Alphonse Rupprecht

lëtzebuergesche Polizist a Mykolog

Den Alphonse Robert Rupprecht, gebuer den 31. August 1868 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 25. Mee 1929, war e lëtzebuergesche Policebeamten, Pilzkenner, Historiker an Auteur[1].

Alphonse Rupprecht
Gebuer 31. August 1868
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. Mee 1929
Lëtzebuerg
Aktivitéit Polizist, Mykolog, Historiker, Auteur
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois, Section historique vum Institut grand-ducal

De Policekommissär änneren

Den Alphonse Rupprecht, dee vun 1885 u beim Staat als Commis beim Parquet geschafft huet, gouf 1902 Policekommissär vun der Stad Lëtzebuerg. No dem Uschloss vun de Gemengen Hollerech, Rollengergronn, Hamm an Eech un d'Stad Lëtzebuerg am Joer 1920 gouf d'Police vun der Stad nei organiséiert, a vum Januar 1923 un huet de Rupprecht den Titel Commissaire de police en chef (Oberpolizeikommissar) gedroen[1].

De Pilzkenner änneren

Den Alphonse Rupprecht war vun 1897 u Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL). An hirem Bulletin huet hien 1915 den Artikel Giftpflanzen und Polizei publizéiert, wou hien drop higewisen huet, datt all Polizist elementar Kenntnesser iwwer gëfteg Planzen a Pilze sollt hunn. Zesumme mat sengem Adjoint, dem Brigadier a Maart-Inspekter Joseph Faulké, huet hien an de Joren 1916 bis 1925 de Relevé vun den iessbare Pilzen, déi all Joer an der Stad Lëtzebuerg um Maart verkaaft goufen, am Bulletin vun der SNL publizéiert[1].

De Stenograph an Déiereschützer änneren

De Rupprecht war en aktive Member vum lëtzebuergesche Stenographen-Veräin (Cercle sténographique luxembourgeois), deen 1881 gegrënnt gi war. Hi war ee vun de Grënnungsmembere vun dem Déiereschutzveräin, deen 1908 gegrënnt gouf[1].

Den Historiker änneren

Den Alphonse Rupprecht huet sech virun allem en Numm als Historiker gemaach. Hie war Member vun Ons Hémecht, Verein für Luxemburger Geschichte, Literatur und Kunst a vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal. 1917 huet hien an der Zäitschrëft Ons Hémecht e klengen Artikel iwwer Mënzen, déi an der Stad an der Waassergaass fonnt goufen, publizéiert. Am selwechte Joer huet hie mat der Publikatioun vu sengem Wierk iwwer d'Militärwunnengen an der Stad ugefaangen, eng Artikelserie an der Zäitschrëft Ons Hémecht, déi sech ënner dem Titel «Logements militaires à Luxembourg pendant la période de 1794-1814» a klenge Stécker vun 1917 bis 1928 hinzéie sollt an eréischt 1932, dräi Joer nom Rupprecht sengem Doud, als Buch erschéngt ass. E Neidrock vum Buch koum 1979 eraus[1].

Éierungen[1] änneren

Publikatiounen änneren

Artikelen am Bulletin vun der SNL änneren

  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1916. Nachweis der auf den Wochenmärkten der Stadt Luxemburg zum Verkauf ausgestellten und polizeilich kontrollierten essbaren Pilze. Vom 1. Mai bis zum 25. Oktober 1916. Bull. Soc. Nat. luxemb. 26: 260-263.[1]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1917. Nachweis der auf den Wochenmärkten der Stadt Luxemburg zum Verkauf ausgestellten und polizeilich kontrollierten essbaren Pilze. Vom 1. Mai 1917 bis zum 30. Oktober 1917. Bull. Soc. Nat. luxemb. 27: 276-279.[2]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1919. Relevé des quantités de champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police du mois d'avril au mois d'octobre 1918. Bull. Soc. Nat. luxemb. 29: 38-41.[3] (Errata: 226).[4]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1919. Relevé des quantités de champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police, durant la période du premier mai au onze novembre 1919. Bull. Soc. Nat. luxemb. 29: 224-225.[5]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1920. Relevé des champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police du mois d'avril au mois d'octobre 1920. Bull. Soc. Nat. luxemb. 30: 112-115.[6]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1923. Relevé des champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police du 5 avril au 7 octobre 1922. Bull. Soc. Nat. luxemb. 33: 48-51.[7]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1924. Relevé des champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police, du 4 avril au 3 octobre 1923. Bull. Soc. Nat. luxemb. 34: 22-25.[8]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1924. Relevé des champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police, du 12 avril au 18 octobre 1924. Bull. Soc. Nat. luxemb. 34: 128-131.[9]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1925. Relevé des quantités des champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police du 11 avril au 14 octobre 1925. Bull. Soc. Nat. luxemb. 35: 66-69.[10]

Artikelen an Ons Hémecht änneren

  • Rupprecht, A., 1917. Trouvaille numismatique faite dans la rue de l'Eau, à Luxembourg, le 31 mars 1916. Ons Hémecht 1917, S. 231-236.
  • Rupprecht, A., 1917-1928. Logements militaires ä Luxembourg pendant la période de 1794-1814. Ons Hémecht 1917: 49-52, 88-92, 101-103, 134-137, 165-167, 195-197, 247-253, 337-344; Ons Hémecht 1918: 24-27, 63-64, 86-91, 125-130, 163-165, 200-210; Ons Hémecht 1919: 11-15, 43-48, 72-80, 123-128, 146-159, 186-192; Ons Hémecht 1920: 8-10, 26-27, 50-53, 81-89, 108-114, 151-159; Ons Hémecht 1921: 10-16, 65-70, 97-101, 123-127, 164-169, 205-212; Ons Hémecht 1922: 6-13, 39-48, 97-104, 129-138, 161-166, 193-199, 257-266, 321-329; Ons Hémecht 1923: 1-9, 82-86, 340-360, 391-398; Ons Hémecht 1924: 133-140, 199-208, 389-398; Ons Hémecht 1925: 57-65, 128-137, 273-283; Ons Hémecht 1926: 18-40, 351-371; Ons Hémecht 1927: 35-43, 164-178, 319-344; Ons Hémecht 1928: 31-40.
  • Rupprecht, A., 1929-1931. Fêtes républicaines à Luxembourg en l'an VI (1797-1798). Ons Hémecht 1929: 174-183, Ons Hémecht 1930: 40-63, Ons Hémecht 1931: 81-84.

Logements militaires als Buch änneren

  • Rupprecht, A., 1932. Logements militaires à Luxembourg pendant la période de 1794 à 1814: aperçu historique sur les anciennes rues et maisons de la ville haute. (Extraits de la revue « Ons Hémecht », années 1917-1928). Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 427 S.
  • Rupprecht, A., 1979. Logements militaires à Luxembourg pendant la période de 1794 à 1814: aperçu historique sur les anciennes rues et maisons de la ville haute. Nouvelle édition avec introduction, bibliographie et index par Carlo Hury. J.-P. Krippler-Muller, Luxembourg, XLIII, 468 S.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Massard 2019.
  2. Beck 1999; Massard 2019, S. 20.