Gare Kautebaach
D'Gare vu Kautebaach ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit zu Kautebaach an der Gemeng Kiischpelt, um Wupp vun der N25 (Op der Gare), déi do als Sakgaass ophält. Südlech vun der Gare läit den Eisebunnstunnel Hockslee, ëstlech vun der Gare leeft d'Wolz.
![]() | |
ass eng | Trenngare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1866 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Kiischpelt |
Uertschaft | Kautebaach |
Koordinaten | 49°56'53"N, 6°1'21"O |
Héicht i. M. | 271 m |
Reseau | |
Statiounscode | Kt |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
P.K. | 62,021 km, 0,000 km |
Gleiser | 3 + 3 Ofstellgleiser |
Gleiser mat Quai | 3 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Wëlwerwolz, Gare Mäerkels, Gare Giewelsmillen |
![]() |


Um CFL-Zuchreseau läit d'Gare Kautebaach:
- tëscht der Gare Giewelsmillen an där vu Wëlwerwolz op de Linnen:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy),
- Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen
- als Terminus vun der Linn:
- Kautebaach - Wolz, virun der Gare Mäerkels.
D'Gare Kautebaach huet e gratis Park & Rail-Parking mat 85 Plazen a fënnef speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.
Nieft der Gare ass och eng Busgare.
Geschicht
ännerenD'Gebai vun der Kautebaacher Gare gouf 1888 vun de Reichseisenbahnen in Elsaß-Lothringen gebaut. Seng Architektur vereenegt zwéi verschidde Stiler, dee vun engem Schwäizer Chalet an dee vun engem italieenesche Landhaus, wouduerch et eigentlech net zu engem traditionellen Duerfcharakter passt. Dësen Effekt war awer vun den éischte Bauhären erwënscht a sollt e Symbol si fir d'Frëndschaft an d'Begéinung vun de Vëlker.
Zich déi an der Gare halen
änneren(Stand: Februar 2025)
Richtung Norden
ännerenAus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilechänneren | ||||||
Lëtzebuerg | Giewelsmillen | RB[1] RE | Wëlwerwolz | Ëlwen | ||
Lëtzebuerg | Méchela | IC | Wëlwerwolz | Gäilech | ||
Rodange ↔ Esch-Uelzecht ↔ Lëtzebuerg ↔ Ëlwenänneren | ||||||
Rodange | Giewelsmillen | RE | Wëlwerwolz | Ëlwen | ||
Kautebaach ↔ Wolzänneren | ||||||
Kautebaach | Terminus | RB RE | Mäerkels[2] oder Paradiso[2] | Wolz |
Richtung Süden
ännerenJeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Literatur
änneren- Jean-Claude Schumacher: Monuments historiques de l'industrie luxembourgeoise - Denkmäler Luxemburger Industriekulltur, Service des sites et monuments nationaux, 1997, 143 S., ISBN 2-919883-00-3 (D'Gare vu Kautebaach: S. 122-123)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gare Kautebaach – Biller, Videoen oder Audiodateien |