Eurovision Song Contest

internationale Museksconcours

Den Eurovision Song Contest (ofgekierzt: ESC, fréier besser bekannt als Grand Prix Eurovision de la Chanson) ass en internationale Museksconcours fir Komponisten a Lidderschreiwer, deen zanter 1956 all Joer vun der European Broadcasting Union organiséiert gëtt. D'Ureegung dofir war vum Festival vu Sanremo (Italien) beaflosst, dee schonn 1951 an d'Liewe geruff gouf. Bei deem Concours kënne grondsätzlech all Memberlänner vun der EBU, zu där och e puer asiatesch an afrikanesch Staate wéi Israel, Libanon a Marokko, an och Australien gehéieren, matmaachen. Sou kann all Land wat deelhëlt e Lidd an d'Course schécken, am Hoffes dofir déi meescht Stëmmen ze kréien a sou ze gewannen.

1958: D'Solange Berry séngt fir Lëtzebuerg "Un grand amour" a kritt dofir e ganze Punkt.

Obwuel et eigentlech e Concours fir Komponisten a Lidderschreiwer ass, gëtt an de Medien an an der Ëffentlechkeet méi Wäert op d'Interprete vum Lidd geluecht an aus wat fir engem Land se kommen. Dofir gëtt de Concours zimmlech kontrovers diskutéiert an d'Meenungen dozou si staark polariséiert.

De Concours gëtt normalerweis an deem Land organiséiert, dat de Grand Prix am Joer virdru gewonnen huet. Et ass awer schonn e puermol virkomm dat e Gewënnerland, dat z. B. zweemol hannerenee gewonnen hat, de Concours net méi selwer wollt organiséieren, meeschtens aus finanzielle Grënn, an dann un en anert Land iwwerginn huet.

Zanter 2004 gëtt de Concours mat enger Halleffinall an enger Finall ausgedroen an zanter 2008 ginn zwou Halleffinallen an eng Finall ausgedroen. Den Oflaf vun de Sendungen ass zimmlech standardiséiert. Am éischten Deel presentéieren d'Interpreten hir Lidder. Duerno kënnt eng Paus wou d'Ofstëmmunge kënne gemaach an ausgewäert ginn. Déi Paus gët duerch e Showprogramm gefëllt, dee sougenannten Interval act. Duerno gëtt dann d'Punkteverdeelung vun alle bedeelegte Länner bekannt ginn. Zum Schluss däerf de Gewënner säi Lidd eng zweet Kéier presentéieren.

Déi lescht, 67. Editioun vun der Finall vum Concours war den 13. Mee 2023 zu Liverpool (Groussbritannien). Gewonne gouf se vum Loreen mam Lidd Tattoo (Schweden). Déi nächsten Ausgab ass fir den x. Mee 2024 zu Stockholm virgesinn.

Lëtzebuergesch Erfolleger änneren

Lëtzebuerg huet de Grand Prix am Ganze fënnefmol gewonnen a läit domat op der drëtter Plaz am Gesamtranking, hanner Irland (7 Victoiren) a Schweden (6 Victoiren), a gläichop mat Frankräich a Groussbritannien.

Déi lescht Kéier huet Lëtzebuerg 1993 um Concours deelgeholl. Dat war mam Jimmy Martin an der Simone Weis als Duo Modern Times. Offiziell hunn zanterhier d'Sue gefeelt fir matzemaachen, mä et war virun allem esou, datt RTL keen Intressi méi hat, fir beim gréisste Museksconcours iwwerhaapt matzemaachen.

Den 12. Mee 2023 huet de Regierungsrot decidéiert, vun 2024 un nees matzemaachen. Dës Decisioun vu Lëtzebuerg gouf den Dag duerno och an der Finall vum ESC zu Liverpool dem Publikum matgedeelt.[1]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song Contest.

Lëscht vun de Gewënner änneren

Joer Bezeechnung & Plaz Participanten Gewënnernatioun Titel Interpret/en Zweet- an Drëttplacéiert
1. 1956 Gran Premio Eurovisione della Canzone Europea (Lugano, Schwäiz) 7 [2] CHE  Schwäiz Refrain Lys Assia ass net bekannt ginn
2. 1957 Grand Prix Eurovision (Frankfurt um Main, Däitschland) 10   Holland Net als toen Corry Brokken 2. La belle amour, Frankräich
3. Skibet skal sejle i nat, Dänemark
3. 1958 Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne (Hilversum, Holland) 10   Frankräich Dors mon amour André Claveau 2. Giorgio, Schwäiz
3. Nel blu, dipinto del blu, Italien
4. 1959 Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne (Cannes, Frankräich) 11   Holland Een beetje Teddy Scholten 2. Sing Little Birdie, Groussbritannien
3. Oui, oui, oui, oui, Frankräich
5. 1960 Eurovision Song Contest (London, Groussbritannien) 13   Frankräich Tom Pillibi Jacqueline Boyer 2. Looking High, High, High, Groussbritannien
3. Ce soir-là, Monaco
6. 1961 Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne (Cannes, Frankräich) 16   Lëtzebuerg Nous les amoureux Jean-Claude Pascal 2. Are You Sure, Groussbritannien
3. Nous aurons demain, Schwäiz
7. 1962 Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne (Lëtzebuerg, Lëtzebuerg) 16   Frankräich Un premier amour Isabelle Aubret 2. Dis rien, Monaco
3. Petit bonhomme, Lëtzebuerg
8. 1963 Eurovision Song Contest (London, Groussbritannien) 16   Dänemark Dansevise Grethe & Jørgen Ingmann 2. T'en va pas, Schwäiz
3. Uno per tutte, Italien
9. 1964 Grand Prix Eurovision (Kopenhagen, Dänemark) 16   Italien Non ho l'età Gigliola Cinquetti 2. I Love The Little Things, Groussbritannien
3. Où sont-elles passées, Monaco
10. 1965 Gran Premio Eurovisione della Canzone (Neapel, Italien) 18   Lëtzebuerg Poupée de cire, poupée de son France Gall 2. I Belong, Groussbritannien
3. N'avoue jamais, Frankräich
11. 1966 Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne (Lëtzebuerg, Lëtzebuerg) 18   Éisträich Merci Chérie Udo Jürgens 2. Nygammal vals eller hip man svinaherde, Schweden
3. Intet er nytt under solen, Norwegen
12. 1967 Grand Prix de la Chanson (Wien, Éisträich) 17   Groussbritannien Puppet On A String Sandie Shaw 2. If I Could Choose, Irland
3. Il doit faire beau là-bas, Frankräich
13. 1968 Eurovision Song Contest (London, Groussbritannien) 17   Spuenien La, la, la … Massiel 2. Congratulations, Groussbritannien
3. La source, Frankräich
14. 1969[3] Gran Premio de la Canción de Eurovision (Madrid, Spuenien) 16   Spuenien
  Frankräich
  Holland
  Vereenegt Kinnekräich
Vivo cantando
Un jour, un enfant
De troubadour
Boom bang a bang
Salomé
Frida Boccara
Lenny Kuhr
Lulu
(entfält, well véier Éischtplacéierter)
15. 1970 Eurovisie Songfestival (Amsterdam, Holland) 12   Irland All Kinds Of Everything Dana 2. Knock, Knock, Who's There, Groussbritannien
3. Wunder gibt es immer wieder, Däitschland
16. 1971 Eurovision Song Contest (Dublin, Irland) 18   Monaco Un banc, un arbre, une rue Séverine 2. En un mundo nuevo, Spuenien
3. Diese Welt, Däitschland
17. 1972 Eurovision Song Contest (Edinburgh, Groussbritannien) 18   Lëtzebuerg Après toi Vicky Leandros 2. Beg, Steal Or Borrow, Groussbritannien
3. Nur die Liebe lässt uns leben, Däitschland
18. 1973 Concours Eurovision de la Chanson (Lëtzebuerg, Lëtzebuerg) 17   Lëtzebuerg Tu te reconnaîtras Anne-Marie David 2. Eres tú, Spuenien
3. Power To All Our Friends, Groussbritannien
19. 1974 Eurovision Song Contest (Brighton, Groussbritannien) 17   Schweden Waterloo ABBA 2. Si, Italien
3. I See A Star, Holland
20. 1975 Eurovision Song Contest (Stockholm, Schweden) 19   Holland Ding-a-dong Teach-In 2. Let Me Be The One, Groussbritannien
3. Era, Italien
