'éischt Kéier eng lëtzebuergesch Selektioun an engem offizielle Lännermatch um Terrain. De Frëndschaftsmatch géint Frankräich goung mat 1:4 an der Stad verluer. Déi éischt lëtzebuergesch Nationalekipp huet haaptsächlech aus Foussballspiller vun de Stater Veräiner Spora Lëtzebuerg, vun der Union Lëtzebuerg a vum Racing Lëtzebuerg bestanen: Alphonse Weicker, Jemmy Becker, Zénon Bernard, François Langers, Joseph Faber, Albert Elter, Emile Kuborn, Joseph Michaux, Henri Schwartz, Michel Ungeheuer a Victor Kauth. Den 8. Februar 1914 huet Lëtzebuerg sech revanchéiert, de Match ass 5-4 ausgaangen.

Olympesch Spiller

änneren

Oplëschtung vun alle Lëtzebuerger Participatioune bei olympesche Spiller:

Den aktuelle Kader

änneren
  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

23 vu 25 Nationalekippespiller spillen an auslännesche Clibb, an hirer 23 sinn a Profi-A-Kaderen (Stand: März 2024).

Positioun Spiller Alter am Ament
vum Match
Club
Am Gol: Anthony Moris 33 BEL  Union Saint Gilloise
Ralph Schon 29 LUX  FC UNA Stroossen
Tim Kips 18 BEL  RE Virton LUX  F91 Diddeleng
Ofwier: Laurent Jans 31 DEU  SV Waldhof Mannheim
Kevin Malget 28 BEL  RE Virton
Lars Gerson 33 SWE  IFK Norrköping
Dirk Carlson 21 DEU  Karlsruher SC
Chris Philipps 25 POL  Legia Warschau POL  Legia Warschau II
Marvin Martins Da Graça 24 UKR  Karpaty Lwiw
Mëttelfeld: Olivier Thill 22 RUS  FK Ufa
Leandro Barreiro Martins 23 DEU  1. FSV Mainz 05
Danel Sinani 22 LUX  F91 Diddeleng
Vincent Thill 19 FRA  FC Metz FRA  US Orléans
Aldin Skenderovic 22 LUX  FC Progrès Nidderkuer
Vahid Selimovic 22 CYP  Apollon Limassol
Tim Hall 22 UKR  Karpaty Lwiw
Mathias Olesen 22 DEU  1. FC Köln
Christopher Martins Pereira 22 RUS  Spartak Moskau
Ugrëff: Gerson Rodrigues Gouveia 24 JPN  Júbilo Iwata UKR  Dynamo Kyjiw
Maurice Deville 27 DEU  SV Waldhof Mannheim
David Turpel 26 LUX  F91 Diddeleng
Florian Bohnert 25 FRA  SC Bastia
Daniel Da Mota Alves 33 LUX  Racing FC Union Lëtzebuerg
Aurélien Joachim 32 BEL  RE Virton

Notten:
fettgedréckt: Kapitän
kursiv: Ersatzspiller
duerchgestrach Kursivschrëft: blesséierten oder ausgescheete Spiller

Kandidaten

änneren

D'Lëscht vu Spiller, déi ni am Kader vun der Lëtzebuerger Foussballnationalekipp waren, awer als potenziell zukünfteg Nationalspiller gëllen (Stand : September 2019).

Spiller
a seng Positioun
Duebel Nationalitéit ? Gebuertsdatum Club
vakant

De beschten FLF-Spiller

änneren

2004 huet d'Fédération luxembourgeoise de football de beschte Spiller vun de leschte 50 Joer ausgewielt. De "Gëlle Spiller" ([Luxembourg's] Golden Player) gëtt de Mëttelfeldspiller Louis Pilot (1940–2016)[2], dee vun 1959 bis 1971 am Kader vun der Foussballnationalekipp war, a siwe Goler geschoss huet. De Pilot war och bekannt als Member vu verschiddene belsche Clibb, ënner anerem vum Lécker Standart; seng Participatioun bei dësem Club war ganz erfollegräich.

