Dijon

Franséisch Gemeng an der Côte-d'Or

Dijon ass eng franséisch Stad an d'Préfecture vum Departement Côte-d'Or an de Chef-Lieu vun der Regioun Bourgogne-Franche-Comté. Si läit ronn 310 Kilometer südëstlech vu Paräis an 190 Kilometer nërdlech vu Lyon.

Dijon
Land Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Côte-d'Or
Arrondissement Dijon
Kanton Chef-lieu vun 8 Kantonen:
Dijon-1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8
Postcode 21000
Gemengecode 21231
Koordinaten 47° 17’ 26’’ N
      05° 02’ 34’’ O
Fläch  4 041 ha
Bevëlkerung  153 151 (2007)

Aktuell ass Dijon d'Gemeng mat de meeschten Awunner am Departement an an der Regioun. 2012 hunn an der Stad 152.071 Leit gewunnt. Déi war domat déi 17 bevëlkerungsräichst Stad a Frankräich. D'Agglomeratioun "Grand Dijon", déi 2000 gegrënnt ginn ass, hat 2011 245.697 Awunner.

Am 14. an am 15. Joerhonnert war Dijon d'Haaptstad vum Herzogtum Bourgogne; dowéinst fënnt een och haut nach e räiche geschichtlechen an architektonesche Patrimoine. Och wéinst sengem gastronomesche Ruff ass Dijon eng touristesch attraktiv Stad ginn.

Wirtschaftlech spillt besonnesch den Déngschtleeschtungssecteur eng bedeitend Roll, mä och als agro-alimentairen Zentrum ass Dijon gutt etabléiert. Sou huet Dijon dem bekannte Moschter der Moutarde de Dijon den Numm ginn an d'Crème de Cassis huet och hir Originnen do.

Zu de bekannte Symboler vun der Stad gehéieren d'Skulptur vun enger Échel op der Flank vun enger Kapell vun der Kierch Notre-Dame an déi vun engem Äisbier den Ours Pompon am Parc Darcy, eng Replique vun enger Skulptur vum François Pompon vun där d'Original vun 1922 am Musée d'Orsay steet.

Educatioun änneren

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Dijon – Biller, Videoen oder Audiodateien