Kierch Léiweng
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Léiwenger Kierch (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | ||||
Par | Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs | |||
Dekanat | Süden-Ost | |||
Numm / Patréiner | Hl. Lukas | |||
Architekt(en) | J.-P. Koenig | |||
Koordinaten | 49° 31’ 38.3’’ N 06° 07’ 08.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch vu Léiweng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Réiser gehéiert.
Se ass dem hellege Lukas geweit, deem säi Fest den 18. Oktober gefeiert gëtt.
D'Kierch steet ganz am Süde vun der Uertschaft an der Kierchestrooss (rue de l'Église), enger Sakgaass. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. De 6. November 2020 goufen d'Kierch an de Kierfecht als national Monumentert klasséiert.[1]
Op der Südsäit vun der Kierch stinn zwee Weekräizer déi a guddem Zoustand sinn.
GeschichtÄnneren
D'Kierch gouf 1914 am nei-romanesche Stil no de Pläng vum Architekt Jean-Pierre Koenig gebaut. Virdru stoung op där Plaz eng Kapell déi joerhonnertelaang ëmmer nees restauréiert gouf. Den Haaptaltor, deen 1753 vum Nikolas Greef vun Altwis ganz aus Eechenholz gemaach gouf, ass aus der aler Léiwenger Kapell an déi nei Kierch iwwerholl ginn. Et kann een eng Statu vum hellege Lukas drop gesinn.
Vum Abrëll bis den Oktober 1933 gouf de Chouer vum Nicolas Brücher vun Elveng ausgemoolt.
1955 krut d'Kierch en neien Ustrach an et gouf eng nei Heizung installéiert.
1970 ass aus der Kommuniounsbänk deen neie Volleksaltor gemaach ginn an d'Kierch krut nees en neien Ustrach.
1979 sinn Aarbechten ausgefouert ginn fir d'Baussemaueren dréchen ze leeën. Dobäi sinn Iwwerreschter un engem réimesche Graf fonnt ginn.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Kierch Léiweng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Kierch op der Websäit vum Parverband Réiserbann
- D'Fënstere vun der Kierch vu Léiweng op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Kierch Léiweng an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
ReferenzenÄnneren
- ↑ Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 11. Februar 2021).