Mathias Erasmy

lëtzebuergesche Lithograph, Editeur a Journalist
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Mathias Erasmy, gebuer den 18. Februar 1833[1] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Lithograph, Editeur a Journalist.[2]

Mathias Erasmy
Gebuer 18. Februar 1833
Lëtzebuerg
Aktivitéit Editeur, Journalist

Hie war den Editeur vum Allgemeiner Luxemburger Anzeiger, deen e vun 1866 un erausginn huet.[3] Deen hat awer net vill Succès, a véier Joer drop huet hien Le Colporteur erausginn, en illustréiert sozialpolitescht Wocheblat, deem seng éischt Nummer den 30. Juli 1870 erauskomm ass.[4] Och dat gouf kee Succès.

No 1872 huet den Erasmy zu Woippy gelieft, wou hien als Conférencier rural, a vun 1884 un als Redakter vum Journal agricole d'Alsace-Lorraine,[5] aktiv war.

Mat sengem Guide du voyageur dans le Grand-Duché de Luxembourg, deen 1861 an der Stad beim Victor Bück gedréckt gouf, huet de Mathias Erasmy deen éischte lëtzebuergeschen Touristeguide erausginn.[6] Eng komplett Lëscht vum Erasmy senge Publikatiounen zu Lëtzebuerg huet de Martin Blum opgestallt.

De Mathias Erasmy soll zu Woippy gestuerwe sinn [7], säin Numm ass an den Tables décennales 1792-1952 (Décès) vun der Gemeng Woippy[8] awer net ze fannen.

Literatur änneren

  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, XXXIII-756 p. [Erasmy Mathias: S. 236-238].
  • Friedrich, E., 1981.Kalennerblieder, Band 3. Lëtzebuerg, Verlag J.P. Krippler-Muller, 395 S. [Mathias Erasmy, S. 56].
  • Grégoire, P., 1966. Drucker, Gazettisten und Zensoren, Bd. 5. Luxemburg, 278 S. [Mathias Erasmy: S. 179, 197, 232].
  • Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten : biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, 106 S. [Erasmy, M.: S. 21].
  • van der Vekene, E., 1975. Einführung in die historische Kartographie unter Berücksichtigung alter Luxemburger Karten, Pläne und Ansichten. Hémecht 27 (1), S. 85-94 [Erasmy, Matthias (sic), S. 92]. PDF


Referenzen änneren

  1. ANLux, Luxembourg, CT-03-02-0823, Naissances 1833-1834, Gebuertsakte vum Joer 1833, Nr. 72 vum 21. Februar, Gebuert vum 18. Februar 1833. Dëse Gebuertsdatum fënnt ee beim Martin Blum, beim Evy Friedrich, beim Pierre Grégoire (Literatur) an op Luxroots.com. De Spedener schreift : 18.12.1833 (Drockfeeler), beim van der Vekene steet e komplett falschen Datum: 26.IX.1833. Op Geneanet.org gëtt den Datum vum Akt mam Datum vun der Gebuert verwiesselt [gekuckt: 03.01.2022].
  2. Quell wou net anescht uginn: Friedrich 1981.
  3. Grégoire 1966, S. 197s.
  4. Grégoire 1966, S. 179.
  5. Follgender Notiz vun der franséischer Nationalbibliothéik no, ass déi Zäitschrëft ufanks op Däitsch an dono op Franséisch erauskomm: [1] «Journal für Landwirtschaft, Industrie und Handel : Organ des landwirtschaftlichen Vereins des Landkreises Metz ["puis" … des landwirtschaftlichen Vereins Metz und des Elsass-Lothringischen Winzerverbandes]. N° 1 (1er janv. 1884)-n° 23/24 (1/15 déc. 1886). 4. Jg., n° 1/3 (15 janv./15 févr. 1887)-n° 10 (1er juin 1887). Devenu : "Journal agricole d'Alsace-Lorraine : organe du Comice agricole de Metz et de l'Union vinicole d'Alsace-Lorraine". 4e année, n° 11 (18 juin 1887)-6e année, n° 25 (22 déc. 1889). Devenu : "Journal agricole de Metz : organe du Comice agricole des arrondissements de Metz-ville et campagne : publication spéciale de propagande pour les intérêts agricoles, viticoles et horticoles du pays". 7e année, n° 1 (9 janv. 1890)-17e année, n° 12 (29 juin 1900)».
  6. Marc Jeck, Les débuts du tourisme au Grand-Duché de Luxembourg. Au temps où le Luxembourg était à 6 heures 30 de Paris, Articulo – Journal of Urban Research, 2008.
  7. Spedener 1937, van der Vekene 1975; laut Geneanet.org wier dat den 21. Februar 1872 gewiescht (gekuckt: 03.01.2022), wat net stëmme kann, wann hie laut dem Blum am Joer 1884 nach de Journal agricole d'Alsace -Lorraine.
  8. Archives départementales de la Moselle Archivéiert op 2022-01-03. Gekuckt de(n) 2022-01-03.