Uelzechtstrooss

Strooss zu Esch-Uelzecht

D'Uelzechtstrooss (offiziell: Rue de l'Alzette) ass eng Strooss an de Quartieren Al Esch a Brill zu Esch Uelzecht. Se huet hiren Ufank op der Stadhausplaz (Place de l'Hôtel de ville) a leeft a südwestlecher Richtung iwwer d'Brillplaz ewech (offiziell: Place de la Résistance) bis op de Prënzeréng (Boulevard Prince-Henri).

Rue de l'Alzette
Numm lb: Uelzechtstrooss
fr: Rue de l'Alzette
Fréieren Numm fr: bis 1923:
Ave. de l'Hôtel de Ville (1. Deelstéck)
Rue de la Poste (2. Deelstéck)
Rue Marie-Thérèse (3. Deelstéck)
de: 1940-44: Adolf-Hitler-Straße
Längt ca. 900 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Uertschaft Esch Uelzecht
Quartier Al Esch, Brill
Postcode 4010
Koordinaten 49° 29’ 38.2’’ N
      05° 58’ 52.2’’ O


An der Uelzechtstrooss (2014).

Beschreiwung

änneren

D'Uelzechstrooss huet hiren Numm vun der Uelzecht, déi op hirer ganzer Längt ënnendrënner an engem zouene Kanal leeft.

Et ass d'Haaptgeschäftsstrooss vun Esch a gouf bal op hirer ganzer Längt uganks vun den 1990er Joren als Foussgängerzon amenagéiert an ass déi längste Strooss vun där Zort zu Lëtzebuerg.[1] Opfälleg sinn déi 29 hellmof ugestrache stolen Dunnen, déi wéi Masten, liicht ugewénkelt aus dem Buedem stinn. Op sechs dovu si seegelänlech 'Diech' (stiliséiert Vigel) festgemaach. D'Maste stinn an Ofstänn vu jee 18 Meter tëscht der Stadhausplaz an der Brillplaz, an hir Spëtzte sinn an engem Kreessegment ausgeriicht, fir der Tatsaach Rechnung ze droen, datt d'Strooss net ganz riicht ass. Am ieweschten Drëttel si se duerchlächert, fir dem Wand manner Ugrëffsfläch ze bidden. Nieft hirer Roll als Dekoratioun si si beliicht an droen d'Stroosseluuchten, an et kann een op hinnen och Fändelen oder Callicote fir besonnesch Evenementer ophänken.[2] Se goufe vum Peter Rice a vun der Grupp Arquitectura konzipéiert.

D'Bebauung ass gréisstendeels aus den éischten 2 Joerzéngte vum 20. Joerhonnert, a sou fënnt ee vill intressant architektonesch Stiler aus där Zäit erëm (kuckt ënnendrënner: Bemierkenswäert Gebaier).

Geschicht

änneren

Den historesche Kär vun Esch ass an engem Hank gebaut, nërdlech vun der Uelzecht. Wéinst Iwwerschwemmungsgefor an och wéinst hire suppegen Uwänner ass net no beim Floss gebaut ginn. D'Uelzechtstrooss gehéiert deemno net zu den historesch gewuessene Stroosse vun Al Esch. Eréischt mat der schëtzeger Entwécklung vun der Stad gouf ëm d'Joerhonnertwenn vum 19. op d'20. Joerhonnert decidéiert, d'Uelzecht ze kanaliséieren an z'iwwerdecken, fir esou eng Strooss driwwer kënnen unzeleeën, mat Haiser op béide Säiten.

Fir d'éischt, 1885-89, gouf dat op der Héicht vun der haiteger Stadhausplaz gemaach, dono, 1906 bis bei d'Avenue de la Gare, 1907 bis op den Eck mat der Neistrooss (der haiteger Liberatiounsstrooss) an nach dono, bis erop op d'Brillplaz. Fir dee leschtgenannten Deel gouf 1910-11 vum Entreprener Alfred Lefèvre de Laf vun der Uelzecht ëmgeleet[3]: Si ass nämlech virdrun duerch d'Kanalstrooss gelaf, fir dann op der Héicht vun der Rue du Fossé, resp. der Rue des Remparts, an zwéin Äerm no Süden ze béien, woubäi een Aarm eng Mille bedriwwen huet (kuckt den Numm Millestrooss), an dann op der Héicht vum haitege Schollesch Eck no Osten ze béien. Ewell gouf de Kanal riicht duerchgezunn. No an no hu sech ëmmer méi Geschäfter, absënns am ënneschten Deel néiergelooss, an d'rue du Commerce an Al Esch, déi traditonell Buttécksstrooss, huet déi Funktioun verluer.

Am Oktober 2013 goufe vum Gunter Demnig 7 Stolpersteine virun den Haiser mat der Nummer 23, 57, 119 geluecht fir den Affer vum Nationalsozialismus ze gedenken.

