Teneriffa, spuen. Tenerife, ass déi gréisst vun de Kanareschen Inselen a gehéiert zu Spuenien. D'Insel ass ronn 80 Kilometer laang a bis zu 50 Kilometer breet, si huet eng Fläch vun 2034,38 Quadratkilometer. Op hir liewen 906.854 Awunner. Teneriffa läit an der Provënz Santa Cruz de Tenerife an d'Haaptstad ass Santa Cruz de Tenerife.

Plang a Lag vun der Insel
Vue vun uewen aus Westnordwest

Geographie

änneren

Teneriffa ass (wéi och déi aner Kanaresch Inselen) eng Vulkaninsel, déi viru ronn zwielef Millioune Joer bei engem Hot Spot am Äerdmantel entstanen ass. Am Zentrum vun der Insel ass eng 12 op 17 Kilometer grouss Caldera déi Las Cañadas genannt gëtt, an där den héchste Bierg vu Spuenien, den 3.718 Meter héije Pico del Teide steet. D'Insel ass vulkanesch aktiv. Tëscht dem Teide-Massiv an den Teno-Bierger gouf et zulescht 1706, 1798 an 1909 Eruptiounen.

Flora a Fauna

änneren
 
Eidechse ronderëm den Teide

Et gëtt eng villfälteg Vegetatioun, wourënner e puer (endeemesch) Aarten, wéi d'Kanaresch Kifer (Pinus canariensis), d'Euphorbia canariensis an de Kanareschen Draachebam (Dracaena draco). Soss gëtt et Planzen, déi et och an Afrika oder Amerika gëtt, wéi d'Strelitzia oder d'Schwéiermammszongen.

Et gëtt relativ wéineg Mamendéieren, déi Europäesch Wëllkaz kënnt um Teide vir, an et gëttKanéngercher, déi ausgewëldert goufen. Vullenaarte gëtt et der vill, och do e puer, déi et just op Teneriffa gëtt, wéi den Teydefank oder déi wëll Form vun de Kanarievullen, de Kanaregirlitz. Och bei den Eidechsen an de Päiperleke gëtt et endeemesch Aarten.

Geschicht

änneren

Wéi och op den anere Knareschen Inselen hunn op Teneriffa ursprénglech Guanche gelieft. 1495 hunn d'Spuenier d'Inselen eruewert. An de Joerzéngten a Joerhonnerten duerno krut Teneriffa eng wichteg strateegesch Roll fir de Schëffsverkéier tëscht Europa an den amerikanesche Kolonien. D'Englänner hu 1657, 1706 a 1797 probéiert, d'Inselen dofir z'erueweren, mä hate kee Succès domat.

1822 gouf Santa Cruz de Tenerife d'Haaptstad vum kanareschen Archipel a blouf dat bis haut.

1936 huet de Generol Franco vun Teneriffa aus säi Putsch géint d'Republik lancéiert. Teneriffa blouf vum Spuenesche Biergerkrich verschount, ass awer an de Joerzéngten duerno an der Franco-Diktatur wirtschaftlech isoléiert bliwwen. Dat eenzegt, wat exportéiert gouf, ware Banannen. Eréischt mat der Demokratiséierung, Enn vun den 1970er Joren, kruten Teneriffa an déi aner Kanaresch Insele méi Autonomie. 1982 goufe s'eng Autonom Regioun.

De 27. Mäerz 1977 sinn um Fluchhafe „Los Rodeos“ zwéin Jumbo-Jette vu KLM a PanAm aneneegeknuppt. D'Flijerkatastroph vun Teneriffa ass bis haut mat 583 Doudegen de gréissten Accident an der Geschicht vun der Aeronautik.

Ekonomesch spillt haut, nieft der Landwirtschaft, den Tourismus eng wichteg Roll. D'Auswierkunge vun der Immobiliekris 2007/2008 si bis haut ze gesinn an ze spieren.

Op Teneriffa ass de Sëtz vum Instituto de Astrofísica de Canarias, engem astrophysikalesche Fuerschungsinstitut, dat e puer Observatoirë bedreift, dorënner, op der Insel selwer, op 2.400 m Héicht, den Observatorio del Teide, deen zum Europäeschen Nordobservatoire gehéiert.

Kuckeswäerte (Auswiel)

änneren
 
Teide, den hellege Bierg vun de Guanchen
 
Los Roques de García (hei: Roque Cinchado, "stengene Bam")

Um Spaweck

änneren
Commons: Teneriffa – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Teneriffa – Biller, Videoen oder Audiodateien