Eng Raumsond ass en onbemannte Fluchkierper, dee fir Fuerschungszwecker an de Weltraum geschéckt gëtt. Am Géigesaz zu engem (Äerd-) Satellit verléisst si d'Ëmlafbunn (Orbit) vun der Äerd a flitt e wäit Zil am Weltraum un, fir dëst z'ënnersichen (z. B. Mars, Asteroiden, Koméiten, Jupitermounden).

Landeplazen vun de Moundsonde Luna-, Apollo- an Surveyor-Programm

Wéinst der dacks jorelaanger Dauer vu Raumsondemissioune ginn an déi technesch Ariichtunge vu Raumsonden héchst Ufuerderunge gestallt. D'Komponente vu Raumsonde ginn opwenneg getest an an engem stëbsfräie Raum zesummegebaut, wat och déi héich Käschte vu Raumsonde mat sech bréngt. E grousse Problem bei Raumsonde géintiwwer vu Satellitten, déi ronderëm d'Äerd kreesen, ass dee groussen Äerdofstand, dee laang Lafzäite fir déi vun der Buedemstatioun fortgeschéckt Steiersignaler bewierkt. Aus dësem Grond musse Raumsonde Systemer hunn, déi si deelweis onofhängeg vu Buedemstatioune maachen.

Fir Raumsondemissioune muss den Aschosswénkel mat enger Genauegkeet vun ënner 1 Bousekonn festgeluecht ginn. D'Navigatioun vu Raumsonde muss mat héchster Genauegkeet geschéien. Si geschitt mat Hëllef vum Dopplereffekt an de Signallafzäiten. Op dës Aart a Weis gëtt hir Positioun mat enger Genauegkeet vun ënner engem Meter - onofhängeg vun hirer Distanz zu der Äerd - ermëttelt.

D'Energieversuergung geschitt bei Raumsonden zum Äerdmound an zu de bannenzege Planéite Merkur bis Mars meeschtens mat Solarzellen, déi iwwer en Akkumulator gepuffert sinn. Fir Raumsonde mat kuerzer Liewensdauer ginn och nëmmen Akkumulatore gebraucht.

Raumsonden déi béi baussenzeg Planéite fléien brauche fir d'Stroumversuergung ëmmer Isotopebatterien, well wat se méi wéit vun der Sonn ewech sinn, wat d'Solarzelleflächen ëmmer manner produzéieren.

Jee no Aufgaben ënnerdeelt ee Raumsonden an:

  • Passéierfluchsonden - Sonden, déi en Himmelskierper passéieren an dobäi hir Miessungen oder Fotoe maachen,
  • Orbiter - Sonden, déi eng Ëmlafbunnn ëm een Himmelskierper aschloen,
  • Lander - Sonden, déi op engem Himmelskierper landen. Hei ass eng weider Ënnerdeelung sënnvoll:
    • Hydrobot - eng Sond, déi selbststänneg d'Déifte vun onbekannte Gewässer erfuersche kann,
    • Kryobot - eng Sond, déi sech duerch d'Äis schmëlzt fir dëst an déi Deeler déi dorënner leien z'erfuerschen,
    • Penetrator - eng Raumsond, déi sech bei enger ongebremster Landung bis zu e puer Meter an deen Himmelskierper, deen z'ënnersichen ass, erabuert,
    • Rover - e mobilt Landeinstrument, mat deem grouss Regiounen erfuerscht kënne ginn,
  • Proufzeréckféierung (engl. Sample Return) - Sonden, déi Prouwe vun engem Himmelskierper oder Partikelen, déi am Weltraum agesammelt goufen, mat zeréck op d'Äerd bréngen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Space probes – Biller, Videoen oder Audiodateien