Management

änneren

Traineren

änneren

Aktuellt Personal

änneren

(Stand: September 2023[3])

  • Trainer (entraîneur national): Luc Holtz
  • Assistenttrainer (entraîneur adjoint): Mario Mutsch
  • Trainer vun de Golkippen (entraîneur des gardiens de but): Rui Forte
  • Physikaleschen Trainer: Claude Origer
  • Medezinner: Yannik Zenner
  • Physiotherapeut: Yannik Zenner
  • Delegéiert vun der Ekipp: Chahbi Bouchaïb, Léon Huss

Matcher

änneren

An hirer Geschicht huet Lëtzebuerg 442 FIFA-Matcher gespillt, hirer 52 ware Victoirematcher, 56 ware Gläichspiller an 335 waren Néierlagen (Stand: Oktober 2023)[4].

D'Resultater no Joerzéngten:

Victoiren

änneren

Wéi uewe mentionéiert gëtt, huet d'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 36 Matcher gewonnen, hirer 16 bei offizielle Spiller an een an den Olympesche Spiller (Stand: Juni 2019). 16 Victoiren (~ 44%) waren ënner dem Trainer Luc Holtz[4].

Joer Dag Plaz Land Ekippen Resultat Match
2019 22. Mäerz Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Litauen 2:1 EMQ
2018 15. Oktober Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  San Marino 3:0 NL
2018 11. September Serravalle   San Marino   San Marino  Lëtzebuerg 0:3 NL
2018 08. September Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Moldawien 4:0 NL
2018 05. Juni Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Georgien 1:0 FrS
2018 22. Februar Ta' Qali   Malta   Malta  Lëtzebuerg 0:1 FrS
2017 09. November Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Ungarn 2:1 FrS
2017 31. August Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Wäissrussland 1:0 WMQ
2017 04. Juni Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Albanien 2:1 FrS
2015 13. November Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Griicheland 1:0 FrS
2015 5. September Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Nordmazedonien 1:0 EMQ
2013 10. September Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Nordirland 3:2 WMQ
2013 14. August Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Litauen 2:1 FrS
2012 29. Februar Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Nordmazedonien 2:1 FrS
2011 6. September Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Albanien 2:1 EMQ
2011 9. Februar Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Slowakei 2:1 FrS
2008 10. September Zürich CHE  Schwäiz CHE  Schwäiz  Lëtzebuerg 1:2 WMQ
2007 13. Oktober Homel   Wäissrussland   Wäissrussland  Lëtzebuerg 0:1 EMQ
2007 07. Februar Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Gambia 2:1 FrS
1995 06. September Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Malta 1:0 EMQ
1995 07. Juni Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Tschechesch Republik 1:0 EMQ
1995 22. Februar Ta' Qali   Malta   Malta  Lëtzebuerg 0:1 EMQ
1980 09. Mee Medan   Indonesien   Lëtzebuerg  Südkorea 3:2 MHC
1980 01. Mee Medan   Indonesien   Lëtzebuerg  Thailand 1:0 MHC
1973 04. November Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Norwegen 2:1 FrS
1972 22. Oktober Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Tierkei 2:0 WMQ
1969 10. Abrëll Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Mexiko 2:1 FrS
1963 30. Oktober Rotterdam   Holland   Holland  Lëtzebuerg 1:2 EMQ
1961 08. Oktober Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Portugal 4:2 WMQ
1951 04. November Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Finnland 3:0 FrS
1948 26. Juli Brighton   England   Lëtzebuerg  Afghanistan 6:0 Oly
1946 28. Juli Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Norwegen 3:2 FrS
1945 13. Mee Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Belsch 4:1 FrS
1940 31. Mäerz Rotterdam   Holland   Holland  Lëtzebuerg 4:5 FrS
1939 26. Mäerz Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Däitschland 2:1 FrS
1914 8. Februar Lëtzebuerg   Lëtzebuerg   Lëtzebuerg  Frankräich 5:4 FrS

Notten:
WMQ: Weltmeeschterschaftsqualifikatioun
EMQ: Europameeschterschaftsqualifikatioun
NL: UEFA Nations League
MHC: Marah Halim Cup
Oly: Olympia
FrS: Frëndschaftsspill

Spiller no der Zuel vu Matcher (Top-10)

änneren

(Stand : Juni 2019)

# Spiller Matcher Period
1. Mario Mutsch 102 2005–19
2. Daniel Da Mota Alves 101 2007–2021
3. Jeff Strasser 98 1993–2010
4. René Peters 93 2000–2013
5. Jonathan Joubert 90 2006–2017
6. Eric Hoffmann 89 2002–2014
7. Carlo Weis 87 1978–1998
8. François Konter 77 1955–1969
9. Aurélien Joachim 76 2005–19?
10. Roby Langers 73 1980–1998
Ben Payal 73 2006–2016

Notten:
fettgedréckt: nach en Nationaleqippespiller

Spiller no der Zuel vu Goler (Top-10)

änneren

(Stand : 25. September 2022)

# Spiller Goler Period
1. Léon Mart 16 1933–1945
2. Gusty Kemp 15 1938–1945
Gerson Rodrigues 15 2017–0000
Aurélien Joachim 15 2005–2013
Nicolas Kettel 15 1946–1959
3. Camille Libar 13 1938–1947
4. Menn Müller 12 1949–1954
5. Léon Letsch 11 1947–1963
6. Gilbert Dussier 9 1971–1978
Danel Sinani 9 2017–0000
8. Nico Braun 8 1970–1980
Johny Léonard 8 1962–1970
Roby Langers 8 1980–1998
Camille Dimmer 8 1957–1967
9. Jeff Strasser 7 1993–2010
Louis Pilot 7 1959–1977
Daniel Da Mota Alves 7 2007–2021

Notten:
fettgedréckt: nach en Nationaleqippespiller

Historesch Matcher

änneren

Den 8. Oktober 1961 huet Letzebuerg bei der WM-Qualifikatioun fir eng Sensatioun gesuergt a 4:2 géint Portugal gewonnen[5], déi mam Nationaheld Eusébio gespillt hunn. Fir Letzebuerg hu matgespillt, den Nationalekipp-Kapitän René Schneider, de Paul Steffen, Jules Zambon, Fernand Brosius, François Konter, Nicky Hoffmann, Erny Brenner, Henri Cirelli, Jeannot Hoffmann, Ady Schmit, Jean Vandivinit[6]

Galerie

änneren

Zukünfteg Matcher

änneren
  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

(Stand : bis zum Enn 2019)

Datum an Zäit Turnéier Match Resultat Plaz
22. Mäerz, 20:45 (CET) EMQ LUX  Lëtzebuerg vs. LTU  Litauen 2:1 Lëtzebuerger Haaptstad
25. Mäerz, 20:45 (CET) EMQ LUX  Lëtzebuerg vs. UKR  Ukrain 1:2 Lëtzebuerger Haaptstad
02. Juni, 20:00 (CEST) FrS LUX  Lëtzebuerg vs. MDG  Madagaskar 3:3 Lëtzebuerger Haaptstad
07. Juni, 20:45 (CEST) EMQ LTU  Litauen vs. LUX  Lëtzebuerg 1:1 Vilnius (Litauen)
10. Juni, 20:45 (CEST) EMQ UKR  Ukrain vs. LUX  Lëtzebuerg 1:0 Lwiw (Ukrain)
05. September, 19:45 (CEST) FrS NIR  Nordirland vs. LUX  Lëtzebuerg 1:0 Belfast (UK)
10. September, 20:45 (CEST) EMQ LUX  Lëtzebuerg vs. SRB  Serbien 1:3 Lëtzebuerger Haaptstad
11. Oktober, 20:45 (CEST) EMQ POR  Portugal vs. LUX  Lëtzebuerg Lissabon (Portugal)
15. Oktober, TBD (CEST) FrS DNK  Dänemark vs. LUX  Lëtzebuerg (Dänemark)
14. November, 20:45 (CET) EMQ SRB  Serbien vs. LUX  Lëtzebuerg onbekannt
17. November, 15:00 (CET) EMQ LUX  Lëtzebuerg vs. POR  Portugal onbekannt

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Den 10. Abrëll 1932 huet Lëtzebuerg an engem Frëndschaftsspill allerdéngs 12-0 géint Italie verluer.
  2. https://web.archive.org/web/20080519044519/http://www.uefa.com/uefa/news/Kind%3D256/newsId%3D130150.html
  3. http://www.flf.lu/Equipes-nationales/Equipe-nationale-A.aspx
  4. 4,0 4,1 http://www.rsssf.com/tablesl/lux-intres.html
  5. (de)Fundstücke aus dem Archiv: Luxemburg - Portugal. Luxemburger Wort (27.06.2024). Gekuckt de(n) 27.06.2024.
  6. „Schmitchen Schütze“: Petz Lahure über den 4:2-Sieg gegen Portugal vor 60 Jahren