De Georges Méliès, gebuer den 8. Dezember 1861 zu Paräis, an och do den 21. Januar 1938 gestuerwen, war e franséischen Zauberkënschtler, Theaterproprietaire, Filmpionéier a Filmregisseur.

Georges Méliès
Gebuertsnumm Marie Georges Jean Méliès
Gebuer 8. Dezember 1861
Paräis
Gestuerwen 21. Januar 1938
Paräis
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Louis-le-Grand
Aktivitéit Schauspiller, Filmregisseur, Animateur, Filmediteur, Dréibuchauteur, Zauberkënschtler, Filmmécher, Filmproduzent, Kameramann, Filmschauspiller, Zeechner
Famill
Bestuet mat Jeanne d'Alcy

De Méliès war deen éischten, deen dat neit Medium Film geholl huet, fir Geschichten z'erzielen (an net just den Alldag ofzefilmen) an hie gëllt als den Erfinder vun der Stop-Motion-Filmtechnik, déi et erlaabt, Saachen am Film ze weisen, déi an der Realitéit onméiglech sinn (wéi z. B. Leit oder Saache verschwannen oder op eemol opdauchen ze dinn, duerch Bild-fir-Bild-Opnamen onaniméiert Saachen oder Maquettë beweegen, asw.) Hie gëllt deemno als eigentlechen "Erfinder" vum Film als e Konscht-Medium.

De Marie-Georges-Jean Méliès war de Jong vun engem Schongfabrikant. Wärend engem Studienopenthalt zu London (wuer säi Papp e geschéckt hat fir Englesch ze léieren) huet hie seng Passioun fir Illusiounisten entdeckt. De Méliès huet deen Deel vu sengem Papp sengem Ierwen, dat hien zegutt hätt, senge Bridder verkaaft an huet 1898 mat deene Suen den Théâtre Robert-Houdin kaf, wou Zauberkënschtler, Pantomimen, asw. opgetruede sinn. Dee goung ufanks awer net besonnesch gutt.

D'Bridder Lumière haten iwwer dem Theater en Atelier gelount. Nodeems en eng vun den éischte Filmvirféierunge vun hinne gesinn huet, ass de Méliès op London gefuer, fir e Projekter vum Robert William Paul an e puer Filmer vum Thomas Alva Edison, zesumme mat onbeliichtenem Filmmaterial ze kafen, an huet doropshi säin Theater de 4. Abrëll 1896 nei als Kino opgemaach. Hien huet e weidere Projekter kaaft an dee vum Paul an eng Kamera ëmgebaut. Am Summer 1896 huet de Méliès säin éischte Film mam Titel Une partie de cartes gedréint, an duerno e puer Alldagszeenen, bei déi geschwënn nogestallten Zeenen, scènes composées, derbäikoumen. Hien huet seng Filmer net nëmmen a sengem Theater gewisen, mä huet se och u Kiermesleit verlount, déi s'op Joermäert, zesumme mat aneren Attraktiounen, gewisen hunn.

1896 huet de Méliès zu Montreuil deen éischte Filmstudio a Frankräich gebaut, deen Ufanks 1897 a Betrib geholl gouf. En hat e gliesenen Daach, fir Luucht ze hunn, an eng Bün mat Faldieren a Kulissen, wéi an engem Theater. Do huet hie vun do u bal all seng Filmer gedréint.

1897 huet de Méliès d'Produktiounsfirma Star Film gegrënnt, mat där e bis 1913 iwwer 500 Filmer gedréint huet. Am Ufank hat hien domat grousse Succès, huet awer no an no ëmmer méi Konkurrenz kritt, an och deemools scho gouf et illegal Kopië vu senge Filmer, fir déi e kee Su kritt huet. Wéi sech och d'Distributioun ëmmer méi professionaliséiert huet, huet hie seng Filmer zulescht duerch der Pathé hire Reseau weise gelooss, an huet 1913 säi Studio zougemaach.

Wärend dem Éischte Weltkrich ass de Méliès als Varietékënschtler opgetrueden, huet awer säi ganzt Verméige verluer. Vill vu senge Filmer goufen als Réimaterial fir e puer Su recycléiert a si fir ëmmer verluer. Nom Krich huet hie bis 1932 vun engem klenge Buttek mat Spillgezei, an der Gare Montparnasse, gelieft. Eréischt 1929 gouf sech u seng Pionéierroll fir de Film erënnert, an e puer Journalisten a Filmregisseuren hunn him a senger Fra et erméiglecht, an engem Altersheim zu Orly kënnen zu wunnen. Hie gouf um Kierfecht Père-Lachaise begruewen.

Zeen aus Le Voyage dans la Lune (1902).

Ongeféier 200 Filmer, déi tëscht 1896 an 1913 gedréint goufen, sinn erhale bliwwen. Si gehéieren zu deenen ënnerschiddlechste Genren, vun Dokumenter oder nogespillt Zeene vun historeschen oder aktuellen Evenementer, wéi z. B. d'Affaire Dreyfus - d'Kréinung vum Edvard VII. huet hien "no"gedréint, nach éier dës geschitt war - bis zu phantasievolle Geschichtercher, zum Deel inspiréiert vu literareschen Texter. Sou huet de Méliès zum Beispill mat Le Voyage dans la Lune 1902 de Roman vum Jules Verne mam selwechten Titel "verfilmt", a sou deen éischte Science-Fiction-Film iwwerhaapt geschaf.

Filmer (Auswiel)

