Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Julien Lefèvre, gebuer den 1. Juli 1907 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 4. Januar 1984 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Medailleur.

Julien Lefèvre
Gebuer 1. Juli 1907
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 4. Januar 1984
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bobfuerer, Medailleur, Sculpteur
Famill
Bestuet mat Nina Lefèvre
Papp Alfred Lefèvre

Säi Papp war den Entreprener Alfred Lefèvre, deen ënner anerem den Hotel Alfa an der Stad Lëtzebuerg am Garer Quartier opgeriicht huet.

De Julien Lefèvre huet vill vu senge Wierker zesumme mat senger Fra Nina-Victorine Kestler (1904-1981) erschaaft. Dës Wierker koumen ënner dem gemeinsamen Numm "Julien et Nina Lefèvre" eraus, wéi z. B. d'Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz.

Hie war 1935 Grënnungsmember an éischte President vum Groupement des Escrimeurs, aus deem 1937 d'Fédération luxembourgeoise d'escrime ginn ass.

1936 war hie bei den Olympesche Wanterspiller zu Garmisch-Partenkirchen, wou hien Ersatzmann am Bobfuere war.

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin als Sculpteur vertrueden.[1]

Wierker änneren

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Julien Lefèvre op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Remise de médailles à des personnalités de la vie culturelle am Luxemnburger Wort vum 26. Juni 1979 op der Säit 5 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022