Ernest Arendt (Affekot)

lëtzebuergeschen Affekot
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Affekot Ernest Arendt. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Ernest Arendt.

Den Ernest Arendt gebuer de 6. August 1916 zu Rodange, a gestuerwen den 12. Februar 2003 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Affekot, Auteur a Chargé de cours op der Universitéit vun Nanzeg an e Pionéier vun der Aviatioun.

Ernest Arendt
Gebuer 6. August 1916
Rodange
Gestuerwen 12. Februar 2003
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot, Politiker
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal
Den Affekot Ernest Arendt

Karriär

änneren
  • 1947-1948 President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg
  • 1954-1974: Chargé de Cours op der Nanzeger Universitéit
  • 1973-1988: Member vum Staatsrot[1]
  • 1976-1978: Bâtonnier vum Ordre des Avocats
  • 1981-1983: President vun der Union Internationale des Avocats, hien huet 1981 hire Kongress zu Lëtzebuerg organiséiert
  • 1987-1988: President vum Staatsrot
  • 1988 huet den Ernest Arendt seng Etüd Arendt & Harles mat der Etüd Mersch & Medernach zur Etüd Arendt & Medernach verschmolt. Dës Etüd ass gläichzäiteg mat der Lëtzebuerger Finanzplaz staark gewuess, gouf zu enger vun de gréissten Etüden am Land mat, am Joer 2007, ronn 400 Mataarbechter.

Den Ernest Arendt war Member vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.

Hie war mat der Margot Ferres bestuet an hat zwee Kanner, d'Elisabeth an de Jean-Jacques. Hie selwer war eent vun dräi Kanner vum Max Arendt an der Marthe Wurth. Iwwer seng Groussmamm Jeanne-Marie, genannt "Annette" Collart, ass hien ee Nokomme vun der Schmelzhären-Dynastie Collart.

Hie war de Brudder vum Banquier Georges Arendt, genannt "Bonzo".

Direkt nom Zweete Weltkrich war den Ernest Arendt ee vun den eelef Lëtzebuerger déi op Initiativ vum Escher Fred Welter an d'Schwäiz gounge fir e Piloteschäin ze maachen. Duerno war e Kommiteesmember vun der Union des Pilotes Luxembourgeois wou e sech ëm d'Verdeele vun de Subside fir Piloteschüler bekëmmert huet.[2]

Publikatiounen (Auswiel)

änneren
  • Das luxemburgische Aktienrecht

Gielercher

änneren
  •   Großes Silbernes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[3].
  • Harles, Guy: In memoriam Ernest Arendt, S. 11-12, an Annales du Droit luxembourgeois, ISBN 2-8027-2026-0 D / 2004 / 0023 / 131, © 2004 Etablissements Emile Bruylant, S.A.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Airsport Lëtzebuerg
  3. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten