D'Fooschtbaach ass eng kleng belsch-lëtzebuergesch Baach an der Gemeng Ëlwen an an der Provënz Lëtzebuerg.

D'Quellgebitt vun der Fooschtbaach

Se huet hir Quell am Nordoste vu Beesslek um Flouer Helven nieft dem CR337 op enger Héicht vu ronn 490 Meter. Vun do leeft se a Richtung Nordwesten, eng Zäit laang parallel mat der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Gouvy, fir tëscht de Gossemaarken LB 281 an LB 282 an d'Belsch ze lafen.

Eng ronn 1.500 Meter duerno leeft se dann net wäit vum fréieren Y vun den Eisebunnsstrecken Rivage-Gouvy a Libramont-Sankt Vith, an d'Ourthe orientale.

Et ass domat zu Lëtzebuerg nieft der Kuer an hiren Niewebaachen eng vun den eenzege Baachen déi zum Meusebaseng gehéiert.

D'Quellgebitt vun der Fooschtbaach stellt e Fiichtgebitt mat enger grousser Biodiversitéit duer, dat zum Natura-2000-Vulleschutzgebitt “Vallée de la Woltz et affluents de la source à Troisvierges” (LU0002001) gehéiert.[1] 2019 gouf zousätzlech d'Naturschutzgebitt Hautbellain-Fooschtbaach gesetzlech festgeluecht.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Weber, Gilles, 2012. Fooschtbaach: une zone humide restaurée. Regulus 4/2012, S. 6-9.