Museksinstrument
![]() |
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Museksinstrument ass e Géigestand fir Musek ze maachen, deen, duerch d'Awierke vun deem deen drop spillt, ganz oder deelweis vibréiert a sou d'Loft ronderëm sech a Schwéngunge versetzt, dës Schwéngunge ginn dann als Geräisch oder Toun erfaasst.
Klassifizéierung vun de MuseksintrumenterÄnneren
Eng méiglech Andeelung vun de Museksintrumenter riicht sech no der Aart a Weis wéi den Toun entsteet. Sou kann een dann ënnerscheeden:
- Chordophone (Säiteninstrumenter): gespaante Säite ginn zum Schwénge bruecht, z. B. Gei, Gittar
- Aerophone: e Loftstroum léisst d'Instrument erkléngen, z. B. all Blosinstrumenter awer och den Akkordeon.
- Idiophone: dës Instrumenter vibréieren an hirer Gesamtheet, meeschtens well s'un- oder géintenee geschloe ginn, z. B. Holzblock, Klackespill, Klibber
- Membranophone: dës Instrumenter hunn eng Membran (e "Fell") déi schwéngt, z. B. well drop geschloe gouf, z. B. Tromm
- Elektrophone sinn elektronesch Instrumenter, déi un en Hautparleur ugeschloss sinn an duerch dee sinn hir Téin ze héieren, z. B. Syntheziser
- Aetherophon, en elektronescht Instrument dat ouni Kontakt gespillt gëtt.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Museksinstrumenter – Biller, Videoen oder Audiodateien |