Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Aire de Berchem ass eng Raschtplaz a Bensinnsstatioun op der lëtzebuergescher Autobunn A3, nieft der Uertschaft Bierchem.

D'Spillplaz op der Aire de Berchem.

A Richtung Diddeleng gëtt se vun Aral exploitéiert, an Direktioun Stad Lëtzebuerg vu Shell. D'Shell-Statioun verkeeft iwwer 200 Millioune Liter Sprit am Joer, dovun 80 % Diesel. Am Ganze passéieren hei ronn 1,5 Millioune Cliente bannent engem Joer. D'Arals-Statioun (déi gréisst iwwerhaapt vun dëser Firma) sëtzt am Joer ronn 108 Millioune Liter ëm, déi an iwwer 1 Millioun Autoen a ronn 15.000 Camione gezaapt ginn. Eng hallef Millioun Leit passéieren all Joer an hirem Restaurant.

Soss änneren

Den Dokumentarfilm "Plein d'essence" vun der Geneviève Mersch vun 2007 beschreift de Mikrokosmos vun dëser Raschtplaz.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren