De Sendemast vun Housen ass een 300 Meter héijen Antennemast dee vum Broadcasting Center Europe (RTL Group) bedriwwe gëtt.

E gëtt gebraucht fir Televisiounssendendungen a Radiosemissiounen op UKW-Frequenz.

Et ass e stole Mast deen aus ronne Réier zesummegesat ass, mat engem Duerchmiesser op Buedemhéicht vun 2 Meter. De Mast ass am Dräieck mat all Kéier 5 Seeler, déi op 5 Sektiounen an der Héicht verdeelt sinn, ofgespaant.

E steet am Oste vun Housen op enger Kopp, um Flouer Banert, op enger Héicht vu 522 Meter.

Mat 300 Meter ass et dat héchst Bauwierk vu Lëtzebuerg.

Um Spaweck änneren

 
De Sender vun Housen aus gesinn
 
Detail vun der Spëtz