Nighthawks (Bild)
| ||||
---|---|---|---|---|
Informatiounen | ||||
Kënschtler | Edward Hopper | |||
Joergang | 1942 | |||
Artistesche Stil | Realismus | |||
Technik | Ueleg | |||
Längt | 152 cm | |||
Héicht | 84 cm | |||
Plaz | Art Institute of Chicago | |||
Stad | Chigago | |||
Land | USA |
Nighthawks (engl. wuertwiertlech: "Nuetsbrokätz", dem Sënn no: "Nuetseilen") ass en Tableau (Ueleg op Toile), deen den US-amerikanesche Moler Edward Hopper 1942 kreéiert huet. D'Bild gëllt als dem Hopper säi bekanntste Wierk an ee vun de bemierkenswäertste Biller vun der US-amerikanescher Molerei. Et ass 84,1 op 152,4 cm grouss an hänkt haut, zesumme mat anere Biller vum Hopper, am Art Institute of Chicago zu Chicago.
Et weist en Diner, also en einfache Restaurant, wou ee spéit owes nach eppes z'iesse kritt, um Eck vun zwou eidele Stroossen an enger Stad. Nieft dem Mann hannert dem Comptoir, a wäisser Uniform, sinn dräi Clienten dobannen: eng Koppel, bei där de Mann fëmmt an d'Fra eppes ësst, an e Mann, deen ee vu hanne gesäit. D'Bild ass haaptsächlech an de Faarwe Giel, Raschtbrong, Turquoise a Glasgréng gehalen.
Den Hopper sot eng Kéier an engem Interview, hien hätt sech un enger Kräizung op der New Yorker Greenwich Avenue am Greenwich Village inspiréiert, wou hie joerzéngtelaang gewunnt huet an säin Atelier hat. Et ass awer eng vereinfacht an idealiséiert Duerstellung, keng realistesch.[1]
Hien huet sech selwer als Modell fir déi männlech Persoune geholl, fir d'Fra um Bild huet seng Fra Josephine Modell gestanen (wéi och fir déi weiblech Figuren op anere vu senge Biller). Si war et och, déi den Titel Nighthawks proposéiert hat.
Nighthawks gouf eng Abberzuel Kéiere kopéiert, zitéiert a parodéiert, z. B. andeems d'Persounen um Bild duerch anerer ersat goufen (bekannt ass z. B. Boulevard of Broken Dreams vum Gottfried Helnwein, op deem Ikone vun der amerikanescher Popkultur (Humphrey Bogart, James Dean, Marilyn Monroe an Elvis Presley) ze gesi sinn.[2]
Um Spaweck
änneren- The Art Institute of Chicago: Edward Hopper: Nighthawks. American Art 2008 Online: Volltext
- op der Websäit vum Art Institute of Chicago
Referenzen
änneren- ↑ Doss: Edward Hopper, Nighthawks, and Film Noir. 1983, S. 21.
- ↑ "Gottfried Helnwein: Boulevard of Broken Dreams II (1984)". op helnwein.com, Archivéiert)