änneren
  • 1896: Une partie de cartes (Katalog-Nr. 1)
  • 1896: Défense d'afficher (Katalog-Nr. 15)
  • 1896: Une nuit terrible (Katalog-Nr. 26)
  • 1896: Barque sortant du port de Trouville (Katalog-Nr. 31)
  • 1896: Escamotage d'une dame chez Robert-Houdin (Katalog-Nr. 70)
  • 1896: Le manoir du diable (Katalog-Nr. 78-80)
  • 1896: Le cauchemar (Katalog-Nr. 82)
  • 1897: L'hallucination de l‘alchimiste (Katalog-Nr. 95)
  • 1897: Le château hanté (Katalog-Nr. 96)
  • 1897: Sur les toits (Katalog-Nr. 100)
  • 1897: Bombardement d'une maison (Katalog-Nr. 105)
  • 1897: La prise de Tournavos (Katalog-Nr. 106)
  • 1897: Combat naval en Grèce (Katalog-Nr. 110)
  • 1897: Entre Calais et Douvres (Katalog-Nr. 112)
  • 1897: L'auberge ensorcelée (Katalog-Nr. 122-123)
  • 1897: Après le bal (Katalog-Nr. 128)
  • 1898: Les rayons Röntgen (Katalog-Nr. 142)
  • 1898: Visite sous-marine du „Maine“ (Katalog-Nr. 147)
  • 1898: Panorama pris d'un train en marche (Katalog-Nr. 151)
  • 1898: Le magicien (Katalog-Nr. 153)
  • 1898: Illusions fantasmagoriques (Katalog-Nr. 155)
  • 1898: Guerre de Cuba et l'explosion du Maine à La Havane
  • 1898: Guillaume Tell et le clown (Katalog-Nr. 159)
  • 1898: La lune à un mètre (Katalog-Nr. 160-162)
  • 1898: Un homme de têtes (Katalog-Nr. 167)
  • 1898: La tentation de Saint Antoine (Katalog-Nr. 169)
  • 1899: Cléopâtre (Katalog-Nr. 175-176)
  • 1899: L'illusionniste fin de siècle (Katalog-Nr. 183)
  • 1899: Le diable au couvent (Katalog-Nr. 185-187)
  • 1899: La danse du feu (Katalog-Nr. 188)
  • 1899: Le portrait mystérieux (Katalog-Nr. 196)
  • 1899: L'affaire Dreyfus (Katalog-Nr. 206-215)
  • 1899: Cendrillon (Katalog-Nr. 219-224)
  • 1899: Le chevalier mystère (Katalog-Nr. 226-227)
  • 1900: Tom Whisky ou l'illusionniste toqué (Katalog-Nr. 234)
  • 1900: La vengeance du gâte-sauce (Katalog-Nr. 243)
  • 1900: Les infortunes d'un explorateur ou les momies récalcitrantes (Katalog-Nr. 244)
  • 1900: L'homme orchestre (Katalog-Nr. 262-263)
  • 1900: Jeanne d'Arc (Katalog-Nr. 264-275)
  • 1900: Le rêve du radjah ou la forêt enchantée (Katalog-Nr. 281-282)
  • 1900: Le sorcier, le prince et le bon genie (Katalog-Nr. 285-286)
  • 1900: Le livre magique (Katalog-Nr. 289-291)
  • 1900: Spiritisme abracadabrant (Katalog-Nr. 293)
  • 1900: L'illusionniste double et la tête vivante (Katalog-Nr. 294)
  • 1900: Rêve de Noël (Katalog-Nr. 298-305)
  • 1900: Nouvelles luttes extravagantes (Katalog-Nr. 309-310)
  • 1900: Le repas fantastique (Katalog-Nr. 311)
  • 1900: Le déshabillage impossible (Katalog-Nr. 312-313)
  • 1900: Le tonneau des Danaïdes (Katalog-Nr. 314)
  • 1900: Le savant et le chimpanzé (Katalog-Nr. 317)
  • 1900: Le réveil d'un monsieur pressé (Katalog-Nr. 322)
  • 1901: La maison tranquille (Katalog-Nr. 325-326)
  • 1901: La chrysalide et le papillon (Katalog-Nr. 332-333)
  • 1901: Dislocation mystérieuse (Katalog-Nr. 335-336)
  • 1901: L'antre de esprits (Katalog-Nr. 345-347)
  • 1901: Chez la sorcière (Katalog-Nr. 350-351)
  • 1901: Excelsior ! (Katalog-Nr. 357-358)
  • 1901: L'omnibus des toqués ou blancs et noirs (Katalog-Nr. 359)
  • 1901: Barbe-bleue (Katalog-Nr. 361-370)
  • 1901: Le chapeau à surprise (Katalog-Nr. 371-372)
  • 1901: L'homme à la tête en caoutchouc (Katalog-Nr. 382-383)
  • 1901: Le diable géant ou le miracle de la madone (Katalog-Nr. 384-385)
  • 1901: Nain et géant (Katalog-Nr. 386)
  • 1902: Douche du colonel (Katalog-Nr. 391)
  • 1902: L'œuf du sorcier (Katalog-Nr. 392-393)
  • 1902: La danseuse microscopique (Katalog-Nr. 394-396)
  • 1902: Éruption volcanique à la Martinique (Katalog-Nr. 397)
  • 1902: Le voyage dans la lune (Katalog-Nr. 399-411)
