Däitschsproocheg Communautéit vun der Belsch

Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Déi Däitschsproocheg Communautéit (op Däitsch: Deutschsprachige Gemeinschaft Belgiens) ass déi klengst vun den dräi Communautéiten. Si representéiert d'Belsch, déi an engem klenge Gebitt am Oste vun der Belsch an der Provënz Léck wunnen an déi Däitsch schwätzen (Héichdäitsch an donieft däitsch Dialekter).

Däitschsproocheg Communautéit vun der Belsch
Land Belsch
Awunner 75.222
Fläch 853,65 km²
Websäit https://ostbelgienlive.be

Zënter 2017 nennt sech déi Däitschsproocheg Communautéit selwer Ostbelgien, och wann deen Numm net an der belscher Verfassung verankert ass.

Se besteet aus Gebidder, déi d'Belsch nom Éischte Weltkrich vum Däitsche Räich annektéiert huet. D'Gebitt ëm Malmedy ass allerdéngs frankophon a gouf, tëschent 1815 an 1918, als Wallonie malmédienne oder Wallonie prussienne bezeechent. Ufanks war geplangt, déi aner Gebidder och ze franciséieren, éier 1984 déi Däitschsproocheg Communautéit an hirer haiteger Form unerkannt gouf. Se gehéiert awer regionalpolitesch ëmmer nach zu Wallounien.

De Feierdag vun der Däitschsproocheger Communautéit ass de 15. November[1]

Gemengen an Awunner änneren

 
Däitschsproocheg Communautéit

Déi däitschsproocheg Communautéit ëmfaasst néng Gemenge mat ronn 78.000 Awunner:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Däitsch Communautéit vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Decret vum 1. Oktober 1990, publizéiert am Moniteur belge de 15. November 1990, Säit 21587