De Friedrich Franz Maria Stummel, gebuer den 20. Mäerz 1850 zu Münster, a gestuerwen de16. September 1919 zu Kevelaer, war en däitschen sakrale Kënschtler, dee besonnesch als Moler vun der Nazareener-Beweegung bannent der Düsseldorfer Malerschule' aktiv war.

Friedrich Stummel
Gebuer 20. Mäerz 1850
Münster
Gestuerwen 16. September 1919
Kevelaer
Nationalitéit Däitschland, Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Moler
Molerei vun der Marienbasilika zu Kevelaer (1891-1926)
Friedrich Stummel: Kräizegung vu Christus (Rousenkranzbasilika, Berlin-Steglitz)
Molerei vun der Apsis vun der Kierch St. Pankratius (Anholt), 1885

Nieft sengen eegene Kierchemolereien huet de Stummel vill Entwërf gemaach, déi aner Handwierker aus de Beräicher Glasmolerei, Skulptur, Gold- an Eisenaarbechten, Wiewerei a Broderie du realiséiert hunn.

Liewen änneren

De Stummel ass fir d'éischt zu Mënster an d'Kathedralschoul gaangen . Nodeem seng Famill op Osnabrück geplënnert war, ass hien do an de Lycée gaangen . Wéinst sengem groussen Talent am Zeechnen huet hie schonn am Alter vu siechzéng Joer (1866) d'Opnamskrittäre fir d'Düsseldorfer Konschtakademie erfëllt. Sou huet hien do direkt, ouni Premièresdiplom, ugefaang Konscht ze studéieren. Dëst Studium war ganz intensiv an huet zwielef Joer gedauert. Hie war Schüler vum Ernst Deger an Eduard von Gebhardt . 1882 ass de Stummel an d'Pilgerstadt Kevelaer geplënnert, wou hien 1884 en Haus kaaft huet, an deem hie mat sengen Elteren a senger Schwëster Johanna gewunnt huet. An der Gelderner Strooss gouf 1886 en Ateliergebai gebaut. 1890 huet hie sech mat der Helene von Winkler (1867–1937) bestuet. D'Koppel hat véier Kanner. 1919 ass de Stummel un de Suittë vun engem Schlag, dat Joer virdun, gestuerwen.

Kënschtleresch Karriär änneren

De Stummel hat 1878 säin éischte groussen internationale Succès. Seng Molerei Mama's Boudoir gouf op der Konschtausstellung am Londoner Crystal Palace ausgestallt a gouf mat der Sëlwermedail ausgezeechent. Am selwechte Joer huet säi Freskebild Den Albrecht Dürer gëtt vun Antwerpener Kënschtler ëmfaangen, 1521 de Concours vun der Biehl-Kalkhost Foundation fir Freskomalerei gewonnen, dee vun deder Düsseldorfer Akademie ausgeschriwwe gi war.

1879 ass de Stummel an Italien gereest. Hien huet fir de Ludwig Seitz un de Chouerfresken an der Kathedral vun Treviso geschafft. Dat Joer drop huet hie mam Friedrich Geselschap, deen hie virdru zu Roum kennegeléiert hat, un der Molerei vum Berliner Arsenal (Zeughaus) geschafft. Zesummen hunn déi zwéin an deem Joer och d'Entwërf fir d'Mosaicker fir d'Fassad vum Berliner Konschtmusée gemaach.

De Stummel huet eng ganz Rëtsch vu Kierchen gemoolt. Dorënner sinn ë. a. d' Beichtkapell zu Kevelaer 1881, d'Kierch Sankt Pankratius zu Anholt 1885, d'Barmhäerzegkeetskapell an 1888 d'Marienbasilika zu Kevelaer; 1895 huet hien d'Molereien an der St. Aposteln-Lierch zu Köln, spéider der Muttergotteskathedral an der Stad Lëtzebuerg an den Doum vu Pelplin. 1903 huet hien d'Molerei vun der Rousekranzbasilika zu Berlin-Steglitz, 1906 vun der Herz-Jesu-Kirche zu Berlin-Prenzlauer Berg, an 1908 déi nei Glasfënsteren vu St. Regenfledis zu Hönnepel iwwerholl [1] . Ausserdeem huet hien d'Ornamentik vu ville Kierchem um Nidderrhäin iwwerholl. Vill vu senge Wierker goufen Affer vun der antihistoristescher Tendenz vun de Joerzéngte nom Zweete Weltkrich.

1899 gouf hie mam Uerde vun der Kroun IV. Klass ausgezeechent, 1901 mam peepstlechen Uerde vum Gregorius. 1905 huet de Stummel eng him offréiert Professur fir mëttelalterlech Molerei op der Héichschoul zu Charlottenburg ofgeleent.

Geschriwen Wierker änneren

  • Friedrich Stummel: Über Monumentalmalerei. In: Trierisches Jahrbuch für ästhetische Kultur 1908, Trier 1908 S. 37–50.

Ausstellung änneren

Um Spwaeck änneren

Referenzen änneren

  1. Chronik Volksschule Hönnepel
  2. Heike Waldor-Schäfer: Der Mann, der die Kirchen ausmalte, Artikel vom 17. Mai 2019 im Portal waz.de, abgerufen am 17. Mai 2019