Olympesch Summerspiller 1924

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller vun 1924 oder och Spiller vun der VIII. Olympiad waren zu Paräis.

Spiller vun der VIII. Olympiad
Olympesch Summerspiller
Motto Méi séier, méi héich, méi staark
Land Frankräich
Ufanksdatum 4. Mee 1924
Schlussdatum 27. Juli 1924
opgemaach vum/vun der Gaston Doumergue
Olympeschen Eed Géo André
Kompetitiounen 126 a 17 Sportaarten
Ekippen 44
Athleeten 3.088
Spiller virdrun Olympesch Summerspiller 1920
Spiller duerno Olympesch Summerspiller 1928
Um Spaweck https://olympics.com/en/olympic-games/paris-1924

Paräis huet domat fir déi zweet Kéier d'Olympesch Spiller vun der Neizäit organiséiert.

Organisatioun änneren

  • D'olympesch Devise: Citius, Altius, Fortius, (Méi séier, méi héich, méi staark) gouf 1924 zu Paräis agefouert grad sou d'Gewunnecht fir déi dräi Fändele bei der Schlusszeremonie eropzezéien an zwar dee vum CIO, dee vum Land wou Spiller sinn an dee vum Land wou d'Spiller déi nächste Kéier sinn.
  • Stied, déi Kandidat ware fir 1924: Amsterdam, Barcelona, Los Angeles, Prag a Roum.
  • Däitschland war vun den Olympesche Spiller 1924 vum CIO ausgeschloss ginn.
  • Et goufe gebaut:
    • De Stade de Colombes, 60.000 Plazen, dovun 20.000 Sëtzplazen.
    • D'Piscine des Tourelles, den éischte 50 m Baseng, an deem d'Linnen duerch Seeler mat Korkestëpp ofgedeelt waren.
    • En olympescht Duerf zu Colombes, dat éischt iwwerhaapt.

Lëtzebuerger Participanten änneren

Zënter 1900 war et déi 4. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Olympesch Summerspiller 1924 – Biller, Videoen oder Audiodateien