  • 1902: La clownesse fantôme (Katalog-Nr. 412)
  • 1902: The Coronation of Edward VII
  • 1902: Les trésors de Satan (Katalog-Nr. 413-414)
  • 1902: L'homme-mouche (Katalog-Nr. 415-416)
  • 1902: L'équilibre impossible (Katalog-Nr. 419)
  • 1902: Le voyage de Gulliver à Lilliput et chez les géants (Katalog-Nr. 426-429)
  • 1902: Les aventures de Robinson Crusoé (Katalog-Nr. 430-443)
  • 1903: La guirlande merveilleuse (Katalog-Nr. 445-448)
  • 1903: Un malheur n'arrive jamais seul (Katalog-Nr. 451-452)
  • 1903: Le cake-walk infernal (Katalog-Nr. 453-457)
  • 1903: La boîte à malice (Katalog-Nr. 458-459)
  • 1903: Le puits fantastique (Katalog-Nr. 462-464)
  • 1903: L'auberge du bon repos (Katalog-Nr. 465-469)
  • 1903: La statue animée (Katalog-Nr. 470-471)
  • 1903: La flamme merveilleuse (Katalog-Nr. 472)
  • 1903: Le sorcier (Katalog-Nr. 473-475)
  • 1903: L'oracle de Delphes (Katalog-Nr. 476)
  • 1903: Le portrait spirite (Katalog-Nr. 477-478)
  • 1903: Le mélomane (Katalog-Nr. 479-480)
  • 1903: Le monstre (Katalog-Nr. 481-482)
  • 1903: Le royaume des fées (Katalog-Nr. 483-498)
  • 1903: Le chaudron infernal (Katalog-Nr. 499-500)
  • 1903: Le revenant (Katalog-Nr. 501-502)
  • 1903: Le tonnerre de Jupiter (Katalog-Nr. 503-505)
  • 1903: Le parapluie fantastique (Katalog-Nr. 506-507)
  • 1903: Tom Tight et Dum Dum (Katalog-Nr. 508-509)
  • 1903: Bob Kick, l'enfant terrible (Katalog-Nr. 510-511)
  • 1903: Illusions funambulesques (Katalog-Nr. 512-513)
  • 1903: L'enchanteur Alcofribas (Katalog-Nr. 514-516)
  • 1903: Jack et Jim (Katalog-Nr. 517-519)
  • 1903: La lanterne magique (Katalog-Nr. 520-524)
  • 1903: Le rêve du maître de ballet (Katalog-Nr. 525-526)
  • 1903: Faust aux enfers (Katalog-Nr. 527-533)
  • 1904: Le bourreau turc (Katalog-Nr. 534-535)
  • 1904: Au clair de la lune ou Pierrot malheureux (Katalog-Nr. 538-539)
  • 1904: Un prêté pour un rendu (Katalog-Nr. 540-541)
  • 1904: Un peu de feu s.v.p. (Katalog-Nr. 545)
  • 1904: Le coffre enchanté (Katalog-Nr. 547-549)
  • 1904: Les apparitions fugitives (Katalog-Nr. 550-551)
  • 1904: Le roi du maquillage (Katalog-Nr. 552-553)
  • 1904: Le rêve de l‘horloger (Katalog-Nr. 554-555)
  • 1904: Les transmutations imperceptibles (Katalog-Nr. 556-557)
  • 1904: Un miracle sous l‘Inquisition (Katalog-Nr. 558-559)
  • 1904: Damnation du docteur Faust (Katalog-Nr. 562-574)
  • 1904: Le thaumaturge chinois (Katalog-Nr. 578-580)
  • 1904: Le merveilleux éventail vivant (Katalog-Nr. 581-584)
  • 1904: Sorcellerie culinaire (Katalog-Nr. 585-588)
  • 1904: La planche du diable (Katalog-Nr. 589-590)
  • 1904: La sirène (Katalog-Nr. 593-595)
  • 1904: Le voyage à travers l'impossible (Katalog-Nr. 641-659)
  • 1904: Le juif errant (Katalog-Nr. 662-664)
  • 1904: La cascade de feu (Katalog-Nr. 665-667)
  • 1904: Détresse et charité (Katalog-Nr. 669-677)
  • 1905: Les cartes vivantes (Katalog-Nr. 678-679)
  • 1905: Le diable noir (Katalog-Nr. 683-685)
  • 1905: Le phénix ou le coffret de cristal (Katalog-Nr. 686-689)
  • 1905: Le menuet lilliputien (Katalog-Nr. 690-692)
  • 1905: Le baquet de Mesmer (Katalog-Nr. 693-695)
  • 1905: Le palais des mille et une nuits (Katalog-Nr. 705-726)
  • 1905: Le compositeur toqué (Katalog-Nr. 727-731)
  • 1905: La chaise à porteurs enchantée (Katalog-Nr. 738-739)
  • 1905: Le raid Paris-Monte-Carlo en deux heures (Katalog-Nr. 740-749)
  • 1905: L'île de Calypso (Katalog-Nr. 750-752)
  • 1905: Un feu d'artifice improvisé (Katalog-Nr. 753-755)
  • 1905: La légende de Rip van Winckle (Katalog-Nr. 756-775)
  • 1906: Le tripot clandestine (Katalog-Nr. 784-785)
  • 1906: Le dirigeable fantastique ou le cauchemar d'un inventeur (Katalog-Nr. 786-788)