Hiren haitegen Numm krut d'Uelzechtstrooss eréischt duerch eng Decisioun vum Gemengerot, den 9. Mee 1923. Virdrun huet den Deel vun der Stadhausplaz (déi dunn nach Maartplaz housch) bis bei d'Avenue de la Gare Avenue de l'Hôtel de Ville geheescht, dat, well op Nr. 12 e Gebai stoung, dat 1898 als Schoul gebaut gi war, ma dono als Stadhaus funktionéiert huet, bis 1937 dat neit Stadhaus fäerdeg gouf (Et gouf 1965 ofgerappt, an an d'Plaz koum de Centre Mercure). Den zweeten Deel, vun der Avenue de la Gare bis bei d'Dicksstrooss, hat ufanks den Numm Rue de la Poste, wéinst der Post déi bis 1931 op Nr. 54 war, ier s'an dat neit Gebai geplënnert ass, wou se haut nach dran ass. Den Deel vun der Dicksstrooss bis un d'Enn um Prënzeréng hat sengersäits 1914 den Numm Rue Marie-Thérèse kritt. Wärend der däitscher Besatzung 1940-44 huet d'Uelzechtstrooss missen als Adolf-Hitler-Straße duerhalen.[4]

Den Tronçon tëscht der Stadhausplaz an dem Boulevard Berwart, deen eréischt 1969/70 ugeluecht gouf, wéi d'Uelzecht bis bei de Schlassgoart zougedeckelt gouf, huet ufanks och Uelzechtstrooss geheescht. De 24. November 2006 gouf en awer an Helen-Buchholz-Strooss ëmgedeeft, no der Komponistin Helen Buchholtz, där hiert Familljenhaus net wäit ewech an der Lëtzebuerger Strooss stoung.

Bemierkenswäert Gebaier

änneren

4 rue de l'Alzette

änneren
 
Uelzechtstrooss 4, Gebai am Nanzeger Jugendstil

D'Haus op Nummer 4 gouf 1904 vum Nicolas Biwer baue gelooss. Et ass vum Nanzeger Jugendstil inspiréiert: D'Fënsterrumme sinn a Form vu vegetale Mustere sculptéiert, Blummen, Käschteblieder, Wuerzelen. Lénks a riets vum Balcon um 3. Stack, an och iwwer der zentraler Fënster, si Pohunnen. Am Gelänner vum Balcon si fer-forgés Sonneblummen. [5]

5-9 rue de l'Alzette (Maison Sichel)

änneren

Maison Sichel, gebaut 1909 (ëstlechen Ubau vun 1924), Architekt war de Carl Dietrich vun Neustadt an der Hardt, als Wunn- a Geschäftshaus fir d'Famill Sichel. Opfälleg Tiermercher op béide Säiten; d'Fassad ass dekoréiert mat Girlanden a Friichten. Um den Tierm Skultpture vum Merkur a vun engem Grouwenaarbechter. Nieft dem Ochsena-Fënster: Beien als Symbol vun der Äerdegkeet.[6]

30 rue de l'Alzette

änneren
 
Eckhaus mat der Avenue de la Gare, op der Nr. 30.

55 rue de l'Alzette

änneren
 
Nr.55

D'Duebelhaus op Nr.55 ass vum Nicolas Schmit-Noesen aus dem Joer 1929. Bauhäre waren de C. Rollinger an den H. Marnach. Ze gesinn op der Art-Deco-Fassad sinn zwee Flaachreliefer vun engem jonke Mann mat enger Âskulap-Schlaang an engem jonke Meedchen, dat sech de Schong zoustréckt. Déi éischt Proprietärem, déi iwwert hirem Geschäft gewunnt hunn, waren Apdikter, resp. Schouster. D'Fassad um Rez-de-chaussée an um éischte Stack ass mat wäissem Marber bekleet[6].

57 rue de l'Alzette

änneren
 
Uelzechtstrooss 57, Gebai am neogotesche Stil

Gebai am neo-gotesche Stil, gebaut 1909[6]. Bauhär war de Stoffhändler Jean Adolphe Claude (Jong vum Buergermeeschter Pierre Claude), dee bis an d'1930er Jore säi Buttek do hat. Dono war do, bis an d'2000er Joren, eng Filial vum Schonggeschäft Bata. An den 1930er Joren huet d'Famill Cerf um 2. Stack do gewunnt; e Stolperstein virum Haus erënnert drun.[7]

60 rue de l'Alzette

änneren
 
Eckgebai mat der Liberatiounsstrooss.

Gebaut 1909-10, wéi d'Uelzecht iwwerdeckt gouf. Deemools Eck Neistrooss/Poststrooss. Gebaut fir de Josy Wester. Méi spéit war do, bis 1953, eng Agence vum Wort dran.[8]

61 rue de l'Alzette

änneren
 
Uelzechtstrooss 61, Gebai am Jugendstil

64 rue de l'Alzette

änneren

Haus am Stil vun de Gelsenkirchener Wierkswunnengen, mam Giewel zur Strooss hin; gebaut ëm 1910. Et ënnerscheet sech däitlech vum Stil vun den Haiser ronderëm, déi sech no belschen oder franséische Virbiller orientéieren[2].

