Nationalpark Serra dos Órgãos


Den Nationalpark Serra dos Órgãos (Portugisesch: Parque Nacional da Serra dos Órgãos), ass en Nationalpark am brasilianesche Bundesstaat Rio de Janeiro. En ass no der Biergketten Serra dos Órgãos genannt, déi dra läit, a schützt och d'Quellen an deene Bierger.

Nationalpark Serra dos Órgãos
Parque Nacional da Serra dos Órgãos
Land Brasilien
Fläch 110 km²
Koordinaten 22.461° S’ 42.997’’ W
      ° {{{6}}}’ {{{7}}}’’ {{{8}}}
Geschützt zanter 1939

Den Park huet eng Fläch vun 10.527 Hektar a läit deelweis an de Gemenge Magé, Petrópolis anTeresópolis. 10 vun de Bierger déi dra sinn, sinn iwwer 2000 Meter héich, sechs anerer iwwer 1500 Meter. Den niddregste Punkt am Park ass an der Gemeng Magé, op 145 Meter. Den héchste Bierg ass de Pedra do Sino ("Klackefiels"), mat 2.263 Meter. Am bekanntsten ass awer den Dedo de Deus ("dem Gott säi Fanger"), deen e bëssen engem Indexfanger gläicht, deen an den Himmel weist. En huet 1.692 Meter.

De Serra dos Órgãos National Park gouf den 30. November 1939 als den drëtten Nationalpark a Brasilie gegrënnt. Wéi an den 1960er Jore Brasilia Haaptstad gouf, huet de Park manner Suen zur Verfügung gestallt kritt, a seng Infrastrukture sinn delabréiert. An den 1980er gouf en nees no an no an d'Rei gesat. An den 1990er Jore goufen déi al Gebaier restauréiert an neier gebaut.

Am Park herrscht e ganz fiicht tropescht Klima, mat 80% bis 90% relativer Loftfiichtegkeet, an enger Duerchschnëttstemperatur vun 13 bis 23 Grad Celsius. D'Temperatur ka bis op 38 Grad eropgoen, op héije Plaze kënnt et vir, datt et alt Frascht gëtt.

Bis 500 Meter ass d'Vegetatioun typesche Flaachland-Reebësch; tëscht 500 a 1500 Meter ass et déi vun engem Biergbësch. Bis 2000 Meter fënnt ee Wollekebësch, an do driwwer déi vun héije Bierger, mat oppenem Feld a vereenzelten Traisch. Iwwer 2.800 Planzenaarte goufen do gezielt, dorëner 360 Orchideeën an 100 Bromeliaden.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nationalpark Serra dos Órgãos – Biller, Videoen oder Audiodateien