  • 1906: Une chute de cinq étages (Katalog-Nr. 789-790)
  • 1906: Jack le ramoneur (Katalog-Nr. 791-806)
  • 1906: Le maestro Do-Mi-Sol-Do (Katalog-Nr. 807-809)
  • 1906: La cardeuse de matelas (Katalog-Nr. 818-820)
  • 1906: Les affiches en goguette (Katalog-Nr. 821-823)
  • 1906: Les incendiaires (Katalog-Nr. 824-837)
  • 1906: L'anarchie chez Guignol (Katalog-Nr. 837-839)
  • 1906: L'hôtel des voyageurs de commerce ou les suites d'une bonne cuite (Katalog-Nr. 843-845)
  • 1906: Les bulles de savon vivantes (Katalog-Nr. 846-848)
  • 1906: Les quatre cents farces du diable (Katalog-Nr. 849-870)
  • 1906: L'alchimiste Parafaragaramus ou la cornue infernale (Katalog-Nr. 874-876)
  • 1906: La fée Carabosse ou le poignard fatal (Katalog-Nr. 877-887)
  • 1906: Robert Macaire et Bertrand, les rois des cambrioleurs (Katalog-Nr. 888-905)
  • 1907: La douche d'eau bouillante (Katalog-Nr. 909-911)
  • 1907: Deux cents milles sous les mers ou le cauchemar du pêcheur (Katalog-Nr. 912-924)
  • 1907: Les fromages automobiles (Katalog-Nr. 925-928)
  • 1907: Le mariage de Victoire (Katalog-Nr. 929-935)
  • 1907: Le tunnel sous la Manche ou le cauchemar franco-anglaise (Katalog-Nr. 936-950)
  • 1907: L'éclipse du soleil en pleine lune (Katalog-Nr. 961-968)
  • 1907: Pauvre John ou les aventures d'un buveur de whisky (Katalog-Nr. 1000-1004)
  • 1907: La colle universelle (Katalog-Nr. 1005-1009)
  • 1907: Satan en prison (Katalog-Nr. 1010-1013)
  • 1907: Ali Barbouyou et Ali Bouf à l‘huile (Katalog-Nr. 1014-1017)
  • 1908: Le tambourin fantastique (Katalog-Nr. 1030-1034)
  • 1908: La cuisine de l‘ogre (Katalog-Nr. 1035-1039)
  • 1908: François 1er et Triboulet (Katalog-Nr. 1040-1043)
  • 1908: Il y a un dieu pour les ivrognes (Katalog-Nr. 1044-1049)
  • 1908: Les torches humaines (Katalog-Nr. 1066-1068)
  • 1908: Le génie du feu (Katalog-Nr. 1069-1072)
  • 1908: Why That Actor Was Late (Katalog-Nr. 1073-1080)
  • 1908: Le rêve d'un fumeur d'opium (Katalog-Nr. 1081-1085)
  • 1908: La photographie électrique à distance (Katalog-Nr. 1091-1095)
  • 1908: La prophétesse de Thèbes (Katalog-Nr. 1096-1101)
  • 1908: Salon de coiffure (Katalog-Nr. 1102-1103)
  • 1908: Le nouveau seigneur du village (Katalog-Nr. 1132-1145)
  • 1908: L‘avare (Katalog-Nr. 1146-1158)
  • 1908: Le conseil du pipelet ou un tour à la foire (Katalog-Nr. 1159-1165)
  • 1908: Lully ou le violon brisé (Katalog-Nr. 1176-1185)
  • 1908: Les patineurs (Katalog-Nr. 1227-1232)
  • 1908: Amour et mélasse (Katalog-Nr. 1246-1249)
  • 1908: Les mésaventures d'un photographe (Katalog-Nr. 1250-1252)
  • 1908: Le fakir de Singapour (Katalog-Nr. 1253-1257)
  • 1908: A Tricky Painter's Fate (Katalog-Nr. 1266-1268)
  • 1908: French Interpreter Policeman (Katalog-Nr. 1288-1293)
  • 1908: Anaïc ou le balafré (Katalog-Nr. 1301-1309)
  • 1908: Pour l'étoile S.V.P. (Katalog-Nr. 1310-1313)
  • 1908: Conte de la grand-mère et rêve de l'enfant (Katalog-Nr. 1314-1325)
  • 1908: Hallucinations pharmaceutiques ou le truc du potard (Katalog-Nr. 1416-1428)
  • 1908: La bonne bergère et la mauvaise princesse (Katalog-Nr. 1429-1441)
  • 1909: Hydrothérapie fantastique (Katalog-Nr. 1476-1485)
  • 1909: Le locataire diabolique (Katalog-Nr. 1495-1501)
  • 1909: Les illusions fantaisistes (Katalog-Nr. 1508-1512)
  • 1909: Papillon fantastique (Katalog-Nr. 1530-1533)
  • 1911: Les hallucinations de baron du Münchausen (Katalog-Nr. 1536-1547)
  • 1911: Le vitrail diabolique (Katalog-Nr. 1548-1556)
  • 1912: À la conquête du pôle
  • 1912: Cendrillon ou la pantoufle merveilleuse
  • 1912: Le chevalier des neiges
  • 1913: Le voyage de la famille Bourrichon
 
