Stolzebuerg
Stolzebuerg ass eng Uertschaft an der Gemeng Pëtschent an am Kanton Veianen.
Stolzebuerg | |
---|---|
Vue vun der Ourbréck op Stolzebuerg | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Stolzembourg de: Stolzemburg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Veianen |
Gemeng | Pëtschent |
Buergermeeschter | Fabienne Huberty |
Awunner | 194 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 232 m |
Koordinaten |
49° 57’ 55’’ N 06° 10’ 02’’ O |
Geographie
ännerenStolzebuerg läit am Ourdall op hallwem Wee tëscht Veianen an Ënnereesbech a läit domat am Naturpark Our. Eng Grenzbréck féiert op Käppessen an Däitschland.
Geschicht
ännerenDuerch den Arrêté vum 26 Mee 1826 gouf d'Gemeng Stolzebuerg zu der Gemeng Pëtschent fusionéiert.
Stolzebuerg gouf am 2. Weltkrich bekannt, wéi vun do aus den 11. September 1944 siwen alliéiert Zaldoten (6 Amerikaner an ee Fransous) vum 2nd Platoon, Troop B, 85th Cavalry Reconnaissance Squadron vun der 5th Armored Division, nomëttes um 16h30 iwwer d'Our gesat hunn an als Éischt no der Landung an der Normandie déi däitsch Grenz iwwerschratt hunn. Si hu Käppessen a, bei Waldhof, d'Siegfriedlinn inspizéiert, fir dann nees, knapps 2 Stonnen drop, op Stolzebuerg zeréckzegoen.[1]
Kuckeswäertes
ännerenBuerg Stolzebuerg
ännerenOp enger Fielsnues iwwer dem Zentrum vum Duerf stinn d'Ruin vun der Buerg an d'Landhaus aus dem Joer 1898 , dat hautdesdaags Schlass genannt gëtt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buerg Stolzebuerg.
Koffergrouf vu Stolzebuerg
ännerenEppes Klenges méi wéi 1 km nërdlech vun der Uertschaft ass d'Koffergrouf vu Stolzebuerg, an där joerhonnertelaang Kofferäerz ofgebaut gouf. E klengen Deel dovu ka besicht ginn. Laanscht de Wee dohi sti Panneaue mat Explikatiounen iwwer de geologeschen Ënnergrond vun der Géigend an iwwer d'Grouf.
De Musée Koffergrouf, deen am fréiere Schoulgebai ënnerbruecht ass, informéiert doriwwer. De Musée ass och den Depart vun de Visite-guidéeën.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Koffergrouf vu Stolzebuerg.
Veräiner
ännerenDe Syndicat d'initiative Stolzebuerg gëtt zanter 1995 eng Zäitschrëft eraus ënner dem Titel De Stolzebuerger Pannewippchen.
Perséinlechkeeten
änneren- Léon Kugener, Schoulmeeschter a Lokalhistoriker
- Jacques Mangers, Bëschof vun Osloleft
Bibliographie
änneren- Biewer, Ed., 2000. D'Stolzber Bréck. De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 6: 19-30. Stolzemburg.
- Erpelding, Émile, 1972. Die Mühle von Stolzemburg. Die Warte 25 N° 22: 4.
- Hoffmann Isabelle, Alain Faber, Guy Heinen, Jos. Schoellen & Nico Schroeder, 1999. Die letzten Abbauperioden in der Kupfergrube von Stolzemburg (1854 – 1999). De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 5: 19-32. Stolzemburg.
- Kartheiser, Nico, 1973. Die Stolzemburg. Revue N° 49: 51-53.
- Kugener, Léon, 1995. Stolzemburg 1940-45 (persönliche Erinnerungen). De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 1: 25-31. Stolzemburg.
- Kugener, Léon, 2001 & 2003. Burg Stolzemburg : Versuch eines geschichtlichen Überblicks über die Entstehung und die Geschicke der Burg Stolzemburg im Wandel der Jahrhunderte. De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 7 (2001): 10-23 & Nr. 8 (2003): 23-26. Stolzemburg.
- Mainz, Theodor, 1960. Lieb Stolzemburg. Anlässlich der geplanten Talsperre gedichtet und komponiert. Impr. 1 S. Ant. Lorang, Vianden. [Musique imprimée]
- Milmeister, Jean, 2002. Die Herrschaft Stolzemburg. Ous der Veiner Geschicht / Veiner Geschichtsfrënn. Nr. 20: 73-96. Vianden.
- Robert, Joseph, 1911. Die Kupfermine bei Stolzemburg. 33 p. J. Schroell, Diekirch (Tiré-à-part Landwirt)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Stolzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |