Basalt ass e basescht (SiO2-aarmt) Gestengs vu vulkaneschen Originnen. Et besteet virun allem aus enger Mëschung vun Eisen- a Magnesium-Silikater mat Pyroxen a kalziumräichem Feldspat, a meeschtens och mat Olivin. Basalt ass de vulkaneschen Equivalent vum Gabbro (Plutonit), deen déi nämmlecht cheemesch Kompositioun huet.

E Basalt-Steen
Saile-Basalt (Sheepeater Cliff, Yellowstone-Nationalpark)
Sechseckeg Musteren entstinn, wann d'Lava lues ofkillt.

En entsteet, wann dënnflëssegt, kiselsaieraarmt Magma op der Äerduewerfläch erauskënnt a sech dann zu Basaltlava ofkillt. Basalt ass gewéinlech donkelgro bis schwaarz.

Zwéi Facteure bestëmmen, wéi Basalt ausgesäit, nodeem en haart ginn ass: Killt d'Lava séier of, gëtt et en zesummenhängende Steekoup a Form vun, jee no Temperatur a Gasgehalt, Pahoehoe-Lava oder Aa-Lava. Killt s'awer méi lues of, entstinn, well sech d'Matière zesummenzitt, meterlaang eckeg Basaltsailen (Sailebasalt) senkrecht zu der Fläch, wou en ofkillt. Déi Sailen hu meeschtens e sechseckege Quierschnëtt.

Basalt ass dat Gestengs dat am meeschten op der Äerd verbreet ass. Bal all d'Biedem vun den déiwen Ozeaner sinn aus Basalt, iwwer deem dann eng Couche Sedimentgestengs ass. Um Festland kënnt e bei tektonesche Schwaachzone vir.

An der Géigend vu Lëtzebuerg ass et virun allem an de Vulkanäifel, wou ee Basalt fënnt; d'Uertschaft Mendig z. B. ass zum Deel aus Basaltsteng gebaut, an et goufen do joerhonnertelaang Millesteng aus Basalt fabrizéiert.

Um Spaweck

änneren
Commons: Basalt – Biller, Videoen oder Audiodateien