De Michel Gloesener gebuer den 2. Mäerz 1792[1] am Péiteschhaus zu Uewerkäerjeng a gestuerwen den 11. Juli 1876[2], war e lëtzebuergesche Physiker a Fuerscher.

Michel Gloesener
Gebuer 2. Mäerz 1792
Uewerkäerjeng
Gestuerwen 11. Juli 1876
Léck
Aktivitéit Erfinder, Universitéitsprofesser

Hien huet zu Léck studéiert, a goung dann op Paräis, wou en ënner anerem beim André-Marie Ampère säi Studium perfektionéiert huet. A senger Dokterthees vun 1824 huet hie sech mam kontroversen Theema vun de cheemeschen Affinitéiten auserneegesat.

Säin Haaptgebitt war den Elektromagnetismus, wou en d'Fuerschungsresultater vum Ampère, vum Claude Louis Berthollet a vun der Société d'Arcueil mam John Dalton senger Atom-Hypothees verbonnen huet.

De Gloesener huet ënner anerem elektresch Aueren an Telegraphe gebaut.

Hie war Lecteur, a vun 1825 bis 1830, Professeur extraordinaire op der Universitéit zu Louvain. 1830 koum hien op d'Uni vu Léck, wou e Physik, Experimentalphysik, physesch Astronomie a physesch Mathematik enseignéiert huet.

Wärend senger Zäit zu Léck war hien dräimol President vun der Société royale des sciences de Liège. Als Erënnerung u seng Aktivitéiten zu Léck gouf, nieft dem Pont Gramme am Quartier Fetinne, e Boulevard no him genannt, de Boulevard Gloesener.

Member vu wëssenschaftlechen Akademien a Gesellschaften änneren

De Michel Gloesener war Member vu ville wëssenschaftlechen Akademien a Gesellschaften, dorënner och d'Société des sciences naturelles de Luxembourg, an déi hien den 18. Februar 1864 als Éieremember opgeholl ginn ass[3].

D'Gebuertshaus änneren

Duerch den Arrêté vum Regierungsrot vum 31. Juli 2009 ass d'Péiteschhaus zu Uewerkäerjeng, dem Gloesener säi Gebuertshaus, dat an der Jean-Pierre-Origer-Strooss op Nummer 10 steet, als nationaalt Monument klasséiert ginn[4], eng Decisioun, déi net onëmstridde war, wéi d'Diskussiounen, déi an der Sitzung vum Gemengerot vu Nidderkäerjeng vum 16. Januar 2002 dat scho gewisen haten. Do stoung de Bréif vun der Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges vum 8. November 2001, an deem an enger éischter Phas proposéiert gouf, dat Haus op den "inventaire supplémentaire" ze setzen. Den "avis favorable" vum Gemengerot war deemools mat 7 Stëmme géint 5 éischter knapps ausgefall[5].

Publikatiounen änneren

(Auswiel)

  • 1853: Recherches sur la télégraphie électrique. 124 S. H. Dessain, Liège.
  • 1861: Traité général des applications de l'électricité: tome premier. 520 S. E. Noblet, Paris, Liège.
  • 1873: Études sur l'électro-dynamique et l'électro-magnétisme: importance du principe du renversement alternatif du courant dans les électro-aimants[6]. 2de éd. considérablement augm., F. Hayez, Bruxelles, 111 p.

Literatur änneren

  • Arendt, Karl, 1972. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Neuauflage. Éd. Kutter, Luxemburg, 514 S. (Michael Gloesener, S. 463).
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Vol. 1: A-L. Kraus International Publications, München, XXXIII, 756 S. (Gloesener Michel: S. 344-347).
  • Fischbach, Henri, 1986. Genealogische Notizen über die Familien Gloesener und Knepper. Kehlen: H. Fischbach, Luxembourg, Rapid Press, n.p.
  • Folie, François, 1878. Notice sur Michel Gloesener, membre de l'Académie. In: Annuaire de l'Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, 44e année, 1878, p. 277-344. [3]
  • Friedrich, Evy, 1981. Kalennerblieder. Bd. 3. Lëtzebuerg, J.P. Krippler, 395 S. (Mich Gloesener, S. 204).
  • Gengler, Th., 1935/36. Michel Gloesener, Universitätsprofessor in Lüttich. In: Die Rundschau 1935, 3. Jg., Nr. 26 (17. Dezember), S. 2 [Beilage zu: Luxemburger Wort 1935, Nr. 351 (17. Dezember)] [4]; Die Rundschau 1935, 3. Jg., Nr. 27 (31. Dezember), S. 2 [Beilage zu: Luxemburger Wort 1935, Nr. 365 (31. Dezember)] [5]; Die Rundschau 1936, 4. Jg., Nr. 3 (11. Februar), S. 2 [Beilage zu: Luxemburger Wort 1936, Nr. 42 (11. Februar)] [6].
  • Gloden, Albert, 1950. Un éminent physicien luxembourgeois: Michel Gloesener (1794-1876). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 54 (1949), S. 255-257. [7]
  • Hilbert, Roland, 2000. Michel Gloesener: l'inventeur luxembourgeois du moteur électrique et génie méconnu. Die Warte 2000 (39/19426 (14. Dezember), S. 1.
  • Le Roy, Alphonse, 1869. Gloesener (Michel). In: A. Le Roy: Liber memorialis: l'université de Liège depuis sa fondation. Liège, Imprimerie de J.-G. Carmanne, col. 666-696. [8]
  • Milmeister, Jean, 1976. Erfand der Luxemburger Michel Gloesener den Elektromotor ? Revue Jg. 31, Nr. 14 (April), S. 40-43. Luxemburg.
  • Muller, Jean-Claude, 1997. Bilder Luxemburger Gelehrter. In: Hüttel, Richard (Hrsg.): Bilder von Gelehrten. Eine Ausstellung der Graphischen Sammlung an der Universität Trier in Zusammenarbeit mit der Universitätsbibliothek Trier, Stadtbibliothek Trier und Bibliothèque Nationale Luxembourg. Ausstellungskataloge Trierer Bibliotheken, 30, S. 128-151.
  • Tomsin, Philippe, 1998. Michel Gloesener et les débuts des recherches sur l'électrormagnétisme en Belgique. Scientiarum Historia, 24 (2): 145-188.
  • Tomsin, Philippe, 2005. Gloesener, Michel. In: Nouvelle Biographie Nationale, t. 8. Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, Bruxelles, p. 173-176. [9]
  • Wolter, Michel, 2003. Michel Gloesener, cet 'illustre inconnu' de Hautcharage. In: U.N. Käerjéng '97: 5e anniversaire: inauguration du 1er drapeau. Imprimerie Heintz, Péiteng, S. 80-95.

Referenzen änneren

  1. Arendt 1972, S. 463; Muller 1997, S. 144; Tomsin 1998, S. 145; Hilbert 2000, Wolter 2003, Tomsin 2005; Archives nationales de Luxembourg, Registre de la paroisse de Hautcharage, année 1792, fol. 302-303 (microfilm R.P. 99). De Gebuertsakt ass beim Wolter (2003), S. 80, reproduzéiert. — D'Literatur wimmelt nëmme sou vu falsche Gebuertsdaten: "22. Mäerz 1792" (Friedrich 1981, S. 204), 2. Mäerz 1794 (Blum 1981, Milmeister 1976), "3. Mäerz 1794" (Folie 1878, S. 277), "4. Mäerz 1794" (Le Roy 1869, col. 666; Folie 1878, S. 287; Gloden 1950; Gengler 1935; Fischbach 1986, etc.).
  2. Iwwer den Dag vum Gloesener sengem Doud sinn sech d'Auteuren eens!
  3. Le Roy 1869, col. 680.
  4. Service des sites et monuments nationaux du Grand-Duché de Luxembourg: Liste des immeubles et objets classés monuments nationaux ou inscrits à l'inventaire supplémentaire. [1]
  5. Bulletin communal (Bascharage). Séance N° 1/2002 du 16 janvier 2002. [2]
  6. Note: La 1ère éd. a paru sous le titre: De l'importance du renversement alternatif du courant dans les électro-aimants; de sa théorie et de ses applications scientifiques et industrielles: avantages du système à armature aimantée.

Um Spaweck änneren