Clausen
Clausen ass eng Uertschaft an ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg. Clausen läit an der Ënnerstad, am Uelzechtdall, um Fouss vum Kierchbierger-Plateau.
Clausen | |
---|---|
Vue vum Seminärsbierg op Clausen (2021) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Clausen de: Clausen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 1.060 |
31. Dezember 2022 | |
Fläch | 36,06 ha |
Héicht | 242,3 m |
Koordinaten |
49° 46’ 50.04’’ N 06° 08’ 32.64’’ O |
Geographie
ännerenClausen ass 36,06 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 242,35 an 299,2 m. De Quartier grenzt am Norden un de Kierchbierg an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Quartieren Neiduerf/Weimeschhaff, Zens, Gronn a Pafendall.
D'Uelzecht leeft duerch de ganze Quartier.
Ursprong vum Numm
ännerenDen Numm Clausen[1] kënnt vun der Klaus, déi op där Plaz stoung, wou de Péiter Ernest vu Mansfeld d'Schlass La Fontaine baue gelooss hat.
Geschicht
ännerenFir säi Schlass bauen ze kënnen, hat de Mansfeld de Laf vun der Uelzecht änneren an d'Strooss tëscht dem Neiduerf a Clausen ënnerbrieche gelooss. Dat huet mat sech bruecht, datt – nodeems d'Schlass verfall an zerstéiert gi war – grouss Fläche fräi goufen déi uganks landwirtschaftlech gebraucht goufen.
De Vauban hat aus strategesche Grënn Clausen net mat an d'Festung mat abezunn. Wéi dunn an der Éisträichescher Zäit de Festungsingenieur Simon de Bauffe 1733 beim Hondshaus och nach d'Mansfeldsschleis gebaut huet, war den Deel laanscht d'Uelzecht Iwwerschwemmungsgebitt an et konnt do net gebaut ginn.
Bis datt d'Eisebunn ëm 1860 gebaut gouf, ass a Clausen net vill geschitt. 1864 ass du vum Jean-François Eydt, Architekt vun der Stad, e Projet vu Bauvirschrëfte[2] presentéiert ginn, wéi a Clausen gebaut kéint ginn. Well et engersäits ëmmer méi schwéier gouf präiswäert Bauplazen an der Uewerstad ze kréien an et anersäits vu Clausen aus einfach war iwwer d'Neiduerf fort ze kommen, resp. iwwer de Clausener Bierg an d'Stad ze kommen, sinn a Clausen, absënns beim fréiere Mansfeld-Schlass, am Clausener Bierg oder der Rue de la Tour Jacob no an no nei Haiser gebaut ginn.
Brauereien
ännerenClausen ass och fir seng (fréier) Brauereie bekannt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Brauereien zu Lëtzebuerg.
Kuckeswäertes
ännerenMansfeld-Schlass
ännerenA Clausen hat de Péiter Ernest vu Mansfeld säi Schlass La Fontaine, vun deem haut awer just nach zwou Paarten erhale sinn. Well d'Gemeng Lëtzebuerg 2003 op der Plaz, op där d'Schlass stoung, eng Schoul baue wollt, koum et zu archeologeschen Noutgruewungen, déi et sollten erméiglechen, méi iwwer d'Schlass an de Gaart gewuer ze ginn. D'Schoul ass dunn net wäit dovun ewech gebaut ginn, an de Musée ass mat den Ausgruewunge weider gefuer.
Haut ass op der Plaz vum fréierer Schlass e klenge Park ugeluecht ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schlass La Fontaine.
Ale jiddesche Kierfecht
ännerenNieft der Stroossekéier beim Malakoff-Tuerm läit den ale jiddesche Kierfecht, wou tëscht 1817 an 1883/84 déi jiddesch Verstuerwe begruewe goufen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierfecht Malakoff.
Däitschen Zaldotekierfecht
ännerenUm däitschen Zaldotekierfecht an der Jules-Wilhelm-Strooss si Griewer vun 1813 bis zum Zweete Weltkrich.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Däitschen Zaldotekierfecht a Clausen.
Gebuertshaus vum Robert Schuman
ännerenNërdlech vun der Kunigundekierch, am Hank erop op de Kierchbierg, steet d'Gebuertshaus vum Robert Schuman. Haut ass do e Fuerschungszentrum dran.
Kunigundekierch
ännerenD'Clausener Kierch ass der helleger Kunigunde dediéiert.
Biller
änneren-
Bréck iwwer d'Uelzecht a Clausen
-
Ale jiddesche Kierfecht
-
Däitschen Zaldotekierfecht
-
Gebuertshaus vum Robert Schuman
-
Kunigundekierch
-
fréiert Mansfeld-Schlass, agefierft Zeechnung, Enn vum 16. Joerhonnert
-
Vue op Clausen, vir riets d'Dräi Tierm, Charles Bernhoeft, ëm 1893.
-
D'Clausener Kierch, Charles Bernhoeft, ëm 1893.
Awunner
ännerenVun alle stättesche Quartieren huet Clause sech am 19. an uganks vum 20. Joerhonnert verhältnisméisseg am stäerksten entwéckelt:
Joer | Awunner |
---|---|
1815 | 643 |
1850 | 1.200 |
1864 | 1.337 |
Op den 31. Dezember 2015 hunn a Clausen 973 Leit gewunnt, 197 Persoune méi wéi am Joer 2010. Op den 31. Dezember 2022 waren et der 1.060, wouvu 25,73 % Lëtzebuerger waren an 74,27 % Auslänner[3].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 1 060 | 100,00 | |
1 | Lëtzebuerg | 273 | 25,75 |
2 | Frankräich | 147 | 13,87 |
3 | Italien | 109 | 10,28 |
4 | Portugal | 106 | 10,00 |
5 | Spuenien | 46 | 4,34 |
6 | Belsch | 43 | 4,06 |
7 | Däitschland | 40 | 3,77 |
8 | Indien | 26 | 2,45 |
9 | USA | 26 | 2,45 |
10 | Vereenegt Kinnekräich | 19 | 1,79 |
Top 10 | 835 | 78,77 | |
Aner Nationalitéiten | 225 | 21,23 |
Literatur
änneren- Thiel, M. „Mäi Quartier - Clausen: Von Bierbrauern und „Munzefrëssern““ op www.wort.lu an an der gedréckter Versioun am Luxemburger Wort vum 19. / 20. Mäerz 2016, S. 30-31 (PDF)
- Schoellen, M., 2014. Mansfeld und das "Neue Luxemburg" (I/III). Historischer Streifzug durch Clausen. Die Warte 10|2432 vum 20. Mäerz 2014, S. 4-5.
- Fanfare Grand-Ducale de Clausen, 150e anniversaire 1851-2001, op der Websäit vun de "Fanfares des Faubourgs", fofa.lu
- Fernand Théato, 2006, Clausen – hei stong d'Mansfeld-Schlass an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang. S. 48-51
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Clausen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de)Clausen op der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg
- Ons stad 22/1986 mat enger ganzer Rei vun Artikelen iwwer Clausen
Referenzen
änneren- ↑ Et gëtt och d'Schreifweis "Klausen".
- ↑ Projet de règlement sur les bâtisses dans le faubourg de Clausen de Clausen, proposé par l'architecte de la Ville Eydt le 23 avril 1864
- ↑ Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.