Parva Domus Magna Quies (Dikrech)

Haus zu Dikrech, haut Gemengekeess

Parva Domus Magna Quies huet de Sculpteur Michel Deutsch d'Haus genannt dat hie sech 1895 zu Dikrech am Marschallspesch baue gelooss huet.

Parva Domus Magna Quies
Villa Michel Deutsch, déi aktuell Gemengekeess vun Dikrech
Land Lëtzebuerg
Gemeng Dikrech
Plaz Dikrech
Adress 25, Avenue de la Gare
Koordinaten 49°51'56,52"N, 6°9'31,21"O
Datum vum Bau 1895

Geschicht änneren

Den 22. September 1895 huet de Michel Deutsch den Terrain an der haiteger Avenue de la Gare kaaft a sech säin Haus baue gelooss, dat hie mat enger Rëtsch Skulpturen dekoréiert huet. Iwwert der mëttelster Fënster vum Rez-de-chaussée steet de laténgesche Sproch „Parva Domus Magna Quies“ no deem hie säin Haus genannt huet a wat esouvill heescht wéi „Klengt Haus, grouss Rou“.

Den Deutsch huet awer net laang am Haus gewunnt well en et aus finanzielle Grënn de 27. Juni 1902 huet misse verkafen. Nei Proprietäre goufen de Jean an d'Anne-Marie Brücher-Klein vu Paräis. Deenen hir Ierwen hunn et 1909 dem Etienne an der Marie Well-Schommer vun Eppelduerf verkaaft.

1974 huet d'Dikrecher Gemeng d'Haus kaaft an am Ufank de Policebüro dran installéiert. Méi spéit gouf et de Sëtz vun der Gemengekeess[1][2].

Um Spaweck änneren

Commons: Parva Domus Magna Quies (Dikrech) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. CSV Dikrich | SVQ_143 Stèle funéraire monumentale. https://dikrech.csv.lu. CSV Dikrich Archivéiert op 2022-02-05. Gekuckt de(n) 05.02.2022.
  2. Alexandra Parachini, Le sculpteur Michel Deutsch (2). lequotidien.lu. Gekuckt de(n) 05.02.2022.