Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Koiluoto

 
Geographie
Land Finnland
Russland
Läit an/am Bucht vu Virolahti
Koordinaten: 60° 30’ 20’’ N
      27° 46’ 20’’ O
Fläch 3 Hektar
Héicht 3 Meter
Verwaltung
Verwaltungseenheet Kymenlaakso (finneschen Deel)
Oblast Leningrad (russeschen Deel)
Demographie


Koiluoto (op Russesch: Койлуото), ass eng kleng onbewunnt international Insel, déi op der Grenz vu Finnland mat Russland läit. Se huet eng Fläch vun 3 Hektar a läit an der Bucht vu Virolahti vum Finnesche Golf am Baltesche Mier.

Hire gréissten Deel, ronn 70 %, gehéiert zu Finnland, méi prezis zur Gemeng Virolahti an der Provënz Kymenlaakso, dee klengsten, ëstlechen Deel ass russesch, a läit an der Landgemeng Selesnjowo am Distrikt Wyborg vum Oblast Leningrad.

De gréissten Deel ass vu Bësch bedeckt an d'Küste si stengeg. Zwéin Hiwwelen, déi am finneschen Deel leien, sinn 2,9 an 3,1 Meter héich.

D'Insel ass zou fir Visiteuren, sou wéi aner Gebidder op der russescher Grenz.

Koiluoto ass eng vun de klengste Mieresinsele vun deenen Inselen déi zu méi wéi zu engem Land gehéieren. Offiziell gëtt d'schwedesch-finnesch Insel Märket am Baltesche Mier als déi klengst vun den internationale Mieresinselen ugesi mat bal der selwechter Fläch, och 3 Hektar.

E Fiels mat enger wäisser Markéierung am finneschen Deel vun der Insel

Um Spaweck änneren

Commons: Koiluoto – Biller, Videoen oder Audiodateien