Den Uergelpäifekaktus (Stenocereus thurberi) ass e Kaktus, deen am Süde vum US-Bundesstaat Arizona an am Norde vu Mexiko ze fannen ass.

Uergelpäifekaktus
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Gefäässplanzen
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Caryophyllales
Famill Kaktussen
Gattung Stenocereus
Wëssenschaftlechen Numm
Stenocereus thurberi
Engelm.
D'Bléi vun engem Stenocereus thurberi

Am Süde vum Arizona ass dat no him genannnten Organ Pipe Cactus National Monument, dat al Joer vu méi wéi 1,5 Millioune Leit besicht gëtt.

Den Uergelpäifekaktus gëtt an der Moyenne bis 5 Meter héich, maximum 7 bis 8 m, an ass domat den zweetgréisste Kaktus vun der Welt. Een Aascht kann en Duerchmiesser vu bis zu 20 cm hunn. De Kaktus mécht direkt iwwer dem Buedem vill eenzel Äscht déi da praktesch am Senkel eropwuessen. Dëst gesäit dann aus wéi eng Rei Uergelpäifen. Seng Friichte si schwaarz a ronn, an hunn en Duerchmiesser tëscht 5 a 7.5 cm.

De Kaktus ka bis op enger Héicht vun 900 Meter virkommen, an e verdréit kee Frascht.