21. 1976 Eurovisie Songfestival (Den Haag, Holland) 18   Groussbritannien Save Your Kisses For Me Brotherhood of Man 2. Un, Deux, Trois, Frankräich
3. Toi, la musique et moi, Monaco
22. 1977 Eurovision Song Contest (London, Groussbritannien) 18   Frankräich L'oiseau et l'enfant Marie Myriam 2. Rock Bottom, Groussbritannien
3. It's Nice To Be In Love Again, Irland
23. 1978 Concours Eurovision de la Chanson (Paräis, Frankräich) 20   Israel A-Ba-Ni-Bi Yizhar Cohen & Alpha Beta 2. L'amour ca fait chanter la vie, Belsch
3. Il y aura toujours des violons, Frankräich
24. 1979 Eurovision Song Contest (Jerusalem, Israel) 19   Israel Hallelujah Gali Atari & Milk and Honey 2. Su canción, Spuenien
3. Je suis l'enfant-soleil, Frankräich
25. 1980 Eurovisie Songfestival (Den Haag, Holland) 19   Irland What's Another Year Johnny Logan 2. Theater, Däitschland
3. Love Enough For Two, Groussbritannien
26. 1981 Eurovision Song Contest (Dublin, Irland) 20   Groussbritannien Making Your Mind Up Bucks Fizz 2. Johnny Blue, Däitschland
3. Humanahum, Frankräich
27. 1982 Eurovision Song Contest (Harrogate, Groussbritannien) 18   Däitschland Ein bißchen Frieden Nicole 2. Hora, Israel
3. Amour on t'aime, Schwäiz
28. 1983 Eurovision Song Contest (München, Däitschland) 20   Lëtzebuerg Si la vie est cadeau Corinne Hermès 2. Chai, Israel
3. Främling, Schweden
29. 1984 Concours Eurovision de la Chanson (Lëtzebuerg, Lëtzebuerg) 19   Schweden Diggi-loo diggi-ley Herreys 2. Terminal 3, Irland
3. Lady Lady, Spuenien
30. 1985 Eurovision Song Contest (Göteborg, Schweden) 19   Norwegen La det swinge Bobbysocks 2. Für alle, Däitschland
3. Bra vibrationer, Schweden
31. 1986 Eurovision Song Contest (Bergen, Norwegen) 20   Belsch J'aime la vie Sandra Kim 2. Pas pour moi, Schwäiz
3. L'amour de ma vie, Lëtzebuerg
32. 1987 Concours Eurovision de la Chanson (Bréissel, Belsch) 22   Irland Hold Me Now Johnny Logan 2. Lass' die Sonne in Dein Herz, Däitschland
3. Gente di mare, Italien
33. 1988 Eurovision Song Contest (Dublin, Irland) 21 CHE  Schwäiz Ne partez pas sans moi Céline Dion 2. Go, Groussbritannien
3. Ka' du se hva' jeg sa', Dänemark
34. 1989 Concours Eurovision de la Chanson (Lausanne, Schwäiz) 22   Jugoslawien Rock Me Riva 2. Why Do I Always Get It Wrong, Groussbritannien
3. Vi maler byen rod, Dänemark
35. 1990 Eurovision Song Contest (Zagreb, Jugoslawien) 22   Italien Insieme 1992 Toto Cutugno 2. White & Black Blues, Frankräich
2. Somewhere In Europe, Irland
36. 1991 Concorso Eurovisione della Canzone (Roum, Italien) 22   Schweden Fångad av en stormvind Carola 2. Le dernier qui a parlé, Frankräich
3. Kan, Israel
37. 1992 Eurovision Song Contest (Malmö, Schweden) 23   Irland Why Me Linda Martin 2. One Step Out Of Time, Groussbritannien
3. Little Child, Malta
38. 1993 Eurovision Song Contest (Millstreet, Irland) 25   Irland In your eyes Niamh Kavanagh 2. Better The Devil You Know, Groussbritannien
3. Moi tout simplement, Schwäiz
39. 1994 Eurovision Song Contest (Dublin, Irland) 25   Irland Rock'n Roll kids Paul Harrington / Charlie McGettigan 2. To nie ja, Polen
3. Wir geben 'ne Party, Däitschland
40. 1995 Eurovision Song Contest (Dublin, Irland) 23   Norwegen Nocturne Secret Garden 2. Vuelve conmigo, Spuenien
3. Se pa mig, Schweden
41. 1996 Eurovision Song Contest (Oslo, Norwegen) 23   Irland The Voice Eimear Quinn 2. I evighet, Norwegen
3. Den Vilda, Schweden
42. 1997 Eurovision Song Contest (Dublin, Irland) 25   Groussbritannien Love shine a light Katrina and the Waves 2. Mysterious Woman, Irland
3. Dinle, Tierkei
43. 1998 Eurovision Song Contest (Birmingham, Groussbritannien) 25   Israel Diva Dana International 2. Where Are You, Groussbritannien
3. The One That I Love, Malta
