Irina Palm

Film vum Sam Garbarski (2007)

Irina Palm ass eng Dramacomedie vum belsche Regisseur Sam Garbarski. Et ass eng international Koproduktioun.

Irina Palm
Film
Produktiounsland Belsch
Däitschland
Lëtzebuerg
Vereenegt Kinnekräich
Frankräich
Première 13. Februar 2007 (Berlinale)
11. Mee 2007 (Lëtzebuerg)
Dauer 104 min
Faarf Faarweg
Format 1.66:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Sam Garbarski
Dréibuch Philippe Blasband, Martin Herron
Fotografie Christophe Beaucarne
Musek Ghinzu
Schnëtt Ludo Troch
Dekoren Véronique Sacrez
Produzent Sébastien Delloye, Georges van Brueghel, Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
Entre Chien et Loup
Pallas Film
Samsa Film
Ipso Facto Films
Liaison Cinématographique
Ateliers de Baere
Radio Télévision Belge Francophone (RTBF)
Schauspiller
Marianne Faithfull als Maggie
Predrag 'Miki' Manojlovic als Miki
Kevin Bishop als Tom
Siobhan Hewlett als Sarah
Dorka Gryllus als Luisa
Jenny Agutter als Jane
Jules Werner als Doktor
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Maggie, eng 60-järeg Wittfra, ass verzweiwelt op der Sich no Sue fir d'Behandlung vun hirem kranken Enkel ze bezuelen. No engem Versuch, eng Aarbecht ze fannen, leeft si duerch d'Stroosse vu London. Do gesäit si an der Fënster vun engem Buttek mam Numm "Sexy World" eng Affiche, op där steet "Hostess gesicht". Ouni vill nozedenke geet si eran. De Besëtzer Micky schummt sech ufanks nach, mä ass séier faszinéiert vum Maggie, an aus Spaass un der Saach bitt hien hir d'Aarbecht un. Der Maggie hir nei Aarbechtskollegin Luisa weist hir wéi si engem Client en "Handjob" duerch e "Gloryhole" mécht, en also duerch e Lach an der Mauer masturbéiert. Nom éischten zécke gëtt d'Maggie séier gutt an där Saach. Si gebraucht den Numm Irina Palm als Decknumm. Mä si hält hir Aarbecht viru Frënn a Famill geheim, wat si a penibel Situatioune bréngt.

Filmpräisser a Kritik änneren

 
De Regisseur an d'Haaptschauspiller bei der Première zu Berlin

De Film hat seng Première 2007 op der Berlinale a war an der Course fir de prestigiéise "Gëllene Bier". Deen huet en zwar net gewonnen, e krut awer de Präis vun de Lieser vun der Zeitung Berliner Morgenpost. Am selwechte Joer, bei der 20. Editioun vum Europäesche Filmpräis, goufen d'Haaptacteure Marianne Faithfull a Predrag Manojlovic als bescht Schauspiller nominéiert.

Beim 3. Lëtzebuerger Filmpräis (2007) krut Irina Palm de Präis an der Kategorie "Bescht Koproduktioun".

Och soss war Irina Palm nach fir e puer Filmpräisser nominéiert. Gewonnen huet en 2008 och nach déi dräi italieenesch Präisser David di Donatello, Nastri d'argento a Globo d'oro, jeeweils an der Kategorie "Beschten Europäesche Film".

A Groussbritannien ass de Film net gutt ukomm. Den éischte Weekend huet en och nëmme 582 brittesch Pond eragespillt.[1] De Peter Bradshaw vum The Guardian huet geschriwwen, de Film wier "en ëmwerfend schreckleche brittesche Film - schrecklech op eng Aart a Weis, wéi et nëmme brittesch Filmer kënne sinn"[2]. En anere Kritiker huet den Negativpräis "Irina Palm d'Or" an d'Liewe geruff, deen en nom Sam Garbarski sengem Film benannt huet. Domat goufen tëscht 2008 an 2013 Filmer a Filmprestatiounen präisgekréint, déi als déi schlechtst a Groussbritannien empfonnt goufen.[3]

Quellen änneren

Referenzen änneren

  1. theguardian.com: The Irina Palm d'Or: And the loser is … vum Mike McCahill (26. November 2010)
  2. Am engleschen Original: "a gobsmackingly awful British film - awful in the way that somehow only British films can be"
  3. De Blog vun den "Irina Palm d'Or"