|
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur an Iwwersetzer Jean-François Gangler. Fir den Architekt François Gangler, kuckt wgl. François Gangler.
|
|
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
De Jean-François Gangler, gebuer de 4. Juli 1788 a gestuerwen den 13. Mäerz 1856 an der Stad Lëtzebuerg, war en Zaldot ënner dem Napoleon, Läitnant am Département des Forêts, Sproocheprofesser zu Prag, Polizeikommissär a vereedegten Iwwersetzer zu Lëtzebuerg.
Bekannt gouf hien 1840 duerch d'Publikatioun vum éischte Lyrikband op Lëtzebuergesch: "Koirblummen um Lamperbiéreg geplekt". 1847 gëtt hien deen éischte Lëtzebuerger Dictionnaire, de "Lexicon der Luxemburger Umgangssprache" eraus. Vun him staamt och ë. a. en Text iwwer den Hämmelsmarsch, deen haut an de Vergiess geroden ass.