44. 1999 Eurovision Song Contest (Jerusalem, Israel) 23   Schweden Take Me To Your Heaven Charlotte Nilsson 2. All Out Of Luck, Island
3. Reise nach Jerusalem / Kudüs'e seyahat, Däitschland
45. 2000 Eurovision Song Contest (Stockholm, Schweden) 24   Dänemark Fly On The Wings Of Love Olsen Brothers 2. Solo, Russland
3. My Star, Lettland
46. 2001 Eurovision Song Contest (Kopenhagen, Dänemark) 23   Estland Everybody Tanel Padar & Dave Benton 2. Never Ever Let You Go, Dänemark
3. Die For You, Griicheland
47. 2002 Eurovision Song Contest (Tallinn, Estland) 24   Lettland I Wanna Marie N 2. 7th Wonder, Malta
3. Runaway, Estland
3. Come Back, Groussbritannien
48. 2003 Eurovision Song Contest (Riga, Lettland) 26   Tierkei Everyway That I Can Sertab Erener 2. Sanomi, Belsch
3. Ne ver, ne boisja, Russland
49. 2004 Eurovision Song Contest (Istanbul, Tierkei) 24 (+12)   Ukrain Wild Dances Ruslana 2. Lane Moje, Serbien & Montenegro
3. Shake It, Griicheland
50. 2005 Eurovision Song Contest (Kiew, Ukrain) 24 (+15)   Griicheland My Number One Elena Paparizou 2. Angel, Malta
3. Let Me Try, Rumänien
51. 2006 Eurovision Song Contest (Athen, Griicheland) 24 (+13)   Finnland Hard Rock Hallelujah Lordi 2. Never let You Go, Russland
3. Lejla, Bosnien an Herzegowina
52. 2007 Eurovision Song Contest (Helsinki, Finnland) 24 (+18)   Serbien Molitva Marija Šerifović 2. Dancing Lasha Tumbai, Ukrain
3. Song Number One, Russland
53. 2008 Eurovision Song Contest (Belgrad, Serbien) 25 (+18)   Russland Believe Dima Bilan 2. Shady Lady, Ukrain
3. Secret Combination, Griicheland
54. 2009 Eurovision Song Contest (Moskau, Russland) 25 (+17)   Norwegen Fairytale Alexander Rybak 2. Is it true?, Island
3. Always, Aserbaidjan
55. 2010 Eurovision Song Contest (Oslo, Norwegen) 25 (+14)   Däitschland Satellite Lena 2. We Could Be the Same, Tierkei
3. Playing with Fire, Rumänien
56. 2011 Eurovision Song Contest (Düsseldorf, Däitschland) 25 (+18)   Aserbaidjan Running Scared Ell & Nikki 2. Madness of Love, Italien
3. Popular, Schweden
57. 2012 Eurovision Song Contest (Baku, Aserbaidjan) 26 (+16)   Schweden Euphoria Loreen 2. Party for Everybody, Russland
3. Nije ljubav stvar, Serbien
58. 2013 Eurovision Song Contest (Malmö, Schweden) 26 (+13)   Dänemark Only Teardrops Emmelie de Forest 2. Hold Me, Aserbaidjan
3. Gravity, Ukrain
59. 2014 Eurovision Song Contest (Kopenhagen, Dänemark) 26 (+11)   Éisträich Rise Like a Phoenix Conchita Wurst 2. Calm After the Storm, Holland
3. Undo, Schweden
60. 2015 Eurovision Song Contest (Wien, Éisträich) 27 (+13)   Schweden Heroes Måns Zelmerlöw 2. A Million Voices, Russland
3. Grande amore, Italien
61. 2016 Eurovision Song Contest (Stockholm, Schweden) 26 (+16)   Ukrain 1944 Jamala 2. Sound of Silence, Australien
3. You Are the Only One, Russland
62. 2017 Eurovision Song Contest (Kiew, Ukrain) 26 (+16)   Portugal Amar Pelos Dois Salvador Sobral 2. Beautiful Mess, Bulgarien 3. Hey Mamma, Moldawien
63. 2018 Eurovision Song Contest (Lissabon, Portugal) 26 (+17)   Israel Toy Netta 2. Fuego, Zypern 3. Nobody but You, Éisträich
64. 2019 Eurovision Song Contest (Tel Aviv, Israel) 26 (+15)   Holland Arcade Duncan Laurence 2. Soldi, Italien 3. Scream, Russland
2020 Eurovision Song Contest (Rotterdam, Holland) 26 (+15) Wéinst der COVID-19-Pandemie ofgeblosen[4]
65. 2021 Eurovision Song Contest (Rotterdam, Holland) 26 (+13)   Italien Zitti e buoni Måneskin 2. Voilà, Frankräich 3. Tout l'Univers, Schwäiz
66. 2022 Eurovision Song Contest (Turin, Italien) 25 (+15)   Ukrain Kalush Orchestra Stefania 2. De Diepte, Holland 3. Die Together, Griicheland
67. 2023 Eurovision Song Contest (Liverpool, Groussbritannien) 26 (+11)   Schweden Loreen Tattoo 2. Cha Cha Cha, Finnland

3. Unicorn, Israel

68. 2024 Eurovision Song Contest (Malmö, Schweden) 26 (+11) 2. 3.

Datum vum Bäitrëtt änneren

Bis elo hunn 52 Länner op d'mannst 1-mol beim ESC matgemaach. An der Tabell hei drënner steet fir all Land d'Joer wou et fir d'éischt matgemaach huet.

Joer Land dat säin Debut hat
1956 Belsch, Frankräich, Däitschlanda, Italien, Lëtzebuerg, Holland, Schwäiz
1957 Éisträich, Dänemark, Groussbritannien
1958 Schweden
1959 Monaco
1960 Norwegen
1961 Finnland, Spuenien, Jugoslawienb
1964 Portugal
1965 Irland
1971 Malta
1973 Israel
1974 Griicheland
1975 Tierkei
1980 Marokko
1981 Zypern
1986 Island
1993 Bosnien an Herzegowina, Kroatien, Slowenien
1994 Estland, Ungarn, Litauen, Polen, Rumänien, Russland, Slowakei
1998 Nordmazedonien
2000 Lettland
2003 Ukrain
2004 Albanien, Andorra, Wäissrussland, Serbien-Montenegro
2005 Bulgarien, Moldawien
2006 Armenien
2007 Tschechien, Georgien, Montenegro, Serbien
2008 Aserbaidjan, San Marino
2015 Australienc
a) Virun 1990 huet Däitschland nëmme West-Däitschland vertrueden (d'Bundesrepublik)
b) Mat "Jugoslawien" ass déi sozialistesch Bundesrepublik Jugoslawie gemengt mat Ausnam vun 1992 wou d'Bundesrepublik Jugoslawie gemengt ass. Dës Natioun huet sech am Laf vun 1991/1992 a fënnef onofhängeg Staaten opgeléist: Slowenien, Kroatien, Nordmazedonien, Bosnien an Herzegowina an d'Bundesrepublik Jugoslawien, déi sech dunn 2003 als Serbien-Montenegro konstituéiert huet an 2004 dem ESC bäigetratt ass. 2006 huet et sech opgeléist fir déi zwéi Staaten, Serbien a Montenegro ze ginn, déi 2007 allen zwéin dem ESC bäigetratt sinn.
c) Australien huet 2015 ausnamsweis dierfe matmaachen, obwuel et net Member vun der EBU ass. Am Fall vun engem Gewënn wier den ESC net an Australien gewiescht, mä a Kollaboratioun mat engem anere Land an Europa. Och 2016 krut Australien d'Méiglechkeet matzemaachen.

Gewënner pro Land änneren

 
D'Zuel vun de Gewënner fir all Land.
Gewonnen Land Joer
7 x   Irland 1970, 1980, 1987, 1992, 1993, 1994, 1996
  Schweden 1974, 1984, 1991, 1999, 2012, 2015, 2023
5 x   Vereenegt Kinnekräich 1967, 1969, 1976, 1981, 1997
  Frankräich 1958, 1960, 1962, 1969, 1977
  Holland 1957, 1959, 1969, 1975, 2019
  Lëtzebuerg 1961, 1965, 1972, 1973, 1983
4 x   Israel 1978, 1979, 1998, 2018
3 x   Italien 1964, 1990, 2021
  Norwegen 1985, 1995, 2009
  Dänemark 1963, 2000, 2013
  Ukrain 2004, 2016, 2022
2 x   Däitschland 1982[5], 2010
  Spuenien 1968, 1969
CHE  Schwäiz 1956, 1988
  Éisträich 1966, 2014
1 x   Russland 2008
  Belsch 1986
  Monaco 1971
  Tierkei 2003
  Aserbaidjan 2011
  Griicheland 2005
  Estland 2001
  Lettland 2002
  Serbien 2007
  Jugoslawien 1989
  Finnland 2006
  Portugal 2017

D'Joer a Schréischrëft ass d'Zeeche fir eng gedeelt Gewënnerplaz

Gewënner pro Sprooch änneren

Tëscht 1966 an 1973, an nees tëscht 1977 an 1998, war et de Länner nëmmen erlaabt den Optrëtt an enger vun hiren offizielle Sproochen auszeféieren.

 
Der Marija Šerifović hiert "Molitva" war dat éischt Lidd dat de Grand Prix a serbescher Sprooch gewonnen huet, an déi éischt Gewënnerin zanter 1998 déi komplett an enger anerer Sprooch wéi Englesch séngt.
Gewonnen Sprooch Joer Länner
34 x Englesch 1967, 1969, 1970, 1974, 1975, 1976, 1980, 1981, 1987, 1992, 1993, 1994, 1996, 1997, 1999, 2000, 2001, 2002, 2003, 2004, 2005, 2006, 2008, 2009, 2010, 2011, 2012, 2013, 2014, 2015, 2016, 2018, 2019, 2023 Groussbritannien, Irland, Schweden, Holland, Dänemark, Estland, Lettland, Tierkei, Ukrain, Griicheland, Finnland, Russland, Norwegen, Däitschland, Aserbaidjan, Éisträich, Israel
14 x Franséisch 1956, 1958, 1960, 1961, 1962, 1965, 1969, 1971, 1972, 1973, 1977, 1983, 1986, 1988 Schwäiz, Frankräich, Lëtzebuerg, Monaco, Belsch
3 x Hollännesch 1957, 1959, 1969 Holland
Hebräesch 1978, 1979, 1998 Israel
Italieenesch 1964, 1990, 2021 Italien
2 x Däitsch 1966, 1982 Éisträich, Däitschland
Norwegesch 1985, 1995 Norwegen
Schweedesch 1984, 1991 Schweden
Spuenesch 1968, 1969 Spuenien
1 x Dänesch 1963 Dänemark
Kroatesch 1989 Jugoslawien
Serbesch 2007 Serbien
Portugisesch 2017 Portugal
Ukrainesch 2022 Ukrain
a) "Wild Dances": Dëst Lidd war deelweis op Ukrainesch gesongen.
b) "1944": Dëst Lidd war deelweis op Krimtataresch gesongen.

