Huy ass eng belsch Stad a Gemeng am Weste vun der Provënz Léck.

Huy
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Huy
Awunner 21.293 (1. Januar 2018)
Fläch 4.774
Koordinaten 50° 31’ 07’’ N
      05° 13’ 58’’ O
Telefonszon 085
Postcode 4500
Websäit http://www.huy.be

Geographie

änneren

Huy läit am Dall vun der Meuse op hallwem Wee tëscht Léck an Namur, op enger Héicht vu ronn 75 Meter. Huy gëtt vun der Meuse an zwee gespléckt.

Um rietsen Uwänner läit d'Alstad, déi dominéiert gëtt vun der Festung, der Citadelle de Huy, déi op um ëstlechen Ausleefer vun der laangezunnener Kopp, dem Mont Picard läit.

Um lénksen Uwänner an engem grousse Meander dee praktesch en Hallefkrees mécht läit de Faubourg Statte.

Zu Huy lafen d'Mehaigne an den Houyoux an d'Meuse.

Aner Uertschaften an der Gemeng

änneren

Geschicht

änneren

Den Ansfrid, de leschte Grof vu Huy huet 985 seng Grofschaft dem Prënz-Bëschof Notger vu Léck vermaach.

Am Joer 1066 huet de Lécker Bëschof Theoduin vu Bayern e Fräiheetsbréif ginn. Dëse Fräiheetsbréif ass haut dat eelst Dokument an deem Sënn, an Europa dat erhale blouf. Et war just eng Konditioun domat verbonnen, an déi war datt d'Hutois, also Leit vu Huy, sech missten un de Käschte vum Bau vun der Collégiale bedeelegen.

1235 kruten d'Awunner vu Huy dunn och nach d'Recht zwéi Buergermeeschteren, e Gemengerot an d'Vertrieder vun de Stänn ze wielen.

Huy war ëmmer e Sträitapel tëscht de Fransousen an dem Fürstebistum Léck. D'Stad gouf méi wéi eng Kéeir a Kricher verwéckelt, d'Festung huet dacks de Proprietär gewiesselt, a gouf e puermol ofgerappt an erëm opgeriicht.

Dat schlëmmst war awer wéi 1689 de Louis XIV. den Uerder ginn huet d'Stad nidderzebrennen. Aachthonnert Haiser an zwou Kierche si verbrannt ginn. D'Wéngerten an den Häng ronderëm goufen dobäi och zerstéiert, an domat de Revenu vum Verkaf vun enger hallwer Millioun Litere Wäin am Joer.

Vu 1717 un hat Huy du seng Rou bis 1814 wou et ënner den Attacke vun den deemolegen Alliéierten ze leiden hat, an 100 Joer méi spéit wéi et vun der däitscher Arméi iwwerfall gouf.

Jumelagen

änneren

Huy ass jumeléiert mat:

Zanter 1983 ass d'Arrivée vun der Flèche wallonne zu Huy.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Huy – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Zitadell vu Huy vum Quai Batta aus gesinn. D'Foto gouf ënner dem Pont de Fer gemaach