Schäinanglizismus (oder och Pseudoanglizismus) nennt ee Wierder am Lëtzebuergeschen oder an anere Sproochen, déi sou kléngen oder ausgesinn, wéi wa s'aus dem Englesche kéimen, déi awer am englesche Sproochraum onbekannt sinn oder eppes anescht heeschen.

Bekannt Beispiller sinn:

  • Handy: gëtt op Englesch mobile (phone) oder cellular (phone) genannt; "handy" heescht op Englesch "praktesch", "kamoud". Am amerikanesche Slang ass den "handy" eng vun de ville Bezeechnunge fir d'männlech Genitalien;
  • Oldtimer: gëtt op Englesch vintage car oder veteran car genannt; "old timer" heescht op Englesch en ale Mënsch oder "alen Hues";
  • Public Viewing gëtt op Englesch outdoor screening genannt; mat "public viewing" kann en Engleschsproochegen net vill ufänken, ausser am Kontext, wou eng Läich an der oppener Doudelued opgebaart gëtt.
  • Flipper: gëtt op Englesch pinball machine genannt; "flipper" heescht op Englesch Floss (vun engem Fësch);
  • Break (Autosmodell): gëtt op Englesch station waggon (a.e.) oder estate car (b.e.) genannt; "a break" ass eng Paus op Englesch;
  • Autostop: am Engleschen hitchhiking genannt;

Am Franséische fënnt een ë. a. dës Schäinaglizismen erëm: footing fir engl. jogging, pressing fir "(Gezei) strecken" (engl.: ironing) oder training fir "Trainingscostume" (engl. tracksuit).

Literatur änneren

  • Joachim Grzega: Zu den pseudo-englischen Fremdwörtern im Deutschen (und zum Einfluss des Englischen auf das Deutsche generell). In: Joachim Grzega: Sprachwissenschaft ohne Fachchinesisch: 7 aktuelle Studien für alle Sprachinteressierten. Verlag Shaker, Aachen 2001, S. 57–70
  • Ageliki Ikonomidis: „Anglizismen auf gut Deutsch: Ein Leitfaden zur Verwendung von Anglizismen in deutschen Texten“. Hamburg: Buske, 2009, 101 S., ISBN 3-875-48560-2