Zeen aus Un homme de têtes (1898).

Documentairen

änneren
  • 1952: Le Grand Méliès. Regie: Georges Franju
  • 2012: Georges Méliès: À la conquête du cinématographie. La Cinémathèque Française/StudioCanal, Paris (3 DVDen an e Bichelchen)
  • 2012: Georges Méliès: Die Magie des Kinos. Arthaus/Kinowelt (2 DVDen an e Bichelchen)

Rezeptioun

änneren

De Brian Selznick huet 2007 a sengem Roman The Discoovery of Hugo Cabret erzielt, wéi e Jong, den Hugo Cabret, de Méliès a sengem Spillsaachebuttek, an duerno seng Filmer, entdeckt. De Martin Scorsese huet dësen 2011 ënner dem Titel Hugo Cabret verfilmt.

Literatur

änneren
  • Georges Méliès. Magier der Filmkunst (= KINtop. Bd. 2). Stroemfeld u. a., Basel u. a. 1993, ISBN 3-87877-782-5.
  • Maurice Bessy, Lo Duca: Georges Méliès, mage . Pauvert, Paris 1961.
  • Jacques Deslandes: Le Boulevard du Cinéma à l'Époque de Georges Méliès (= 7e art. Bd. 36, ISSN 0768-1496). Les Éditions des Cerf, Paris 1963.
  • Elisabeth Ezra: Georges Méliès. The Birth of the Auteur. Manchester University Press, Manchester u. a. 2000, ISBN 0-7190-5396-X.
  • John Frazer: Artificially Arranged Scenes. The Films of Georges Méliès. G. K. Hall, Boston MA 1979, ISBN 0-8161-8368-6.
  • Paul Hammond: Marvellous Méliès. Gordon Fraser Gallery, London u. a. 1973, ISBN 0-900406-38-0.
  • Jacques Malthête, Laurent Mannoni (Hrsg.): Méliès. Magie et cinéma. Paris musées, Paris 2002, ISBN 2-87900-598-1 (Katalog vun enger Ausstellung, 26. Abrëll bis 1. September 2002).
  • Laurent Mannoni, Jacques Malthête: L'œuvre de Georges Méliès. Éditions de la Martinière, Paris 2008, ISBN 978-2-7324-3732-3.
  • Georges Sadoul: Georges Méliès. Présentation et Bio-Filmographie. Choix de Textes, Correspondance et Propos de Méliès, Scénarios, Impressions et Témoignages, Bibliographie, Documents Iconographiques. Éditions Seghers, Paris 1961.

Um Spaweck

änneren
Commons: Georges Méliès – Biller, Videoen oder Audiodateien