50-Joer-Jubiläum änneren

Den 22. Oktober 2005 war zu Kopenhagen eng Jubiläumsshow mam Titel Congratulations. Domat gouf de 50-Joer-Jubiläum vum Eurovision Song Contest gefeiert. D'Zil vun der Show war et, dat bescht Lidd vum Grand Prix ënner allen Titelen z'ermëttelen, déi jeemools deelgeholl hunn. Op der offizieller Internetsäit eurovision.tv konnt jiddweree seng Stëmm fir säi Favorit beim ESC ofginn. Déi zéng Lidder mat de meeschte Stëmme koumen an d'Halleffinall. Zousätzlech huet eng Jury vun der EBU véier weider Titelen an d'Halleffinall gewielt, soudatt am Ganze 14 Titelen zur Wiel stoungen.

An der Halleffinall goufen iwwer Telefonvoting déi fënnef bescht Lidder gewielt. Am zweeten Duerchgang, also an der Finall, gouf duerch e weideren Telefonvoting d'Plaz vun dëse fënnef Lidder festgeluecht.

D'Show gouf vun der brittescher ESC-Gewënnerin Katrina Leskanich (Katrina & The Waves, ESC-Gewënner 1997) an dem letteschen ESC-Drëttplacéierte vun 2000, Renars Kaupers (Brainstorm) moderéiert.

Et koum dobäi zu follgende Resultater:

Plaz Joer Land Interpret Titel
1. 1974   Schweden ABBA Waterloo
2. 1958   Italien Domenico Modugno Nel blu dipinto di blu (Volare)
3. 1987   Irland Johnny Logan Hold Me Now
4. 2005   Griicheland Elena Paparizou My Number One
5. 1976   Vereenegt Kinnekräich Brotherhood of Man Save Your Kisses for Me
6. 2000   Dänemark Olsen Brothers Fly on the Wings of Love
7. 1982   Däitschland Nicole Ein bißchen Frieden
8. 1968   Vereenegt Kinnekräich Cliff Richard Congratulations
9. 2003   Tierkei Sertab Erener Everyway that I Can
10. 1988 CHE  Schwäiz Céline Dion Ne partez pas sans moi
11. 1973   Spuenien Mocedades Eres tú
12. 1980   Irland Johnny Logan What's Another Year
13. 1998   Israel Dana International Diva
14. 1965   Lëtzebuerg France Gall Poupée de cire, poupée de son

Literatur änneren

  • Jan Feddersen: Ein Lied kann eine Brücke sein. Hoffmann und Campe Verlag 2002, ISBN 3-455-09350-7
  • John Kennedy O'Connor: Eurovision Song Contest – Das offizielle Buch zu 50 Jahren europäescher Popgeschichte, Gondrom Verlag 2005, ISBN 978-3811225367
  • Tim Moore: Null Punkte - Ein bisschen Scheitern beim Eurovision Song Contest, Covadonga Verlag 2007, ISBN 978-3936973280
  • Jan Feddersen: Wunder gibt es immer wieder: Das große Buch zum Eurovision Song Contest, Aufbau Taschenbuch 2010, ISBN 978-3746670744

Um Spaweck änneren

Commons: Eurovision – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Sandy Schmit: "And the winner is: Luxembourg 12 Points." rtl.lu, 12. Mee 2023.
  2. jiddwer Land huet zwee Lidder geschéckt
  3. 1969 sinn et véier Gewënner ginn
  4. Eurovision 2020 in Rotterdam is cancelled. Eurovision.tv (2020-03-18). Gekuckt de(n) 2021-05-23.
  5. Gewonnen als West-Däitschland