65 rue de l'Alzette

änneren
 
Uelzechtstrooss 65, Gebai am gotesch-barocke Stil

67 rue de l'Alzette

änneren
 
Uelzechtstrooss 67, Gebai am gotesche Stil-Jugendstil

76 rue de l'Alzette

änneren
 
Uelzechtstrooss 76

Fréiert Geschäftshaus Gutenkauf.

Gouf den 13. November 2018 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[9]

90 rue de l'Alzette

änneren
 
Eckgebai Uelzechtstrooss 90
 
Kapp vum Merkur iwwer dem Agank vum Geschäft

Gebaut 1915.

91 rue de l'Alzette

änneren
 
Uelzechtstrooss 91

D'Haus op Nummer 91, genannt Maison Heldenstein (nom Bauhär Francis Heldenstein, engem Apdikter), ass 1911 am Neo-barock-, Neo-Louis-XVI-Stil, gebaut ginn, no Pläng vum Architekt Joseph Nouveau.[10]

96 rue de l'Alzette

änneren
 
Uelzechtstrooss 96, Gebai am Jugendstil

Opfälleg bei dësem Gebai am Jugendstil si besonnesch d'Skulpture vun de Käpp vun zwou jonke Fraen, ënnert dem Balcon.

120 rue de l'Alzette

änneren

Haus am Art-Deco-Stil, 1927 vum Nicolas Schmit-Noesen fir de Bauhär A. Thiel gebaut.[2].

122 rue de l'Alzette

änneren
 
De Stadtheater vun Esch-Uelzecht op der Kräizung mat der Brillstrooss

Op dëser Plaz gouf 1911 deen éischte Kino vun Esch, den Nouveautés Palace, gebaut. Dëse gouf an den 1950er Joren ofgerappt an an d'Plaz koum den Escher Theater, deen 1962 ageweit gouf.

135 rue de l'Alzette

änneren
 
D'Eckhaus mat der Brillstrooss
 
Uelzechtstrooss 135 (Eck mat der Brillstrooss), Mascaron ënner der Corniche

D'Haus gouf 1913, zesumme mam Rescht vum Block, vum Entreprener Alfred Lefèvre baue gelooss, wéi d'Brillplaz an d'Stroosse ronderëm ugeluecht goufen. Den Architekt kéint den Albert Brick gewiescht sinn.[11]

137 rue de l'Alzette

änneren
 
Brillschoul um Eck mat der Brillstrooss

D'Brillschoul, am nei ugeluechte Quartier Brill, gouf den 12. Dezember 1911 ageweit. Si war déi 9. Primärschoul vun der Gemeng Esch[12] an huet zwou Schoulen ergänzt, an dann ersat: déi 1901-1905 no Pläng vum Paul Flesch gebauten éischt Brillschoul (1975 ofgerappt), an d'Grenzer Schoul aus der Other Strooss (1965 ofgerappt). Architekt war de Georges Traus, Bauhär de Benuto Brgoli. Et ass déi Grondschoul am Land mat de meeschte Kanner.[13]

Um Spaweck

änneren
Commons: Uelzechtstrooss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. La Rue de l'Alzette - la plus longue Zone Piétonne du Pays Archivéiert de(n) 03.08.2016. Gekuckt de(n) 26.05.2016.
  2. 2,0 2,1 2,2 Denis Scuto: Industriekultur in Esch: Eine stadtgeschichtliche Wanderung durch die Luxemburger Minettemetropole. Éditions Le Phare 1993, ISBN 2-87964-025-3
  3. Joseph Flies: Das Andere Esch - an der Alzette: Ein Gang durch seine Geschichte. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, 1979, S.432-435.
  4. Willy Allamano; Gilbert Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues - Esch-an-der-Alzette und seine Straßen. De l'Histoire à chaque pas - Geschichte mit jedem Schritt. Selbstverlag, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.17-20.
  5. Denis Scuto: "La découverte de l'urbain. Maison Biwer, 4, rue de l'Alzette, Esch-sur-Alzette." in: Antoinette Lorang, Denis Scuto: La maison d'en face. Das Haus gegenüber. Edition Le Phare, 1995, S-103-106.
  6. 6,0 6,1 6,2 Esch-sur-Alzette: eine Stadt in Bewegung; Architektur Rundgang. Infoprospekt vum Office de tourisme vun Esch-Uelzecht.
  7. "Maison Claude". Guide historique et architectural Esch-sur-Alzette. Video, CD2H, Denis Scuto, 2020.
  8. Flies, Das andere Esch, S.488.
  9. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
  10. Denis Scuto: "Deux poids, deux mesures: Maison Heldenstein, 91, rue de l'Alzette, et Maison Liégeois, 5, rue d'Audun, Esch-sur-Alzette." in: Antoinette Lorang, Denis Scuto: La maison d'en face. Das Haus gegenüber. Edition Le Phare, 1995, S-111-114.
  11. Antoinette Lorang: "Schönheitsoperation gefällig?" in: Antoinette Lorang, Denis Scuto: La maison d'en face. Das Haus gegenüber. Edition Le Phare, 1995, S-115-118.
  12. Flies, S.513.
  13. "Brillschoul." Guide historique et architectural Esch-sur-Alzette. Video, CD2H, Denis Scuto, 2020.