Francesco Maria Grimaldi

italieeneschen Theolog, Physiker, Mathematiker an Astronom

De Francesco Maria Grimaldi, gebuer den 2. Abrëll 1618 zu Bologna a gestuerwen den 28. Dezember 1663 och do, war en italieeneschen Theolog, Physiker, Mathematiker an Astronom.

Francesco Maria Grimaldi
Gebuer 2. Abrëll 1618
Bologna
Gestuerwen 28. Dezember 1663
Bologna
Educatioun Universitéit vu Bologna
Aktivitéit Physiker, Mathematiker, Astronom, kathoulesche Priister

Am Joer 1632 ass de Grimaldi bei Jesuitte gaangen. Hien huet 1647 an Theologie promovéiert a gouf 1651 zum Paschtouer geweit. Hien huet um Jesuittekolléisch zu Bologna Coursë ginn.

Physiker änneren

De Grimaldi huet verschidde Faarwen, déi bei der Liichduerchbriechung duerch e Prisma entstinn, observéiert. Hien huet och d'Verhale vum Liicht an enger Spléck ënnersicht an huet de Begrëff Diffraktioun geformt. Hien huet och d'Phenomeen vun der Interferenz observéiert a beschriwwen. Seng grondleeënd Aarbechte an der Optik un d'Basis fir méi genee Analyse geluecht, déi e Strapp méi spéit vu Physiker wéi dem Isaac Newton, Christiaan Huygens, Thomas Young oder Augustin Jean Fresnel gemaach goufen an déi dem Grimaldi seng Hypotheese bestätegt hunn a schlussendlech theoreetesch erkläre konnten.

Astronom änneren

De Grimaldi huet sech och mat der Selenographie beschäftegt. No Observatioune mam Teleskop huet hie probéiert, méiglechst genee Moundkaarten ze zeechnen. 1651 huet säi Pedagog Giovanni Riccioli eng vu senge Moundkaarte am méibännege Wierk Almagestum novum astronomiam veterem novamque complectens observationibus aliorum et propriis novisque theorematibus, problematibus ac tabulis promotam publizéiert. Dës Moundkaart ass ënner anerem dofir sou bemierkenswäert, well d'Moundstrukturen Nimm kruten, déi gréisstendeels nach haut unerkannt sinn. Sou goufe markant Punkte um Mound no berüümten Astronomen, Wëssenschaftler a Philosophen genannt, déi hell Beräicher goufen als Terrae (Plural vum latäin. terra, „Land“), déi donkel Beräicher (an der Meenung et wier Waasser) als Maria (Plural vum latäin. mare, „Mier“) bezeechent. Allerdéngs war dem Grimaldi seng Moundkaart net sou genee an detailléiert wéi déi an der Selenographia sive Lunae Descriptio, déi 1647 vum Johannes Hevelius publizéiert gouf.

Nom Grimaldi genannt änneren

Zu Éiere vum Francesco M. Grimaldi goufen zwou Äerdmoundstrukturen no him genannt:

  • de Grimaldi-Krater, mat de Koordinaten 5° 30' Süd / 68° 18' West an engem mëttleren Duerchmiesser vun 172 km; e gouf 1935 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) sou genannt;
  • d'Moundrill (Grimaldi-Rill / Rimae Grimaldi) mat de Koordinaten 9° 00' Süd / 64° 00' West an engem mëttleren Duerchmiesser vun 230 km; e gouf 1964 vun der IAU sou genannt. (Krater a Rill leien nieweneneen).

Publikatioun (Auswiel) änneren

  • Physicomathesis de lumine, coloribus, et iride, aliisque annexis, Bologna 1665

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie