De Fändel vu Litauen huet dräi horizontal Sträifen an de Faarwe Giel, Gréng a Rout.

De Fändel vu Litauen

D'Giel am Fändel steet fir d'Sonn, d'Luucht an de Wuelstand, d'Gréngt fir d'Schéinheet vun der Natur, d'Fräiheet an d'Hoffnung. D'Rout representéiert de Buedem, de Mutt an d'Blutt dat fir Litauen vergoss gouf.[1]

Geschicht änneren

Aktuellen Nationalfändel änneren

De litauesche Fändel ass den 20. Mäerz 1989 ugeholl ginn, ronn zwee Joer virum Retablissement vun der Onofhängegkeet vum Land an dräi Joer virum Enn vun der Sowjetunioun. Virdrun ass dee Fändel schonn tëscht 1918 an 1940 benotzt ginn, bis zu deem Moment, wéi d'Land vun der sowjetescher Arméi besat a vun der Sowjetunioun annexéiert gouf.

Déi lescht Modifikatioun um Fändel ass 2004 gemaach ginn, wéi d'Säiteverhältnes geännert gouf (vun 1:2 op 3:5).

Sowjetesche Fändel änneren

Wärend dem Zweete Weltkrich war Litaue vun der Sowjetunioun (1940-1941, an och 1944-1990) a vun Nazidäitschland (1941-1944) besat. Wärend där Zäit an och duerno war den nationale Fändel verbueden. Zwee ënnerschiddlech Fändele goufe wärend der sowjetescher Period benotzt. Tëscht 1944 an 1953 war den Hannergrond rout, an dorop waren e gëllenen Hummer an eng gëlle Séchel ofgebilt, an et stoung a laténgesche Buschtawen LIETUVOS TSR ("Litauesch SSR" op Litauesch) drop. Dee Fändel ass 1953 ersat ginn duerch e Fändel, dee bis 1988, géint Enn vun der litauescher Sowjetescher Sozialistescher Republik Litauen, sollt benotzt ginn. E war och rout mat engem Hummer, enger Séchel an engem Stär uewe lénks. Am ënneschten Deel war eng wäiss a gréng horizontal Sträif verlaf.

Staatsfändel änneren

Zënter 2004 gëtt et donieft och nach en anere Fändel als Staatsfändel agefouert. Och deen entsprécht dem Staatsfändel, dee scho virun dem Zweete Weltkrich benotzt gouf. Dorop gesäit een op roudem Hannergrond de "Vytis", e wäisse Ritter op engem wäisse Päerd, deen engem Feind nozejoe schéngt. De Staatsfändel gëtt op bestëmmten historesche Gebaier a Feierdeeg geflunn, wéi zum Beispill dem Dag vum Staat (de 6. Juli) oder dem Dag vun der Verfassung (de 25. Oktober).

Fändel vum President änneren

De President vu Litauen huet zënter 1993 och en eegene Fändel. En ass donkelrout (offiziell "purpur"), mam Staatsemblem an der Mëtt (mam "Vytis"), dat riets vun engem Greif a lénks vun engem Eenhar gedroe gëtt. Dee Fändel gëtt op der Residenz vum President geflunn, wann en an der Haaptstad Vilnius ass, oder a senger Summerresidenz, wann en op där Plaz ass. Och Schëffer an aner Gefierer mam President u Bord weisen dee Fändel.

Änlech Fändelen änneren

De Fändel vun der dänescher Insel Ærø ass bis op Ënnerscheeder an der Faarfnuance mam litauesche Fändel esou gutt ewéi identesch.

De Fändel vu Myanmar huet och giel-gréng-rout horizontal Sträifen, op deenen an der Mëtt awer e wäisse Stär läit.

Galerie änneren

Commons: Fändele vu Litauen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Seimas of Lithuania: The Lithuanian State Flag (gekuckt den 2. Januar 2018)